Corona-Stalker

Léiwe Corona, ech hunn scho vill vun dir héieren, du bass de Star op de Soziale Medien an häls d’ganz Welt an Otem. Ma ech muss soen, du waars mir ëmmer zimmlech egal, wells du deng Frëndschaftsufroen ëmmer op anere Platzen an der Welt gemaach hues an du anscheinend zimmlech aggressiv bass. Dofir wollt ech och näischt vun dir wëssen.

Elo bass du zu Lëtzebuerg aktiv, schécks schonn Ufroen iwwerall hin an ee Bekannten huet scho Bekanntschaft mat dir gemaach, ouni dass en et wollt. Du bass opdränglech, attackéiers virun allem eeler an krank Mënschen. Ma du probéieres mat all Mënsch a Kontakt ze kommen. Wann ee mat dir zesummen ass, soll een sech nik gutt fillen, dréchenen Houscht kréie mat Féiwer. Eng zimmlech onangeneem Begéinung also an nik fir jiddereen ass se harmlos.

Ech sinn éierlech mat dir, ech hunn virun enger Woch nach gelaacht wéi Leit mir gesot hunn, du géings däi Reseau och zu Lëtzebuerg ausbreeden.

Well zu Lëtzebuerg fille mir eis dacks wéi op enger Insel. Ech war immens iwwerrascht a souguer schockéiert, wéi ech de Moie gewuer gi sinn, dass du d’Bekanntschaft scho mat engem Bekannte gemaach hues… dunn ass mir bewosst ginn, dass du wuel méi aggressiv a séier bass, wéi ech gemengt hat. An ech muss soen ech sinn onsécher, well ech dech nik kennen. An ech wëll dech och nik kenneléieren…

Jiddereen zielt eppes aneres vun dir. Déi eng soen du wiers guer nik sou schlëmm, anerer soen de Géigendeel. Et weess een nik méi wat een nach soll gleewen a wou ee mat dir drun ass.

All Eventer ginn ofgesot an d’Schoulen zougemaach an och mir vu MADI wäerten eis Eventer an nächster Zäit verréckelen, well mir nik wëllen, dass du als ongeluedene Gaascht optauchs an d’Bekanntschaft mat eise Gäscht méchs.

Et gëtt geroden doheem ze bleiwen an de soziale Kontakt ze meiden, fir dass du eben nik souvill Kontakter knüpfe kanns. An ech muss soen, ech wäert och elo manner ënnert d’Leit goen, einfach well ech kee Bock op dech hunn, dech nik begéine wëll a virun allem dech op kee Fall mengem Papp wëll virstellen. Mir geet et dobäi nik direkt ëm mech, mee ëm meng Matmënschen.

Ech sinn nik a Panik, well ech mengen du spiers d’Panik an du hues dat och na gär. Leider kann ech dech nik blockéieren. Ma ech probéiere mech vu bannen ze stäerken, fir dass wann mir eis ewer sollte begéinen, ech dir an d’Aen ka kucken an ech mech nik wäert vun dir ënnerbottere loossen.

Ech mengen et ass och wichteg positiv ze bleiwen an eis all géigesäiteg ze ënnerstëtzen, fir dass du nik an eise Frëndschaftskrees kënns an do fir Onrou suergs.

PS : Well mir vu MADI och nik wëllen, dass Du de Corona kenneléiers, wäerte mir dech an den nächsten Deeg mat Tipps zur Stäerkung vu bannen versuergen. Zesummen hunn mir dee Stalker Corona séier erëm op d’Schëff geschéckt. Versprach!

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply