Be a Lady

Bei dësem herrleche Wierder rifft eist Land dach dono vun eis entdeckt ze ginn. Sief mol éierlech, du kenns dach bestëmmt och na nik all Eck vun eisem Luxiland? Ma ech och nik, dofir hunn ech mir virgeholl op Entdeckungsrees ze goen. Den “Office Régional du Tourisme Éislek” huet elo eng nei App erausbruecht, mat där een ganz einfach seng Rees oder Aktivitéit am Éislek plange kann. Beim Duerchklicke vun der App, stoussen ech op ee Schlässertour. Oh jo, ech war schonn ëmmer faszinéiert vun eise Buergen a Schlässer, als Kand hunn ech mir ëmmer virgestallt wéi et wier, Buergfräulein ze sinn. Et ass un der Zäit fir mol rëm ze dreemen an an eng aner Welt ze tauchen an sech verzauberen ze loossen…

D’Jetti an ech starten eis Schlässertour zu Klierf. Ech sinn en Éisleker Meedchen, mee ech muss zouginn, dass ech eis Buergen a Schlässer nach ni aus der Vue vun engem Tourist gekuckt hunn.

Den Ursprong vum Schlass zu Klierf geet bis an d’Réimerzäit zréck. Haut sinn hei dräi Ausstellungen ze fannen. Eng iwwert d’Lëtzebuerger Buergen, eng iwwert d’Ardennenoffensiv an déi weltbekannt Fotoausstellung vum Edward Steichen: “The Family of Man”. Mir kucken eis de Bannenhaff vum Schlass a Rou un a genéissen déi wonnerschéin Ambiance. Et deed sou gutt einfach mol an d’Vergaangenheet ze sprangen an den Alldag  ze vergiessen. Ma och d’Ausstellung, déi ech scho puermol gesinn hunn, faszinéiert mech ëmmer erëm.

Weider geet et op Wooltz, meng Heemechtsstad. Ech duecht ëmmer ech géing d’Weeltzerschlass in an auswenneg kennen, ma wann ech et als Tourist kucken, fale mir Saachen op, déi ech nach ni gesinn hunn. D’Schlass am Renaissance-Stil gëtt op d’Joer 1631 datéiert. All dës Infoe fënnt een op der “Éislek“-App. Mir ginn an de Gaart vum Schlass trëppelen.  Mir war nach ni virdrun opgefall wéi schéin deen ass. Besonnesch interessant fannen ech d’Hexenhäischen. Hei solle fréier d’Hexen op hiren Doud gewaart hunn an aus dem Tiermche sollen si duerch eng Fënster op Merkhëlz gesinn hunn, wou se um Scheiterhaufe verbrannt gi sinn. All dës Saache wousst ech virdrun nach nik a freeë mech méi iwwert dës geheimnisvoll Schlässer a Buerge gewuer ze ginn.

Eent vun de bekanntste Buerge vu Luxiland ass wuel d’Buurschter Schlass, wat ëm d’Joer 1000 entstanen ass a bis haut nach restauréiert gëtt. D’Jetti kann déi ganz Besichtegung matmaachen. D’Vue déi een hei huet ass nik ze beschreiwen, ech kréien deelweis Gänsehaut wann ech alles op mech wierke loossen. An dës Buergewelt mat dem ganzen Ambiente eranzetauchen ass immens.

Zum Schluss vun eiser Tour steet d’Veianer Schlass um Programm, dat vum 11. Bis 14. Joerhonnert erriicht gouf. D’Schlass ass a ganz Europa souguer an der ganzer Welt bekannt. Bis 1977 huet et nach der groussherzoglecher Famill gehéiert bis et dono un de Staat gaangen ass deen et komplett renovéiert huet. Haut kann een hei alles nach eng Kéier esou erliewe wéi et fréier war. Et ass nik déi éischte Kéier dass ech hei sinn, mee et fillt sech erëm genau sou un. Wow, hei fillen ech mech definitiv wéi an enger anerer Welt, an dat ass zu Lëtzebuerg méiglech, dofir muss een nik wäit fueren.

Dësen Dag voller eemoleger Emotioune wäert ech laang an Erënnerung behalen. Looss du dech dach och mol vun eise Schlässer a Buerge verzauberen. Et ass wierklech derwäert. Nieft dem Weeltzer Schlass, dem Buurschter Schlass, dem Veianer Schlass an dem Schlass zu Klierf kënnt dir och nach d’Buerg zu Esch-Sauer, d’Branebuerger Schlass an d’Ierpeldenger Schlass erkunden. Ech hunn mech wéi en Buergfräulein gefillt an dat souguer nach puer Deeg dono. All d’Informatiounen iwwert d’Ëffnungszäite vun de Buergen a Schlässer fënns Du op der Éislek App. Lued dir se einfach erof a fänk un d’Éislek ze entdecken. Mir wënschen dir ganz vill Spaass dobäi.

Mady Lutgen

Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply