Beach-Call

Eng Kéier um Strand ze schlofe war schonn ëmmer mäin Dram. Per Zoufall sinn ech um Internet op en Strandhaus um Mier ganz aus Glas gefall. Ech wousst direkt, dass ech dat teste muss. An Holland ginn et ëmmer méi Strandhäiser mat Vue op d’Mier.

Nom Confinement wollt ech puer Deeg fort, de Kapp rëm fräi kréien. Nom Baangen ëm d’Existenz vu MADI Magazine, no villen Nuechten ouni Schlof, no Panikattacken an no vill Kräischen hunn ech eng Paus gebraucht. Ech hunn de Molecaten Park zu Cadzand ugeschriwwen a gefrot, ob ech eent vun hire Strandhaiser kinnt testen. Well de Moment nach nik vill Touristen sech dohin trauen, hat ech Chance dass si en Haus fräi haten, wat si eis fir en Test-Artikel zu Verfügung gestallt hunn.

Cadzand ass “The place to be”, den neie Beverly Hills vun der Hollännescher Plage. Vill Lëtzebuerger zitt et op genau dës Plaz. Ech wëll rausfannen, firwat dës Plaz sou gehypt gëtt. D’Jetti an ech si prett fir en Abenteuer.

De Molecate Park ass en Camping, deen direkt um Mier läit. Zanter 2016 verlounen si och Strandhäiser direkt op der Plage. Mir ginn immens léif empfaangen. Eist Gepäck gëtt mam Strandauto bei d’Haus bruecht. 15 där Haisercher stinn an der Rei am Sand vu Cadzand-Bad. Vum Parking bis bei d’Haus muss ee bëssen trëppelen, duerch de Sand, wat ustrengend ass. Ma et lount sech. D’Haus huet um Rez de Chaussée ee Bett fir zwou Persoune mat Vue direkt op d’Mier, eng Kichen , en Iessdësch, souguer en Fernseher. D’Buedzëmmer an d’Toilette si getrennt. Uewe sinn nach eng Kéier véier Better. Allerdéngs muss een eng géi Lieder eropkloteren. Si soen zwar, dass dat Haus fir 6 Leit ass. Mee ech mengen et ass fir maximum zwee Erwuessener an zwee Kanner geduecht. Well et ewer kleng ass. Baussen ass Terrasse mat enger Lounge.

Den Interieur ass kee Luxus, mee ewer modern. D’Buedzëmmer ass just wierklech kleng a well een um Strand ass, ass bannen ëmmer alles séier voller Sand…

D’Aussicht op d’Mier ass einfach den Hummer. Den Himmel an d’Mier änneren andauernd hir Faarf an et kann ee Stonnelaang einfach just do sëtzen an d’Vue genéissen.

Um Strand ass kee Mënsch, an déi puer Leit déi spadséiere ginn, loossen hir Hënn lafen. Sou dass ech d’Jetti och lafe loossen. En Paradäis also fir Hënn.

D’Strandhäiser leien tëscht Strandbaren an deenen een herrlech ze drénken an ziesse kritt. Fir de Rescht begéint ee keen. Natierlech och wéinst dem Coronavirus.

An der Nuecht héiert een d’Mier haart, wat am Ufank en bëssi ongewinnt ass. A wann et reent an donnert da wackelt d’Haus ganz liicht. Dat vergësst ee séier wann ee Moies mat Vue op de Sonnenopgang um Mier erwäscht.

D’Haus ass fir Familljen an Hondsbesëtzer en Dram. D’Kanner kënne virun der Dier spillen an d’Hënn lafen iwwert de Strand.

Den eenzegen Hoken un dësem Dramhäischen: Et ass nik geschenkt an andauernd ausgebucht. An der Saison kascht eng Woch 2652 Euro.

Iwwregens gëtt et eng Facebooksäit vun allen hollännesche Strandhäiser. Hei kënnt dir no Last Minut Angeboter Ausschau halen an op en Schnäppche falen.

Cadzand selwer huet mech nik vum Hocker gerappt, mee wien d’Mier sou gär huet wéi ech, wäert sécher nik vun dëser Vakanz enttäuscht ginn.

Kleng Remark: Falls dir dëst Joer wëllt op Cadzand goen, passt op d’Eichenprozessionspinner op. Et sinn der op der Plage. Ech hat Ausschlag kritt. D’Autoritéite wësse Bescheed a sinn dobäi se ze bekämpfen.

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply