Eng Taass Gléck

An, hutt Dir och schonn de Kamäin ugeschmass? Wann d’Halloweensdeko bis an de Butteker verschwënnt an d’Chrëschtbullen esou lues hire Wee an d’Regaler fannen, da gëtt et näischt méi ze wëllen: den Hierscht ass offiziell do. Ma wien awer Moies schonn d’Flemm kritt, wann en d’Rolllueden eropzitt an den Himmel nach gro ass, deen dierf sech elo eng Kéier ferme rëselen an d’Aen grouss opmaachen. Well Hierscht, dat bedeit net just zoppnaass Féiss a méi kuerz Deeg, mee virun allem eppes: d’Schocki-Zäit ass do! Wann d’Blieder ufänken, déi schéinste Faarwen ze kréien, op Netflix Gilmore Girls erëm ganz uewen op der Lëscht steet an och soss alles no Kuschelen um Kanapee rifft, dann dierfe virun allem mir Fraen nees opootmen, well d’Bikinifigur wandert elo erëm an de Schaf (oder ënnert d’Röllchen op der Hëft). Well Kalorien hin oder hir, et geet dach näischt iwwer e gudde waarme Schocki, am beschte mat vill Schlagsahn uewendrop an engem Stéck Kuch niewebäi.

An obwuel Lëtzebuerg jo Food-méisseg oft ë bësse méi lues ass wéi déi aner, huet eist klengt Ländche mëttlerweil och eng ganz Rëtsch Plazen ze bidden, bei deene Schocki grouss geschriwwe gëtt. An nee, mir schwätzen net vun de Klassiker à la Starbucks, Coffee Fellows oder Golden Bean (woubäi hir Hierscht-Kreatiounen och deen een oder anere schwaach gi loossen, ech soe just: Sweet Cinnamon, Pumpkin Spice an Apple-Crumble… mmmh). Wat mir mengen, sinn d’places-to-be wann et ëm dat eent waarmt Gedrénks geet, wat Iech garantéiert de verreenten Dag verséisst. Éierewuert.

Op der Plaz Nummer eent steet an eiser Lëscht ganz kloer de Chique-o-Latte. De Newcomer aus Holland ass nach net mega laang an der Stad, mee huet d’Schokelashäerze vu Lëtzebuerg am Stuerm erobert. Kinder Bueno, Oreo, Kichelcher, jo esouguer ganz Donuts kann een sech am klenge Café an der rue des Bains op säi Schocki leeë loossen. Wat méi héich, wat besser, well am Chique-o-Latte gëtt et (bal) näischt, wat et net gëtt. D’Toppings si mindestens esou fancy wéi den Dekor vum zweestäckege Shop, dee mat vill knallege Faarwen an enger romantescher Beliichtung och wierklech all Insta-Selfie gutt ausgesi léisst. Wat awer op den éischte Bléck ë bëssen no engem Hipster-Hotspot ausgesäit, ass e Besuch definitiv derwäert. Hate mir schonn erwäänt, dass een hei nieft gäile Schockien (anescht kann een se net nennen) och eng speziell Chiqueolatte Fondue bestelle kann? Mhm, Dir hutt richteg héieren. Schokelasfondue. Mat Marshmellows, an Uebst, a Cookies. Wann dat kee Grond ass fir och am Reen bis an d’Stad ze goen…

Op Nummer zwee kënnt – wéi kéint et aneschters sinn – d’Chocolate House. Wie Schockela seet, dee seet och Nathalie Bonn, well d’Kreatioune vun der Chocolate House Grënnerin si wéi aus enger anerer Welt. Schonn eleng d’Gebai aus dem 15. Joerhonnert ass e richtegen Augenschmaus a mat senger Lag  direkt vis-à-vis vum Palais och ëmmer gutt besicht. Et gëtt wahrscheinlech keng Top Ten Lëscht am Internet, déi d’Chocolate House net als eng vun de beschte „Kaffee&Kuchen“-Ecken aus Europa opzielt. A mat Rescht, well hei ass d’Auswiel esou grouss, dass een oft einfach mol eng véierel Stonn domat verbréngt, all déi mega schéi Kuchen, Knippercher an „Hot Chocolate Spoons“ einfach mol ze bestaunen. Spoon wat? Richteg héieren: nieft allméigleche séisse Schneekereien ass d’Spezialitéit vum Chocolate House nämlech Schocki fir selwer ze schmëlzen. D’Goûte vum Schockela um Läffel gi vun Apfelstrudel iwwer Hot Chili bis hin zu Speculoos a sinn ee besser wéi deen aneren. Fir d’Feierdeeg komme bei déi iwwer 40 verschidde Schockizorten all Joers nach néi Kreatiounen dobäi, fir dass de Choix dann nach méi schwéier fält. Ze fanne gëtt et d’Spoons op den dräi Plaze vum Chocolate House: an der Staat, zu Miersch an zu Iechternach.

Dee leschten an der Lëscht ass d’Bar vu Chocolats du Coeurs zu Walfer. Säit dem 1. Juni 2016 kritt een hei Knippercher an Desserten aus den Ateliers du Tricentenaire ze kafen, eng vun de Plazen am Menü ass dann awer fir Schocki reservéiert. Den hausgemaachte Becher voll Genoss gëtt et a verschiddenen Zorten an zwar mat Cocoa aus Lëtzebuerg, Peru, Haiti an Ecuador. Fir déi kal Joreszäit presentéiert d’Ekipp vu Chocolats du Coeur dann och all Mount eng ganz besonnesch Kreatioun. Am September war des e Schocki mat salzegem Karamell, Mandelen, schwaarzem Schockela a Schlagsahn, fir Halloween huet  d’Rezept Karamell-Crème geheescht, Schockelasbotter a salzeg Schocko-Kakuetten. Klengt speziell? Ass et och, mee e Bléck op d’Taass geet duer an et muss een de Schocki einfach schmaachen. Eng gutt Crèpe dobäi an eng Knippche fir ënnerwee a schonn ass den Dag gerett. Schliisslech kënnt dëse Schocki jo vun Häerzen.

Wien elo nach ëmmer muffeg op déi nächst Méint kuckt, deem rode mir: eran an de Reemantel, eraus an d’Stad an d’Nues bis kuerz duerch d’Dir vun engem vun dëse Schocki-Paradäiser stiechen. A wann net spéitstens dann d’Glécksgefiller vum Hierscht asetzen… Näischt dann, well keng Léift fir Schocki ass dach eigentlech net méiglech, oder?

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply