Berlin calling

D’Nicole Hansen huet mat enger einfacher Mutz zu Lëtzebuerg eng Erfolleggeschicht geschriwwen a wëll elo och am Ausland Fouss faassen. Wéi all Entrepreneur dreemt hat dovun, d’Welt ze eroberen. Ma d’Nicole wëll et nik nëmme bei dësem Dram beloossen a sëtzt am Moment alles dorun dësen Dram och ze verwierklechen.

Mee wéi huet alles iwwerhaapt ugefaangen? Am Hierscht 2012 stréckt d’Nicole Mutze fir d’Famill an d’Frënn. No an no gëtt hat vun ëmmer méi Mënschen drop ugeschwat, si wëllen och sou en Accessoire. D’Nicole war deemools scho selbststänneg, huet Kannerkleedung hiergestallt. Wei d’Nofroen ëmmer méi grouss ginn ass, huet d’Nicole sech dozou decidéiert sech méi op si wéi op d’Kannerkleedung ze konzentréieren. D’Geschäftsfra ass direkt mat hire Kreatiounen op Paräis geflunn an huet se do virgestallt.

Fir déi selwer gestréckte Mutze richteg bekannt ze maachen, huet et dräi Joer gedauert an hatt huet dunn och säin Onlineshop gegrënnt. Elo dréit d’Nicole d‘Friichte vun haarder Aarbecht: “Ech hunn mir oft Gedanke gemaach ob ech um richtege Wee sinn, well et dach finanziell ab und zu mol enk war, zemools als elengerzéiend Mamm”. Déi haart Zäit huet d’Nicole méi staark gemaach: “Een deen Erfolleg wëll hunn, muss staarke Wëlle weisen an dierf ni opginn”. An dee Wëlle beweist hatt all Dag. Moies um 5 Auer geet säi Wecker an da setzt hatt sech direkt un d’Aarbecht, tëscht 6 an 9 schafft d’Nicole nämlech am beschten.

“Jiddereen deen eng Iddi huet, soll menger Meenung no alles drun setzen se ze realiséieren, well dono wäerft een sech vir et ni probéiert ze hunn”

Ma dem Nicole säin Dram ass nach laang nik fäerdeg gedreemt. Am Januar war hat zu Berlin op der Fashionweek ënnerwee fir säi Stand nächst Joer do ze preparéieren:

„An der Fashionwelt schafft ee jo ëmmer am viraus. D’Fashionweek zu Berlin ass eng ganz wichteg Plattform fir d‘Moudeszene vun der ganzer Welt“

Ee grousse Schratt fir seng Mutzen am Ausland bekannt ze maachen. Deemno huet d’Nicole sech mat aner dausende Visiteuren alles ganz genee ugekuckt, wéi Berliner Fashionweek ofleeft, an och scho wichteg Kontakter an trendy Butteker geknüpft. D’Geschäftsfra huet Moudendefiléë suivéiert a verschidde Stänn genee ënnert d’Lupp geholl. Eng Hal ass nëmme fir Designer virgesinn déi hir Produite selwer hierstellen. Hei war hat genau richteg a konnt sech schonn en Bild dovu maachen, wéi “Hootli” nächst Joer op der Fashionweek wäert ausgesinn. „Ech freeë mech schonn immens, dat gëtt sécher spannend“, seet d’Nicole Hansen mat engem grousse Laachen, éiert hat op den nächste Rendezvous rennt.

Mady Lutgen

photos: Anne Lommel, Alice Raman


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply