Dream Home

“Du muss eppes kafen, soss gëss du anere Leit deng Suen”, ass sou ee Saz deen een dacks ze héiere kritt, wann ee lount a kee Besëtzer vun engem Appartement oder Haus ass. Ma sech eppes Eegenes ze kafen ass nik ëmmer sou einfach. Wann een sech dann dofir entschléisst, ass eng gutt Berodung den A an O.

Mat 38 Joer nach keen eegent Appart oder Haus ze hunn, ass wuel fir Lëtzebuerg zimmlech ongewéinlech. Ma ech wosst nach ni sou genau wou ech iwwerhaapt wëll liewen an de Start vu mengem eegene Business war mir méi wichteg. Elo wou ech lues op déi 40 zouginn iwwerleeën ech mir ewer dacks mir endlech eppes ze kafen. Als Single mat engem eegene Start up ass dat ewer keng sou einfach Saach. Ech brauch en Profi dee mech beréit.

Ech ruffen dem Anne-Catherine Krack vu B Immobilier zu Dikrich un. Mir maachen en Rv aus fir eng Berodung. Mir gefält, dass eng Fra Gerante vun dësem Büro ass an och de mënschlechen Aspekt. Um Telefon erklären ech him meng Situatioun, hatt ass immens verständnisvoll, versteet wat ech brauch.

“D’Anne-Catherine hëlt mech seriö och wann hatt weess, dass ech nik déi perfekt Viraussetzungen hunn fir eppes ze kafen”

Zu Dikrich am Büro wäert d’Anne-Catherine mat enger Taass Kaffi op mech. Mat him schaffen och nach d’Arlette an den Thierry zesummen. Et mierkt een direkt, dass si en agespillten Team sinn. D’Arlette këmmert sech em de ganzen administrative Beräich vum Büro, och stellt hat den éischte Kontakt zum Client hier. Den Thierry ass responsabel fir de ganze commerciale Volet a fiert mam B Immobilier Mini duerch ganz Land.

Fir d’éischt erkläert d’Anne-Catherine mir mol den Ënnerscheed tëscht dem Kaf vun enger VEFA (Vente en l’état futur d’achévement) an engem existenten Objet. Well ech eleng sinn an nik vill Suen op der Säit hunn, réit hatt mir d’Éislek als méiglech Regioun ze consideréieren, well hei de m² Präis nach méi niddreg léit. D’Anne-Catherine freet mech och wéi eng Krittäre fir mech wichteg sinn zb ass fir mech wichteg ee Gaart oder eng Terrasse ze hunn an eng Bidden.

Duerch eng ausféierlech Analyse vu menger Situatioun a menge Wënsch ass et efir B Immobilier Diekirch esou méi einfach de passende Bien fir mech ze fannen.

D‘Anne-Catherine weist mir och Mappe vu verschiddene Promoteure vun Objeten déi an nächster Zukunft gebaut ginn.

Hatt erkläert mir och, wéi ech muss virgoen, falls ech mech fir eppes decidéieren an hatt weist mech och op déi verschiddenen Hëllefe vum Staat hin, déi ech kann ufroe wann ech fir d’éischte Kéier eppes kafen.

Ech spiere mech a gudden Hënn a vertrauen dem Anna a senger Equipe. Ech fillen, dass si wierklech mäi Bescht wëllen an et hinnen nik drëms geet fir mir séier eppes ze verkafen. Ech huelen d’Mappe mat heem a loosse mir alles a Rou duerch de Kapp goen.

 

Dir huet eppes ze verkafen? D’Equipe vu B Immobilier Diekirch kënnt gären eng gratis Estimatioun maachen.

B Immobilier Diekirch

7, rue du Marché

L-9260 Diekirch

Tel.: 26 81 13 99

diekirch@b-immobilier.lu

Mady Lutgen

Fotoen: Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply