Beauty Queen

Et war Léift op den éischte Bléck. Sou beschreift d’Jil Michels säi Berufschoix. D’Jil huet seng grouss Léift durch en Schnupper-Stage mat 15 Joer kennegeléiert.

„No puer Stonne schaffen an engem Institut de Beauté, wousst ech, dass dat mäin Dramberuff wier“, erkläert d’Jil, wat zanter 7 Joer säin eegene Centre de Beauté féiert. Ma seng Successstory huet am Fong mat vill Pech ugefaangen.

D’Jimi wéi seng Frënn hatt nennen, huet fir d’éischt 3 Joer eng Léier gemaach, dono 9 Joer an engem Betrib geschafft a seng Meeschterprüfung no 6 Joer ofgeschloss. Bemol huet d’Jil sech schwéier un enger Hand verletzt an huet missen zweemol operéiert ginn.

„Dat war eng ganz schwéier Phase fir mech, ech konnt net méi schaffen sou wéi ech dat wollt. Ech hunn wärend där Zäit mäi ganzt Liewen a Fro gestallt. Ech wollt mech ëmmer selbstänneg maachen an hunn dunn endlech all mäi Courage zesummegeholl an déi Paus genotzt fir mäin Dram ze realiséieren“,

erkläert déi 35-järeg Estheticienne, déi am Ufank vun der Selbststännegkeet nach niewebäi a Baren zerwéiert huet, fir sécher iwwert d’Ronnen ze kommen.

“Ech wousst zu deem Moment, dass ech fir d’éischt mol vill schaffe misst a Gedold bräicht. Ech hunn ëmmer fest u mech selwer gegleeft. Dat ass souwisou dat Allerwichtegst .”

Den Ufank war nik einfach an d’Jil huet vill misse bäiléieren : “Et tauchen ëmmer erëm Käschten op mat deenen een nik rechent an et ass keen do deen dech bereit”. Hatt huet geléiert sech ze informéieren a sech ëmmer um neiste Stand ze halen zemools wat d’Gesetzer ugeet.

Ma alles dat huet d’Jil zu där Power- a Businessfra gemaach déi hatt haut ass. A virun allem zu dem froue Mënsch:

“Ech kann haut si wéi ech sinn an ech sinn zanter ech selbstänneg schaffen och vill méi bei mir selwer!”

D’Beautyqueen bitt Manicure, Pedicure, Soin Visage, Epilatioun à la Cire, Epilatioun à l’Aiguille, Epilatioun à la Lumière pulsée, Maquillage, Maquillage permanent, Teinture Cils et Sourcils, Rehaussement Cils, Extension Cils, Massage Corps a Soin Corps un.

Ma d’Jil Michels setzt sech och nach a fir de Beruff an zwar an der “Cofédération Hair Beauty and Tattoo Guild” an hält Couren am “Brevet de Maîtrise”. Him ass et nämlech wichteg jonk Meedercher op hirem Wee ze begleeden. An der Hoffnung dass si hire Beruff eemol mat souvill Leidenschaft a Freet ausübe wéi d’Jil vu “Perfect Beauty by Jil“.

Iwwregens kréien MADI Membere op all RV deen se beim Jil elo ganz einfach hei op dësem Link online buchen bis den 9.Juli ouni en ze annuléieren 20 Prozent Reduktioun op enger Behandlung ab 30 Euro. Den RV kann och nom 9.Juli stattfannen.

 

Mady Lutgen

Fotoen: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply