Ech si mega

Sech selwer gutt ze fannen, sech selwer sou ze akzeptéiere wéi een ass a virun allem sech selwer gär ze hunn mat all senge Makel ass wuel fir kee vun eis einfach. Ma alles dat kann een awer léieren an domat verännert sech säi ganzt Liewen…

En Expert a puncto Bodypositivity ass d’Sandra Wurster. Hat ass Coach, huet en Buch doriwwer geschriwwe wéi wichteg et ass sech selwer gär ze hunn, bedreift d’Säit “Bauchfrauen.com” a wäert ab dem 13. Januar souguer op Sat.1 bei der Show “No Body is perfect” ze gesi sinn. Mir hunn mat him geschwat.

Wéi koumst du dozou Bodypositivity a Selflove Coach ze ginn?

Ech hunn mech nach ëmmer domat beschäftegt aner Fraen ze ënnerstëtzen, hunn mech vill mat menger eegener Verletzlechkeet ausernee gesat. Well ech Danzcoach war hunn ech mech och mam Thema Selbstléiwt befaasst an hunn vill Seminäre besicht. Ech krut mäin ganz Liewe laang Komplimenter fir meng Selbstsécherheet. Et huet mech verwonnert, dass ech Komplimenter kritt hunn fir mech selwer ze sinn. Ech hunn doriwwer nogeduecht, dass et dann en ganze Koup Leit muss ginn, déi net si selwer sinn. Mäin Courage ass mäin Potential an sou huet d’Thema Bodypositivity mech fonnt. Ech hunn als Bloggerin geschafft a war bei Shopping Queen dobäi. Esou ass eent bei dat anert komm an haut verdéngen ech mäin Liewe mat dësem Thema.

Wéi kannst du dir erkläre firwat Themae wéi Bodypositivity a Selflove esou boomen?

Theme boomen ëmmer just, wann ee Mangel do ass. Dat heescht, dass einfach nach net genuch an dëse Beräicher gemaach gouf. Et freet mech, dass den Hashtag Bodypositivity fir souvill Wierbel suergt an de sozialen Netzer. Och wann den Hashtag selwer vill diskutéiert gëtt.

Fakt ass, dass mat eise Selbstzweifel Kosmetikfirmen, Pharmaindustrien asw en Milliarde Geschäft maachen.

Mir musse verstoen, dass mir vill méi kënne si wéi just schéin. Mir kënne selwer definéiere wien mir sinn an eis net virschreiwe loosse vu Werbung, Marketing, Medien, eise Virfahre, wien mir ze sinn hunn. De Wandel fänkt ëmmer bei eis selwer un. Et ass super, dass lo och endlech d’Medie begräifen, dass mir all anescht sinn an zum Beispill Netflix lo och all Zort vu Fraekierpere weist. Sou kënne Jugendlecher sech méi unhuele wéi si sinn a musse kengem Ideal wéi dem Heidi Klum noeiferen….

Ma mir Mënschen hunn net nëmmen en Problem mat eisem Kierper. Mir sinn op d’Optimiséierung getrimmt. Vu klengem un kréie mir ëmmer nëmme gesot, wat mir maache kënnen, fir besser ze sinn, fir méi schéin ze sinn. An de Medie gëtt eis keng Realitéit gewisen an sou hunn mir stänneg dat Gefill net genuch ze sinn.

Mir musse begräifen, dass mir wäertvoll sinn, egal wéi mir ausgesinn.

Mir kënnen un eisem Ausgesi forme mee et kënnt op de Motiv hannendrun un. Mir dierfen ausbriechen aus eiser Erzéiung, achtsam sinn an iwwert eis nodenken. Wéi mir op d’Welt komm sinn hunn mir eis selwer gefeiert bis d’Gesellschaft an d’Erzéiung eis eppes aneres geléiert hunn.

Kann ee léieren sech selwer gär ze hunn?

Dat kann een net léiere mee mir kënnen eis erënneren un déi Zäit, wou mir eis nach selwer gär haten.

Sech selwer gär ze hunn ass eng Rees zu sech. Et kann een Elementer déi dozou gehéiere léiere wéi “nee” soen, seng Gefiller wouer huelen, oppasse wéi ee mat sech schwätzt a sou weider. Dat wichtegst ass sech selwer kenneléieren, seng Verletzlechkeet zou ze loossen an den untrainéierte Rollen a Masken Äddi ze soen.

Sech selwer, der wichtegster Persoun a Léift ze begéinen. Dono gëtt d’Liewe méi einfach. Ma sech selwer gär ze hunn ass een ni endege Prozess an dobäi soll een sech keen Drock maache well schliisslech gouf ee bal säi ganzt Liewe laang dorop trainéiert sech anescht ze gesinn…

Du bass ab dem 13. Januar op Sat 1. an der Show “No Body is perfect” ze gesinn, verréits du eis méi dozou?

Leider dierf ech nach näischt verroden. Et ass en wonnerbaart Gefill dass d’Thema Bodypositivity endlech och de Wee an de Fernseh gepackt huet. Et gëtt ganz vill Haut gewisen. Fir den Dréi war ech plaakeg…wat eng grouss Lebendegkeet a mir waakreg geruff huet. Et war immens befreiend fir mech.

 

D’Sandra Wurster kënnt iwwregens de 25.01. 2020 fir en Bodypositivity a Selflove Workshop op Lëtzebuerg an den Hotel Dahm. Tickets ginn et hei.

 

Mady Lutgen

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply