Akzeptéier dech

Säit en puer Joer probéieren ech mech sou ze akzeptéiere wéi ech sinn, wat ewer nik ëmmer einfach ass. Schonn als Kand war ech mockeleg, sportlech mee mockeleg. Ech hunn Basket gespillt a geturnt. Am Turnen hunn ech souguer ëmmer zu deene Beschte gehéiert. Mee fir déi aner war ech ni einfach en Meedche wat gutt turnt, ech war dat “Mockelegt” wat gutt turnt. An vun deem Moment un wousst ech dass “Mockeleg sinn” wuel eppes Schlechtes bedeit…

Ech si gemobbt ginn, am Lycée war et ganz schlëmm. Ech hunn opgehale mat iesse well ech et nik méi ausgehalen hunn. Ech hunn dunn ofgeholl bis ech akzeptéiert war. Ech hunn Jore bal näischt giess well ech gefaart hunn erëm zouzehuelen. Vun 16 bis 22 Joer hat ech Gréisst 36-38 an ech hunn mech ewer nach ze déck gefillt. Alles huet sech ëmmer nëmmen dorëms gedréint, em nik déck sinn, em näischt iesse fir nëmmen nik déck ze ginn.

Firwat hunn mir eigentlech sou en Problem mam déck sinn? Heescht déck sinn automatesch dass ee krank ass? Dass ee keng Disziplin huet? Dass een ellen ass? A wien seet dat? A firwat kritt ee Komplimenter wann een ofhëlt mee keng wann een zouhëlt och wann ee souguer dono besser ausgesäit?

Bei eis an der Famill sinn der vill korpulent an ech denken et huet halt einfach mat de Genen ze dinn. Meng Mamm huet 10 Kilo zougeholl wéi si mam Häerz operéiert gouf duerch de Kortison an dat war fir si ee risege Problem, kuerz éier si gestuerwen ass, well och si huet hiert ganzt Liewe gekämpft fir dënn ze sinn. Ass dat nik traureg dass d’Gewiicht souguer an sou Situatiounen eng Roll spillt…

Wéi ech bei RTL ugefaangen hunn ass meng Onsécherheet méi grouss ginn, ech hunn mech ëmmer mat jidderengem vun de Presentatricë verglach. Ech krut och do oft gesot en puer Kilo manner géifen dir gutt doen an ech hunn nach manner giess an trotzdeem war ech ni dënn genuch. A mengem Frëndeskrees hat ech ëmmer erëm Frëndinne mat Magersucht oder Bulimie. Thema Nummer eent war iwwerall: Haaptsaach “dënn sinn”.

Ech hat eppes mat Männer déi wuel de Sex mat Mockelege gutt fonnt hunn, mee nik mat mir wollten zesumme sinn, well wat géifen d’Leit dann dozou soen? Jo ma wat géifen d’Leit dann dozou soen? Firwat ass et eis sou wichteg wat aner Leit soen? Wier et de Leit nik schäissegal wann et eis och schäissegal wier? A firwat kënne mir eis nik einfach an ee Mënsch verléiwen, an nik an en dënnen oder décke Mënsch.

Viru 6 Joer hunn ech 20 Kilo ofgeholl. Endlech war ech rem an der Kategorie: Akzeptanz vun der Gesellschaft. Ech hunn mech ewer trotzdeem nach ëmmer eidel an ze déck gefillt. Iergendwann hunn ech mir gesot :

Ma Merde, ech wëll nik andauernd just leiden, andauernd just no mengem Gewiicht kucken, mech duerch mäin Gewiicht definéiere loossen, a mäin Liewen doduerch nik genéisse kënnen”.

Ech hunn ugefaange mech sou ze akzeptéiere wéi ech sinn. Ech hunn ganz normal giess an hunn schwuppsdiwupps déi 20 Kilo erëm zougeholl. A mengem Frëndeskrees krut ech Bemierkungen an ech gouf kritiséiert. Kritiséiert fir einfach normal ziessen. Vläicht kannst du jo iesse wats du wëlls ouni zouzehuelen, ma et gi Mënschen déi zouhuelen nëmme wann se eng Pizza kucken. Sou Mënsche wéi ech missten hiert ganzt Liewen op Diät si fir dënn ze sinn. An ech wëll éierlech gesot mäi Liewe léiwer genéisse wéi mir andauernd just Gedanken ëm mäin Gewiicht ze maachen.

Dat heescht nik dass ech dofir sinn dass een sech ongesond ernäert a sech nik beweegt an doduerch richteg krank gëtt. Ech ginn all Dag eng Stonn trëppelen oder lafen, ech beweege mech gär an ech kache mir gesond. Mee ech gënne mir och mol eng Pizza mat engem Glas Wäin a meng Wäerter beim Dokter si gutt. Ech si frou mat mir sou wéi ech sinn. Dann mengt ee jidderee misst een sou huele wéi een ass. Einfach als Ganzt.

Ma dat ass ewer leider nik sou. Ech kreie Komplimenter gemaach wéi: “Bass du en Plussizemodel? Du hues ewer en schéint Gesiicht oder fir en Mockelegt bass du ewer schéin”. An Deeg wou ech richteg gutt ausgesinn, ginn ech gefrot ob ech ofgeholl hunn. Dass et vläicht einfach doru läit, dass ech frou sinn, dorop kënnt keen.

Ech krut virun en puer Deeg eng Bemierkung vun engem Frënd gemaach, hie sot dass Männer a Fraen sech nik a Mënsche kënne verléiwen déi déck si well d’Natur déck Leit nik virgesinn hätt. Dat huet mech un d’Iwwerleeë bruecht an och erëm un d’Zweiwelen. Zack hunn ech mech erëm nik gutt genuch gefillt an ech hunn souguer dowéinst gekrasch…

Mee heiansdo Zweiwel hunn gehéiert wuel och zum Mënsch sinn dozou an et gi weider Leit déi sou denken an et gi Leit déi sech all Dag quäle fir enger Norm ze entspriechen am Platz einfach glécklech ze sinn. Gott säi Dank hunn ech haut mat en puer anere Männer geschwat, déi mir verséchert hunn, dass och méi ronn Fraen attraktiv kënne sinn an dass si zu hirer ronner Fra géife stoen, sou dass et nach Hoffnung gëtt, dass et Mënsche ginn déi de Mënsch mat allem kucken an nik nëmmen d’Kiloen.

Ech sinn der Meenung dass d’Natur virgesäit dass et eng Villfalt gëtt. An genau dat ass jo schéin, dass mir alleguerten anescht sinn, wat wier dat soss och langweileg. Et wier just schéi wann mir géifen ophalen a Boxen ze denken a mir eis am Ganze géinge gesinn an nik nëmmen als déck oder dënn, grouss oder kleng, wäiss oder schwaarz.

Mir sinn dach all vill méi wéi just eng Kleedergréisst!

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply