Choose to fly!

D‘Entscheedung zu dengem Gléck

Jidderee vun eis huet seng eege Freed awer och leider seng eege Problemer a sengem Liewen. D‘Liewen ass dofir bekannt, fir onberechenbar ze sinn. Een Dag ka super sinn, den nächsten Dag ka schonn erëm villes schif goen.
A mir kënne mat eisem Verhalen op genau dës Ëmstänn entscheede wéi eist Liewe soll ausgesinn. Mäi Liewe war net ëmmer einfach och wann verschidde Leit mengen, dass een Titel engem alles an d’Rei mëscht. Dat ass leider net esou, mol net an enger perfekter Geschicht. An loosst mir iech soen, ech fannen dat ass och nëmme richteg esou.

Ech si stolz op all meng Challengen an d’Feeler déi ech a mengem Liewen erlieft hunn well dat huet mech zur där Fra gemaach, déi ech haut sinn.

D‘Transformation geschitt, wann ee bereet ass ze lauschteren a positive a konstruktive dorobber ze reagéieren. Ech hätt oft kéinte mech einfach just a meng Kummer aspären an der Hoffnung, dass dat wat och ëmmer mech dozou bruecht huet fir mech an der Kummer anzespären, einfach géing ewech goen.

Mee nee, ech hunn mat Courage den Challenge ugeholl a probéiert esou gutt ewéi ech kann et besser ze maachen. Dat heescht zum Beispill no menger Scheedung, wier ech am léifsten ni méi aus dem Haus gaangen. D‘ Leit ware schrecklech béis mat mir an dat huet mir vill wéi gedoen.  Natierlech huet keen eng Anung dovun, firwat mir iwwerhaapt gescheet gi si soss wär ech ni esou jugéiert ginn. Mais dat gehéiert elo zu der Vergaangenheet. Ech hunn de Wee vum Positive gewielt an hunn et net fir wichteg fonnt frieme Leit vu mengem private Liewen ze erzielen, an der Hoffnung, dass si da villäicht méi léif mat mir wieren.

Ech hunn vill geléiert a sëtzen dëst elo a mengem neie Liewen em. Fir éierlech ze sinn, géing ech all Minutt vu menge lëschten 33 Joer genau esou verbrénge wéi ech se gelieft hunn. Mäin Motto ass, dass ech ëmmer mä Bescht gi fir dass ech näischt ze bereien hunn. Ech erzéie meng zwee Bouwen och mat dëser Philosophie.

Als Mamm vun zwee wonnerbare Jongen ass et net ëmmer einfach eng gutt Balance ze fannen tëschent Beruff a Kanner. Ech hunn ëmmer haart geschafft an dat ass och haut esou. Meng Kanner hunn vill Besoinen deenen ech natierlech gerecht wëll ginn.

Zäit Management ass do ganz wichteg. Haut dës Daags kann een oft ofgelenkt gi mat Saachen déi net ëmmer wierklech wichteg sinn. Dat heescht fir mech als Mamm a Business Woman, dass ech mir all Dag eng Lescht schreiwen, wat ech muss maachen, an ech jongléiere mäin Dag do ronderëm.

Meng Kanner hunn absolut Prioritéit bei allem wat ech maachen. Ech hunn Chance, well meng Jonge si ganz relax a gi gäre mat der Mamma schaffen. Si verstinn, dass ech schaffe muss a probéieren sech och e bessi no mir ze riichten. Dëst mëscht ee super Team aus eis dräi. Mir wëssen dass mir ëmmer zesummen halen a fireneen do sinn. Nëmmen esou, ass fir mech perséinlech eng Balance fir en schéint Familljeliewe méiglech.

 

Tessy de Nassau

Fotoen: Ray Hoffmann


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply