Balkan-Vibes

De Balkan ass wahrscheinlech net déi alleréischte Plaz un déi een denkt, wann een ufänkt eng Vakanz ze plangen. Kroatien, jo – ma a Montenegro a Co. fueren dach eigentlech just Leit, déi nach Famill an Ex-Jugoslawien hunn. Falsch! Well grad déi Regiounen, déi den Ament nach net vum Tourismus iwwerrannt ginn (an dat wäert nach kommen, gleeft mir), sinn déi déi onbedéngt op eng Travel Bucket List gehéieren. Virun allem Bosnien an Herzegowina ass en total ënnerschate Bijou, ma och Montenegro huet esou munch schéinen Eck ze bidden. Eng gutt Woch geet duer fir en éischte Schnuppertour duerch den ëstlechen Deel vun Europa ze maachen. Starte kann een entweder direkt vu Lëtzebuerg aus, oder – an dat ass déi méi bëlleg Variant – iwwer Stroossbuerg, direction Dubrovnik. Obwuel Kroatien just e winzegen Deel vun der Rees anhëlt (einfach, well et en anere Budget fuerdert), ass et net vu Muttwëll déi berühmt Stad, déi vill vun iech sécher als King’s Landing aus Game of Thrones kennen, ze besichen.

Ee bis maximal zwee Deeg ginn duer, fir déi zwee Kilometer laang Mauere ronderëm den alen Zentrum ze gesinn, duerch déi kleng Gässelcher op der Sich no Serien-Dréiplazen ze spadséieren, de mega speziellen Aquarium mat eenheemesche Fësch ze bestaunen, mam Cable Car erop op de Bierg ze tuckeren an am Sonnenënnergang mam Kayak laanscht d’Fielsmaueren ze paddelen. Ma opgepasst: wien den Tour mam Auto mécht, dee soll am Viraus nom bëllegste Parking an der Ëmgéigend sichen, well Dubrovnik ass just zu Fouss zougänglech a bei de Präisser vun de Sous-terrains muss een heiansdo ferm schlécken. Insider-Tipp: wann et net muss sinn da schleeft net är ganz Valiss mat – déi meescht kleng Hoteller an AirBnBs leien an den Trape vun der Alstad a bei 40 Grad am Schied wëll een do definitiv näischt Schwéieres eropschleefen, gleeft mir. Aplange kann een den Tëschestopp a Kroatien entweder direkt am Ufank oder zum Schluss vun der Rees, jee nodeem wéini de Vol geet.

Vun Dubrovnik aus geet et weider iwwer d’Grenz a Bosnien eran, Richtung Mostar. Hei soll een – wéi generell wärend dem Trip – genuch Zäit fir de Passage vun engem Land an dat nächst aplangen, well obwuel all d’Länner aus dem Balkan potenziell EU-Kandidate sinn, sinn d’Kontrollen hei nach ëmmer extrem strikt. Dofir gëllt och: de Pass net vergiessen! Zu Mostar ass en absolut Hotelgoldstéck d’Villa Anri. Ultra knuffeg a mat vill Léift ageriicht, sinn déi faarweg Zëmmeren net nëmmen optesch immens schéin, mee d’Gebai läit och nach direkt nieft dem Zentrum an huet eng Daachterrass mat Bléck iwwer d’ganz Alstad. Des ass dann och en absolut Highlight vun der Rees. Virun allem de faméise Stari Most ass the place to be, wann een déi jonk Männer well beobachte wéi se mat oder ouni Salto vun der aler Bréck erof an de Neretva Floss sprangen. Ma och d’Geschicht vun der Stad ass interessant a spiert een an allen Ecken, well nach laang nom Biergerkrich huet Bosnien nach vill mat Gewalt ze kämpfe gehat an d’Spure vun de Konflikter sinn iwwerall ze gesinn.

De nächsten Dag gëtt méi actionräich. Éischte Stopp sinn d’Kravice Waasserfäll. Manner bekannt wéi déi kroatesch Plitvicer Séier, steet d’Oase a Bosnien sengen Noperen awer a näischt no. Hei kann ee bei d’Waasserfäll schwammen, mam Boot fueren oder sech eng Fig vun de Beem ronderëm plécken an d’Vue genéissen. No e puer Stonne Badespaß geet et da weider am Programm. Opgepasst, loosst iech net vu falschen Internetsite an de Nationalpark Hutovo Blato lackelen – obwuel d’Landschaft hei nach ëmmer schéin ass, sinn 2011 bal 80 Prozent vum Gebitt ofgebrannt an den Infozenter bitt och keng Aktivitéite méi fir Touristen un. Derwäert ass et awer op Vrelo Bune ze fueren. Hei erwaart een en aalt Klouschter matten an de Fielswänn vum Buna-Floss an et kann ee gemittlech op enger Terrass zu Owend iessen.

No enger weiderer Nuet zu Mostar geet et dann eriwwer a Montenegro. Déi flottste Stréck ass via Trebinje, wou et ënner anerem uewen um Hiwwel dat serbesch-orthodoxt Klouschter Hercegovačka Gračanica ze kucke gëtt. Klengen Tipp: wien ë bësse méi Zäit huet, muss onbedéngt op der Terrass vum Restaurant Dučić’s View eng Portioun Tëntefësch iessen. D’Vue plus de Goût – onbezuelbar! Duerch Lastva geet et da Richtung Grenz bis an d’Bucht vu Kotor. Schonn eleng d’Siicht wann ee bei d’Waasser erof fiert ass einfach nëmmen dramhaft, ma och Kotor selwer ass e Must. Eenzegen Nodeel: am Summer gëtt een an der Géigend vun de Moustique gefriess, also op kee Fall de Spray vergiessen!

Onbedéngt ze empfeelen ass eng Bootstour laanscht Perast, U-Boot Verstopper aus dem Zweete Weltkrich, der Mammula Insel aka. dem montenegrineschen Alcatraz an d’Blue Cave. An der Alstad vu Kotor selwer gëtt et och genuch ze kucken – an z’iessen! D‘Mieresfriichten an de Fësch vun hei muss een einfach probéieren, virun allem mat den immens bëllege Präisser iwwerall. No der zweeter Nuet kann ee sech eng gutt Mëtsch vun engem lokale „Pekara“, also Bäcker, gënnen, ier een da Richtung Skadar Lake fiert. Hei am beschte Virpazar am GPS agi fir vun do aus entweder mam Auto oder Boot (e Must!) d’Géigend mat de ville Séien, Villercher a Blummen ze entdecken. Ënnerwee fir zréck op Kotor kann een sech nach e puer lescht Stonnen an der Sonn op enger vun de ville klenge Plagë vu Montenegro gënnen, duerno e leckert Owesiessen an der Alstad an da féx an d’Bett.

E leschte Stopp ier et no enger Woch Balkan-Vibes erëm zeréck an d’Heemecht geet, ass dat klengt kroatescht Duerf Cavtat. Egal op et just ass fir nach e puer Stonne virum Vol doutzeschloen oder eng leschte Kéier d’deck Zéif an d’Mier ze stiechen – déi séiss kleng Steebuchte vu Cavtat si genau dat, wat een dee Moment brauch. A wien elo nach ëmmer mengt, de Balkan wier keng gëeegent Travel destination – gitt an iwwerzeegt iech selwer. Oh, an nach en kleng Info am Rande: Kotor gëtt och d’Stad vun de Kaze genannt, just sayin‘.

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply