Celtic Magic

No dem Confinement ass jidderee vun eis op der Sich no Erhuelung fir baussen a bannen. Mir hunn eis dofir fir iech ëmgekuckt fir eng Platz ze fannen, déi no ass a Vakanz fir d’Séil garantéiert.

Um Bostalsee am Saarland, eng Stonn mam Auto fort, hunn mir d’Seezeitlodge entdeckt. En véier Stäre Wellnesshotel deen seng Dieren 2017 opgemaach huet. Vergiess all déi Wellnesshoteller wous Du bis elo waars. Mat dësem Hotel ka keen anere mathalen. Versprach.

Et spiert een direkt eng Magie wann een den Hotel betrëtt. D’ Zesummespill vum Design vum Interieur mat dem spezielle Baussendesign vum Hotel mam Séi a Bësch déi een och gesäit wann ee bannen ancheckt. D’Kathrin Sersch a säi Mann sinn d’Innhaber vun dëser Oase. Hat weist mir den Hotel, de Restaurant an de Wellnessberäich. Säi Bopi war iwwregens de Grënner vun der Wagner Pizza. Dorop kommen ech méi spéit nach ze schwätzen.

“Wéi mäi Mann an ech d’Grondstéck fir d’éischte Kéier kucke koumen, wosste mir direkt, dass mir hei eppes Aussergewéinleches erschafe mussen. Mir hunn souzesoen de Ruff vun de Kelten héieren. Fréier haten d’Kelten sech nämlech hei néiergelooss. An dofir hunn mir d’Wësse vun de Kelten an och déi Mentalitéit an dat ganzt Hotel mat afléisse gelooss”, erzielt d’Kathrin weider.

Elo verstinn ech och firwat ech déi Magie gespuert hunn wéi ech an den Hotel erakomm sinn. Eng Magie tëscht Bësch a Séi mat engem Hauch vu kelteschem Spirit.

Den Hotel huet 98 Zëmmer, ma dat mierkt een ewer nik, well en ideal opgedeelt ass. Mäin Zëmmer mat Vue op de Séi ass wonnerschéin. Den Design ass schlicht mee mat ganz vill Stil ageriicht. Ech fille mech wéi wann ech an enger Holzhütt um Waasser géing sëtzen. Den Hotel ass komplett, ma ech héiere just d’Villercher zwitscheren. Et gëtt Zäit fir de Wellness ze testen.

Op 2700 Quadratmeter erstreckt sech en Spa Paradäis. Baussen a bannen. Vu Sauna mat Panoramabléck bis Dampfbad a Keltensaune mat Lagerfeier ass alles dobäi. En Infintypool a Bannepool dierfen natierlech och nik feelen.

Hei ass einfach alles duerchduecht. De Leetfuedem vum ganze Konzept vum Hotel si 4 Aspekter déi ëmmer iwwerall ze fanne sinn: Rou fillen, Energie tanken, Inspiratioun fannen a Kloerheet erfueren.

D’Kathrin sot, dass een sech am Wellnessberäich einfach eng Kaart vun dëse véier intuitiv zitt an sou genau weess, wat ee brauch. Op de Kaarte steet och, wat ze maachen ass, jee nodeem wat ee brauch. Meng Kaart seet mir, dass ech Energie brauch. An genee deem Bauchgefill ginn ech no a buchen eng Keltesch Energiemassage mat kalen a waarme Steng. En Erliefnis fir Kierper a Séil, well d’Massage meng Liewensfreed erëm sou richteg waakreg mécht.

No der Massage zitt et mech an de Bësch, op de Meditatiounswee deen ech ze Fouss ginn an dotëscht um Buedem Plaketten optauche mat Botschaften, bis ech eng Hängehütt an de Beem entdecken a mech do dra léen an einfach déi ganz Magie opsaugen a genéissen.

D’Magie geet och duerch de Mo. Ech hunn eng Platz am Lumirestaurant reservéiert, op der Terrasse mat enger wonnerschéiner Vue op de Séi. Ech fille mech wéi op der Côte. An der Iwwernuechtung ass och ¾ Seezeitkulinarik mat dran, dat heescht moies d’Frühstück an owes en dräi Gängemenu deen een sech aus verschiddenen Optioune kann erauswielen. An mëttes kritt ee Smoothies an eng Variatioun vu Kuchzorten ugebueden.

Mäi Menü ass lecker an d’Brout schmaacht herrlech. Si baken nämlech alles selwer an hirer Bäckerei, dem Kathrin seng Virfahre si jo d’Grënner vun der Wagner Pizza a sou fléisst eng Spuer vum Passé mat an de Elo. D’Brout kritt een och an hirer Bäckerei ze kafen. Sou kann een sech ee Stéck vun der Seezeitlodge mat heem huelen.  D’Kraider kommen och aus dem eegene Kraidergaart a souguer de Gin maachen si selwer.

Nom Iesse genéissen ech nach en Glas Roude beim Feier baussen a loossen de Sonnenënnergang op mech wierken. Bannen ass och nach eng Bar an eng Bibliothéik wann ee Loscht huet nach en bëssen ze liesen. Ee perfekten Dag geet zu Enn. Et begéint ee Singlen, Frënn, Koppelen a Familljen. An souguer Muppe sinn hei wëllkomm.

Et kann een an der Seezeit Lodge ewer nach villes méi ënnerhuele wéi just am Wellnessberäich ze relaxéieren. Ech ginn en Tour ronderëm de Séi a sprangen dotëscht an d’Waasser. De ganze Rondgang sinn 8 km.

Et ass herrlech, et fillt een sech wéi an der Vakanz an et ass just eng Stonn vun doheem fort.

Ronderëm de Séi trëppelen, Yoga, Vëlo fueren, wanderen a schwamme si just puer vun den Aktivitéiten déi de Séi ze bidden huet. Langweileg gëtt et engem sécher nik.

D’Seezeitlodge ass eng magesch Platz an et hëlt een déi positiv Energie mat heem.

Hei stëmmt wierklech alles. Vum Personal wat laacht bis déi kleng Detailer déi een iwwerall entdeckt an déi een iwwerraschen.

Dat eenzegt wat mech en bëssi genervt huet, war d’Mask. Et ass ongewinnt am Wellnessberäich eng Mask dobäi ze hunn. Mee och dorun huet een sech no enger Zäit gewinnt an da wëll ee just nach dass den Openthalt op dëser faszinanter Platz ni zu Enn geet.

 

 

Mady Lutgen an Zesummenaarbecht mat der Seezeitlodge

Fotoen: Günter Standl a Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply