Cuba Fever

Handgerullten Zigaren, faarweg Haiser, Latäin-amerikanesch Musek – genau esou stellt een sech Cuba Fever vir. A spéitstens säit all Radiosender d’Lidd „Havana” vun der Sängerin Camila Cabello an dem Rapper Young Thug vu moies bis owes erop an erof lafe gelooss huet, ass dem faméisen Che Guevara säin Inselstaat erëm an aller Mënn

Ma et muss een awer net onbedéngt wäit reesen, fir de kubanesche Flair kennenzeléieren. Och hei am Land kann een op de Goût vu Kuba kommen, an zwar an der Brasserie de l’Arrêt zu Märel. Säit 2004 huet de Café, deen ënner de Stammgäscht als „El Cubano” bekannt ass, seng Diere fir d’Clienten op a bréngt domat e ganz neie Wand op Lëtzebuerg. Et ass e Familljebetrib, deen de gebiertege Kubaner Ismael Ramos Prieto zesumme mat senger Fra Nancy an zwee Käch lues a lues opgebaut huet, an dat mat vollem Succès. Ënnert der Woch sinn d’Dëscher vun der fréierer lëtzebuergescher Brasserie gedeckt mat Spezialitéiten aus dem Ismael senger Heemecht, a Weekends ass Fiesta ugesot, well beim richtege kubanesche Liewensstil dierf latäinamerikanesch Musek natierlech net feelen.

Ugefaangen huet alles mat klenge Plat’en “wéi bei hinnen”, verréit den Ismael. Hee wollt eppes anescht maachen, eppes typesch Kubanesches eben. Dem Kach Luis René Caballero Rodriguez seng Kreatioune sinn all hausgemaacht an authentesch, dorop leet d’Ekipp vun der Brasserie vill wäert. “All Plat, all Gedrénks representéiert säi Land an huet seng Geschicht, an dat versiche mir eise Clienten ze vermëttelen”, erkläert den Ismael. Am Cubana Café ass e Cuba Libre net einfach nëmmen e Cocktail, mee en erzielt vun der friemer Besetzung, engem amerikanesche Generol an der Gebuertsstonn vun engem ganz neie Gedrénks.

Ma net nëmme fir den Duuscht gëtt et an der Brasserie eppes ze entdecken, och wat op den Teller kënnt ass wéi zu Kuba selwer. “Ropa Vieja kënnt zum Beispill aus aarme Famillen. Fréier haten si fir z’iesse just aalt Fleesch, wat immens zéi war, an hunn doraus versicht eppes Guddes ze kachen. Mir preparéieren de Plat op déi nämmlecht Manéier”, verréit den Ismael. Op der Kaart vum Kubaner fënnt een awer nach eng ganz Rëtsch aner Spezialitéiten: “Lonjas de cerdo ass Schwéngefleesch, wat an der Pan gebrode gëtt, ganz einfach. Dann hu mir nach Arros de la Abuela, dat ass Räis vun der Groussmamm, oder Enchilado de Camarones, eis Scampien.” Verschidde Plat’en huet de Kach vum Café awer missen un déi europäesch Kichen upassen, erkläert de Patron: “Picadillo zum Beispill, dat ass ee vun eise meescht verkaaftene Plat’en. Mir Kubaner iessen immens gäre séiss mat gehäerzt, dofir kommen do normalerweis gedréchent Drauwe mat dran. Mir hunn awer iergendwann gemierkt, dass d’Leit déi ëmmer erauspiddelen, dofir loosse mir déi elo ewech.” Och en typesch lëtzebuergeschen Tartare de boeuf huet sech mëttlerweil op der Kaart vum Kubaner ageschlach, einfach fir de Gäscht nach méi Ofwiesslung ze bidden.

Eng gutt Paella dierf an engem kubanesche Restaurant natierlech och net feelen, mee den Highlight vum Kubaner senger Kaart ass awer den “Diner à la Cubaine” fir Gruppen. “Dee gëtt et just op Reservatioun. Do kritt een da Spezialitéite wéi Ajiaco criollo, schwaarz Bounen a Maniok plus en hausgemaachte Flan als Dessert, dat Ganzt fir 30 Euro op de Kapp”, esou den Ismael.

De Numm “Brasserie de l’Arrêt” staamt nach aus dem 19. Joerhonnert, wou d’Lokal déi éischte Kéier Cliente zerwéiert huet. “Dat hei war de leschte Stopp vum Tram, ier en erëm Demi-Tour gemaach huet an zréck gefuer ass, dohier de Numm”, erkläert den Ismael. E Stéck Lëtzebuerger Kultur also, déi trotz neiem Besëtzer am Café erhale bliwwen ass. D’Brasserie huet sech säit hiren Ufanksjoren awer zu engem ganz besonnesche Fléck zu Lëtzebuerg entwéckelt, well se ass déi eenzeg wierklech kubanesch hei am Land. Fir hir Gäscht ginn sech den Ismael a seng Famill dofir och extra Méi a wëllen de Gesamtpackage vu Kuba ubidden. “Mir versiche reegelméisseg och Museker aus Kuba heihinn ze kréien, eng Zort Trubaduren. D’Leit verstinn zwar dann net ëmmer wat si sangen, mee fir eis huet dat awer eng grouss Bedeitung”, esou de Patron.

Eng Brasserie also, déi net just e flotte Kader bitt fir Sonndegmëttes e Patt beim Iessen ze huelen, mee ee mat op d’Rees hëlt. Well wann een e puer Schratt weider laanscht de Comptoir an duerch eng Duebeldier geet, fënnt een sech am klengen Danzsall vum Cubana Café erëm, wou och ënnert der Woch Danzcourse fir Jonk an Al ugebuede ginn. Authentescht Iessen, e sympathesche Service a virun allem vill Latino Vibes – wat wëll ee méi!

 

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply