Äddi Trauma

Panikattacken, Schlofproblemer, Depressiounen, Trauer. Alles dat, hunn ech erlieft an eng Method fonnt, déi dogéint hëlleft. Den Doud vu menger Mamm huet mech an en Lach katapultéiert, wou ech duecht ni méi erauszekommen. D’Traumatherapie EMDR huet mir gehollef.

Jidderee kennt dat Gefill, eng Situatioun ze erliewen, wou een denkt, ni driwwer ewech ze kommen. Sou eng rezent Situatioun bei mir ass definitiv den Doud vu menger Mamm. Och wann ech virdru scho mat Depressioun, Burn out, Panikattacken a Schlofproblemer ze kämpfen hat. Ass Trauer nach eppes aneres. An Antidepressiva ass just en Plooschter op der Wonn, mee d’Wonn kann nik heelen. Beim Verloscht vun enger Persoun déi engem no stoung, wäert d’Wonn och ni richteg heele kënnen. Wéi soll déi Wonn och ganz heelen? Ma d’Trauer kann ewer wéinstens erdrobar ginn. Durch dës Therapie ginn ech haut, dräi Joer nom plëtzlechen Doud vu menger Mamm op alle Fall besser mat der Péng eens.

EMDR steet fir: Eye Movement Desensitization and Reprocessing. Des Method gouf Enn den 80ger Jore vun der Psychologin Francine Shapiro erfonnt. Et ass eng relativ nei Method vun der Traumatherapie.

Diplompsychologin a Psychotherapeutin Lizzie Seven bitt des Therapie vun Traumabehandlung um Mamerhaff un. Mee wat ass iwwerhaapt en Trauma?

„De Mënsch besetzt di natierlech Fäegkeet belaaschtend Momenter ze verschaffen. Wann d’Situatioun awer ze schlëmm ass, leit d’Persoun dono un enger déiwer psychescher Verletzung. De Kierper kritt dat wat geschitt ass net verschafft an et bléift eng Traumafolgestéirung“, erkläert d’Lizzie Seven, wat op eng Zertifizéierung vum Institut vum Francine Shapiro an zousätzleche Verdéiwunge mam Hélène Delucci, zréckgräife kann.

Als éischt gëtt un Hand vun engem Behandlunsgplang dat traumatescht Erliefnis punkto Intensitéit vun den Emotiounen a Kierperleche Leiden analyséiert a festgehalen.

Wärend der Behandlung setzt den Therapeut an de Patient sech géigeniwwer. Entweder kuckt de Patient op dem Therapeut säi Fanger dee viru sengen Aen hin an hier geet oder den Therapeut tippt ofwiesselnd mat de Fanger op dem Patient seng Knéien. Ganz nei si Kopfhörer wou een e Piep héiert, dat och ofwiesselnd op all Ouer. No enger hallwer Minutt gëtt gestoppt an den Therapeut freet de Patient wei en sech fillt, ob Biller, en Geroch, Kierperlech Symptomer oder Gefiller héichkomm sinn. Dëse Virgank gëtt puermol widderholl.

Bei der EMDR-Method ginn déi zwou Halschechte vum Gehir ugereegt, dat beschleunegt d’Veraarbechtung vum Trauma. Fuerscher ginn nämlech dovun aus, dass am Dram d’Erënnerunge vir d’éischt zortéiert ginn an dono am Laangzäitgedächtnis gespäichert ginn. Bei der EMDR ginn d’Aenbeweegungen déi mir wärend der REM-Phase vum Schlof maachen, nogemaach. Doduerch ginn déi eegen Heelungsmechanismen aktivéiert.

No der Sëtzung gëtt par Rapport zum Behandlungsplang gekuckt, wei schlëmm d’Symptomer nach sinn.

“Eenzel Traumae sinn no puer Sëtzungen däitlech besser, wann en Trauma awer komplex ass, dat heescht schonn am Bauch vun der Mamm eng Traumatiséirung stattfonnt huet. Oder wann d’Bindung zu den Elteren net gesond ass, kann d’Behandlung bis zu puer Joer daueren”, stellt d’Lizzie fest.

Matt EMDR sollt een sech nëmme vun engem geschoulte Psychiater oder Psychologe behandele loossen. Et ass och wichteg, dass een sech bei dëser Persoun wuel fillt.

D’Sëtzunge sinn intensiv an et fillt een déi séilesch Péng, mee et léist een de Schmäerz och eraus. Ech hat d’Impressioun, dass wann ech dat wat ech sou intensiv fillen dono un Power verléiert.

D’Emotiounen, d’Angscht, Trauer an sou weider kënnen no de Sëtzunge méi schlëmm ginn, éier et besser gëtt. Wann ech eng Sëtzung mat vill Angscht hat, hat ech Deeg dono och nach déi Angscht, deelweis méi intensiv, ech hat och mol Albdreem dono, éier et dono ewer besser gouf.

Wärend de Sëtzunge kommen och Biller, Geröch oder Gedanken héich. Doduerch gëtt engem bewosst, wéi eng Situatiounen zesummenhänken. Heiansdo mengt een dass eng bestëmmte Situatioun d’Ursaach ass an duerch d’EMDR mierkt een dann, dass et eppes komplett aneres ass.

Ech géif léie wann ech soen, dass d’Sëtzungen einfach sinn. Et geet een deelweis duerch d’Hell.

Mee et gëtt een ëmmer opgefaange vum Psychotherapeut oder Psychiater. Dat ganzt lount sech ewer, well dono geet et engem fir ëmmer vill vill besser. Ech hunn Joren Antidrepressiva geholl an huelen zanter der EMDR guer näischt méi.

 

Mady Lutgen

 

 


Mady Lutgen

Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

Schreiw dech an fir d'Newsletter / Get the newsletter

Join our mailing list to receive the latest news and updates from me.

You have Successfully Subscribed!