Äddi Speck

De Summer ass endlech do a wien dreemt nik vun enger Bikinifigur ganz ouni vill Regime oder Sport? D’Palper rouler Methode an d’Maderothérapie sollen hei richteg Wonner vollbréngen.

Dat kléngt ze schéi fir wouer ze sinn oder? Ze fanne sinn dës Wonnermëttel am Institut L’Orient zu Mamer. Ech wëll testen ob dës Massagë wierklech effikass sinn an hunn RV mam Nadia Boubekeur, wat zesumme mam Tanja Rätsch den Institut féiert. Si si spezialiséiert op all Zort vu Mannicüren, Massagen an Amaigrissement.

D’Nadia erkläert mir, dass et sech beim Palper Rouler em eng ganz speziell Methode handelt.

Hei gëtt d’Fett mat engem extraen Handgrëff masséiert, ergänzt gëtt d’Methode mat der Maderothérapie. Virun der Massage gëtt déi betreffend Platz mat Ueleg amasséiert, fir dassen d’Methoden besser gräifen. D’Maderothérapie si Rouleauen aus Holz, mat där hatt iwwert d’Fett fiert. D’Waasser vun de Fettzelle gëtt befreit an sou kann d’Fett mat ausgespullt ginn.

No der Behandlung soll een sech beweegen a vill drénke fir dass Fettzellen aus dem Kierper kënne fléissen. D’Nadia warnt mech vir, dass déi ganz Prozedur wäert wéi doen.

Hatt fänkt mat de Been un, et ass onangeneem mee de Wéi ass ewer ze packen. Dono kënnt de Bauch drun, a well ech hei manner Muskelen hunn wéi an de Been, deet et wierklech wéi. Déi meescht Leit komme wéinst dem Speck un de Been, Hënner, Bauch a Réck.

 “Et gi Leit déi jäize vu Péng, mee wann de Kierper sech bis un d’Massage gewinnt huet, deet et ëmmer manner wéi”, erzielt d’Nadia.

No dem Bauch fiert hatt mam Réck weider, dat geet ouni Problem. De Wéi ass wéi beim Tätowéieren, mat der Zäit packt een et besser. All weider Seance wäert et ëmmer manner wéi doen.

D’Nadia wiesselt tëscht den Hänn an de Rouleauen of. Ech si frou wann et fäerdeg ass, well et wierklech onangeneem ass.

“Dës Methode wierken och bei Leit déi keng Diät oder Sport maachen, well mir direkt un de Fettzelle schaffen “, sou d’Nadia. Ideal och fir lästeg Cellulite lasszeginn.

No der Seance ginn ech trëppelen an drénke vill Waasser. Den Dag drop spieren déi beaarbecht Platzen sech un, wéi wann ech Muskelkater hätt. Ech mierken en puer Deeg dono, dass meng Been effektiv méi stramm sinn an och de Speck um Bauch schéngt en klenge Lifting kritt ze hunn.

Ech hätt am Ufank nik geduecht, dass dat eppes brénge géif. Hei gëllt wierklech de Motto: “Wien schéi si wëll, muss leiden”. Well wéi gesot, d’Behandlung ass keen Zockerschlecken.

“Fir en gutt Ergebnis ze erzielen, sollt een all Woch eng Seance aplangen. Wann ee wierklech un de Speck eru wëll”, erzielt Tanja, wat och scho mol op d’Palper rouler Methode an d’Maderothérapie zréckgegraff huet.

Sidd dir lo virwëtzeg ginn? Dann test dës Methoden onbedéngt, dir wäert genau sou begeeschtert dovu sinn, ewéi ech. D’Tanja an d’Nadia freeën sech op iech.

 

Mady Lutgen

Fotoen: Sophie Margue


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply