De Countdown leeft

Et ass endlech souwäit. Fir vill Leit fänkt mat der Ouverture vun den Chrëschtmäert déi schéinst Zäit vum Joer un. De Chrëschtmaart an der Stad, deen op méi Platze verdeelt ass, gouf iwwregens vun dem bekannten amerikanesche Magazin Forbes ënnert déi dräi Schéinsten aus ganz Europa gewielt. Wann dat mol kee Grond ass en e bëssi méi genee ënnert d’Lupp ze huelen. Am Artikel geet riets, dass de Maart wéinst senger Traditioun an duerch seng kulinaresch Genësser iwwerzeegt.

De Maart op der Place d’Armes verwandelt sech all Owend an en Afterwork-Duerf mat Live-Musek. All kulinarescht Häerz fënnt hei eppes, vun den traditionelle Kniddelen a Gromperekichelcher bis hin zu asiatescher, italienescher a schwäizer Kichen.

Eenzegen Nodeel ass kloer de Präis. Souwuel d’Gedrénks an och d’Iessen si gepeffert. Sechs Euro fir sechs Kniddelen ass einfach iwwerdriwwen. Hei bezilt een de Charme vun der Platz mat. Eppes bléift zu dësem Chrëschtmaart ewer nach ze soen: Néirens soss fënnt een esou gutt Gromperekichelcher!

Um Knuedler dréint sech alles dem de Knuedler on ice, eng Äispist mat Iess- an Drénkstänn, déi sech Owes an en Après-ski- Duerf entpuppen. Luuchten iwwert Luuchten, en richtegt Disneychristmasischglparadies…

An déi, di éischter nom Gedrénks kucken, si wuel méi zefridden um Chrëschtmaart bei der gëlle Fra. Glühwäin am rouden, wäissen a souguer am rosé, Feuerzangenbowl, waarmen Hugo, fir just en puer Spezialitéiten opzezielen, alles dat verséisst engem déi schéi Vue op d’Stad, déi ee vun do huet. Dausende vu klenge Luuchten huelen ee mat an eng aner Welt. Passt just op, wann dir en Patt wëllt ausginn, sidd dir séier vill Sue lass, op den Tase sinn nämlech iwwerall 5 Euro Pfand drop, déi ee bei puer Glühglühglüh gär vergësst. Op dësem Maart fannt dir och flott handgemaachte Geschenker fir iech oder är léifsten. Mir wënschen iech all lo schonn eng schéin Chrëschtdagszäit an mir hunn och nach déi eng oder aner Iwweraschung fir iech.

Bei enger Ëmfroe an der Madi-Community ass iwwregens erauskomm, dass déi meescht sech guer keng Kaddoe wënschen, mee einfach méi an intensiv Zäit mat der Famill a Frënn wëlle verbréngen. Domat ass wuel alles gesot! Happy Glühwäinzäit!

Mady Lutgen

Fotograf: Anne Lommel, Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply