Boost yourself

Am Moment fillt jiddereen sech Machtlos. Et weess kee wéi et weidergeet an ausser dass mir sollen doheem bleiwen, wësse mir nik wierklech wat mir maache kënne fir dass mir eis besser fillen. Eis vu bannen a baussen ze stäerken ass lo immens wichteg fir dass mir, falls mir de Virus kréien, en gutt bekämpfen. An natierlech och am allgemenge fir eis selwer an eis Matmënschen. Fir dës schwéier Zäit sou gutt et geet ze iwwerstoen. MADI wäert iech an den nächsten Deeg Tipps ginn, wéi dir iech vu bannen a bausse kënnt stäerken.

Mir schwätze mam Nathalie Meier, Primal Health Coach, hatt weess ganz genau wat een am Moment am beschten ësst, fir eist Immun System ze stäerken.

Wéi ee Geméis an Uebst soll een elo iessen ?

Zanter Jore scho ginn ech es net midd, ze betounen, dass d’Stäerke vum Immunsystem eng 365/7/24 – also liewenslänglech – Responsabilitéit ass a net eppes, wat ee kuerzfristeg mécht, well et een ELO grad arrangéiert. Anerersäits weess ech awer och aus eegener Erfarung, dass et ni ze spéit ass, domadder unzefänken.

Lokaalt Geméis an Äppel (dat eenzegt Uebst wat et zu Lëtzebuerg an dëser Saison nach gëtt) Liewensmëttele mat ville Batterstoffer, déi dem Daarm am meeschte Freed maachen. Wéi praktesch, dass beispillsweis grad elo Chicone an deemnächst och Pissenlits Saison hunn …ansonste kann ee säin Daarm perfekt mat Sauerkraut, Knuewelek, Topinambur, Ënnen, Salsifi a Porette stäerken. Aus frësche Brennessele kënne mir deemnächst eng Superfood Zopp oder en enorm leckeren a virun allem gënschtege Pesto zoubereeden.

Am Moment hunn och nach vill Kabeszorte Saison. Gräift zou, och déi si voller Vitaminnen a Mineralstoffer; ausserdem hale se sech méi laang wéi eng frësch Zalot, dei een Idealerweis direkt ësst. Zaloteblieder aus enger Plastikstuut komme selbstverständlech net a Fro!

Wéi ass et mam Fleesch?

Kompromësslos Qualitéit beim Fleesch, Gefligel an den Eeër: ouni Medikamenter, Hormoner, chemesch Additiven bei hirem Iessen an ouni Stresshormoner. Léiwer kee Fleesch, wéi dat falscht!

Zu wéi enge Liewensmëttel réits Du eis nach?

Vill gesond Fetter: Olivenueleg, Läinueleg, Nëssueleg, Schmalz (gesond an aartgerecht Déieren), Ghee an och Kokosfett an Avocadoen, dat awer just fairtrade. A natierlech Nëss. Dat siedecht a reduzéiert déi systematesch Entzündung am Kierper. Gefruere Bieren aus dem leschte Summer: Äerdbier, Hammbier, Molbier, Schwaarzbier … keng “frësch” Äerdbieren, déi ginn et hei nach net. Déi gi gréng gepléckt, hu nach net dat entwéckelt wat mir brauchen an dann iwwert e puer Dausend Kilometeren heihinner gefouert.

Frëschen Ingwer, Curcuma an (dat ass meng Ausnam a Saache lokal!) frësch Zitrounen. Ausdeenen 3 Zutaten preparéieren ech mir all Moien eng Infusioun déi ech iwwert den Dag verdeelt drénken. Wie wëll, kann e bëssi Hunneg derbäi maachen, awer net ze vill, well och dat ass Zocker a mécht hongereg.

Iwwregens ass reegelméissegt Drénken am Moment eng extra gutt Iddi: wann een de Virus ageotemt huet an dee nach am Raachenraum ass, da kann een e mat Drénken an de Mo erofspullen, wou en duerch d’Mosaier net iwwerlieft!

Géings Du zu Nahrungsergänzungsmëttel roden?

Dat eenzegt, wou ech supplementéieren, ass beim Vitaminn D. Schliisslech kann een esou frou si mat der Natur wéi ee wëllt: hei zu Lëtzebuerg feelt et definitiv un der Sonn, déi mir brauche fir onsen Immunsystem ze ënnerstëtzen. Et gi gutt Supplementer, mee an dësem Artikel wëll ech keng Reklamm maache fir ee wann en anere vläicht eppes huet, wat grad esou gutt ass.

Renseignéiert Iech, och bei Ärem Dokter. Wat Är natierlech Hautfaarw méi donkel ass, wat Dir es méi braucht.

Eng gesond Ernierung ass also de Moment immens wichteg fir den Immunsystem ze boosten. Muer kucke mir op eis Angscht. Well Stress ass de Killer fir all Immunsystem…Alleguerten d’Tipps vum Nathalie fannt dir hei.

Passt op iech op, bleift positiv a #staythefuckhome!

 

Mady Lutgen

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply