Elektresch a stylesch

De perfekte Familljenauto soll praktesch a stylesch sinn, vill Plaz hunn, ëmweltfrëndlech an och nach gutt ze fuere sinn. Jo, mir hunn héich Uspréch an dofir teste mir fir iech den neien Audi e-tron.

Elektresch Autoe gehéieren an eisen Alldag och wann mir där am Moment nach nik esouvill gesinn. An en puer Joer soll dat ewer ganz anescht ausgesinn, da sollen et nämlech vill méi elektresch Autoe gin…

Den e-tron gefält mir vu bausse ganz gutt. En ass elegant mat engem Touch vu Sportlechkeet. Et ass en groussen Auto mat vill Plaz fir d’Kanner, d’Akaafsstuten an eng Kutsch kritt een och locker an d’Mall. An et gëtt en a wierklech super schéine Faarwen.

Ech setze mech a mäin neie Cruiser a si beandrockt vum Cockpit. Alles ass via Touchscreen gesteiert, dat heescht wann ee mat engem Smartphone eens gëtt, ass d’Bedéngen hei och ganz einfach. Den Hightech deen den Auto eleng schonn duerch den elektro Moto mat sech bréngt, gëtt duerch en Hightech Design vum Fuercockpit nach eng Kéier ënnerstrach. Den e-tron Logo gëtt via der Dir mat engem Luuchtstraal op dee Buedem projezéiert. Lauter sou Spillereien déi eis Frae gefalen, an där fannen ech der ëmmer erëm.

Fir den Auto unzemaache brauch ech just en Knäppchen ze drécken an d’Umaache mécht och kee Geräisch wat komesch ass am Ufank. Well et weess een doduerch nik, ob den Auto lo un ass oder nik, dat ass ewer just am Ufank de Fall, dono huet een den Dréi séier eraus. Et sëtzt ee ganz bequem, riets kann een den Handy einfach op ee Magnéit leen. De Smartphone gëtt automatesch sou opgelueden. Den Auto freet mech ob en sech mat mengem Handy soll connectéieren an ech soe jo.

Zack leeft meng Musek an ech hunn wierklech Loscht ze teste wéi deen Elektroauto sech fiert. Lass geet et Direktioun Éisleck. D’Fueren ass anescht well den Auto kee Geräisch vu sech gëtt, wat ewer ganz angenehm ass. D’Fueren huet en bëssen eppes vu Fléien…

A wien elo mengt, dass dëse Baby wéinst dem elektro Moto kee Féier am Aarsch huet, deen iert sech, well mir sinn an 8 Sekonne vun 0 op 100.

Déi Fro déi elo jiddereen sech stellt : Wéi laang packt den Auto et dann éier en muss opgeluede ginn. Mam Audi e-tron kann een 300 km fueren an da muss en un de Stecker. Den eenzege Problem ass, et muss een ëmmer am Kapp hunn, wann ee wäit fiert, wou een de Baby kann oplueden. De Stecker fir opzelueden ass an der Mall an et kann een den Auto och doheem un d’Steckdous hänken. Mëttlerweil ginn et jo och ëffentlech Stroumtankstellen, déi sinn allerdéngs am Moment nach nik ganz heefeg. Mee och dat ännert sech an Zukunft. Fir wierklech laang Strecken eegent den e-tron sech nik, well en dotëscht eben ëmmer muss opgeluede ginn. Do heescht et Gedold hunn well d’vollstänneg Oplueden dauert 3 Stonnen.

Fir d’Parken ze teste si mir a sämtlech Parkhaiser vun der City gefuer. Trotzdeem den Auto laang ass, kritt een en einfach geparkt well iwwerall Kamerae sinn. Mat der Audi App kann een den Elektroauto souguer vu wäitem op an zoumaachen a moies schonn d’Sëtzheizung aschalten éier een aus dem Haus geet.

Eise Fazit : Den neien e-tron ass chic a sportlech. En fiert sech einfach mat vill Fuerspaass garantéiert. En huet vill Plaz mat flottem Schnick Snack. Eenzegen Nodeel, dass een keng laang Reesen ouni 3 Stonne Paus domat maache kann. Mee et ass en perfekten Auto fir am Alldag. De stolze Basispräis läit bei 80.000 Euro, jo, dat ass nik geschenkt, ma et ass ewer eng gutt Investitioun an eis Ëmwelt.

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply