Fall in love with you

Bass du frou mat dir? Eng einfach Fro wou d’Äntwert ewer fir déi meescht nik einfach ass. “Jo mee…” wäerten der vill vun eech äntweren. “Mäin Bauch ass ze déck”,  “Ech sinn ze kleng”, “Ech hunn Picklen”, “Meng Stëmm ass ze hell”, “Ech kann näischt”, dat sinn elo just en puer Gedanken déi jidderee vun eis kennt. An dobäi maache jo grad déi Makel eis zu dem wat mir sinn. Ma sech gär ze hunn, geet ewer nach vill méi wäit, wéi just seng Makel a säi Spigelbild unzehuelen…

D’Léift zu sech selwer ass wuel déi schwieregst Léift well keen engem déi bäibréngt. Ma wann een sech nik an sech selwer verléift, da verléift d’Liewen an anerer sech och nik an een. Et ass déi wichtegst Libesgeschicht iwwerhaapt!
D’Kandheet präägt eis. Elteren, Famill, Frënn, Leierpersonal…oft kréie mir just gesot wat mir nik kënnen oder ënnert d’Nues gehale wéi kromm dach eis Nues ass oder dass mir ze déck oder ze dënn, ze kleng oder ze grouss sinn. Déi eng krute vill Léift, anerer manner. Dann kënnt nach eng Gesellschaft dobäi déi just op d’Ausgesi fixéiert ass a wann een nik sou ausgesäit wéi d’Medien engem et virschreiwen dann zweiwelt een un sech.

Sech selwer gär ze hunn kann een ewer léieren. Ech hat mäin ganzt Liewe Problemer domat mech a mech ze verléiwen an ech géif léie wann ech soe géif dass ech all Dag opstinn an denken: “Wow Mady, du bass einfach super”. Mee an de leschte Joren hunn ech vill Bicher gelies, Workshops besicht, Therapië gemaach, also zesoen alles gemaach fir dass ech mech gutt fanne kann. An an der Theorie ass alles ëmmer immens einfach mee do ass dann d’Praxis…dir wësst et selwer, déi ass schwéier! Mat der Zäit ass et ewer tatsächlech besser ginn dofir loossen ech eech un puer vu menge Gedanken deelhuelen.

Oft gesäit ee guer nik, dass een sech selwer schlecht behandelt. Et stécht een zum Beispill an enger Relatioun dran, déi een nik frou mécht, mee se ass besser wéi eleng ze si seet een sech. Mee ass dat wierklech sou?

Mir sichen déi Léift déi mir eis nik ginn oder déi mir nik an eis fille bei aneren…an déi dinn eis da wéi. Mir sinn eis et oft nik wäert genuch, dass een eis gutt behandelt. Do fänkt et also schonn un. Wéi behandels du dech? An gëss du gutt vun denge Leit ronderëm dech behandelt?

Wann een nik frou mat sech ass, léist een alles mat sech maachen, et fäert ee fir “Nee” ze soe well da kënne jo anerer nik méi frou mat engem sinn. Mee déi aner kënnen och nëmme wierklech frou mat engem si wann ee selwer och frou mat sech ass. D’Verhale vun deenen aneren ännert sech automatesch wann een säin eegene Wäert erkennt an ufänkt sech gär ze hunn. Sou ass et mir op alle Fall gaangen. Ech wollt ëmmer jidderengem et Recht maachen. Ech hunn mech nik getraut “Nee” ze soen. Anerer hunn meng Grenzen iwwerschratt. Ech wollt ëmmer dass jidderee frou mat mir ass, dobäi war ech ebe just nik frou genuch mat mir. Haut kucken ech besser no mir. Am Ufank duecht ech, dass dat jo egoistesch ass no sech ze kucken, dono ze kucken dass et mir gutt geet. Mee ech hunn geléiert, dass ech nëmme ka fir anerer do sinn an no anere kucken, wann et mir selwer gutt geet. A wien kinnt besser no mir kucke wéi ech selwer, well ech jo am beschte weess wat mir gutt deet a wat ech brauch.

Wéi scho gesot war dat nik ëmmer sou bei mir, ech hunn Jore gebraucht fir mech gär ze hunn an och haut fält et mir heiansdo nach schwéier. Ech hat ëmmer erëm ongesond Relatiounen. Ob elo mat Familljememberen, Frënn oder Männer. Ëmmer erem sinn ech op Mënsche getraff, déi sech selwer och nik gär haten an dann deet een sech just geigensäiteg wéi.

Et erwaart ee vun dem aneren, dass deen ee soll frou maachen oder dat Lach wat ee fillt, soll fëllen.

Ech si Mënschen hannendru gelaaf…aus Angscht se ze verléieren. Ma wann een sech selwer wäertschätzt, da brauch ee kengem hannendrun ze lafen.

Mënschen déi sech nik gär hunn, versichen och op verschidden Arte Léift ze sichen. Probéieren hiren Ego ze boosten oder dat Lach mat eppes anerem ze compenséieren an der Hoffnung eppes ze fanne wat se frou mécht, se sichen eng Léift zu eppes…Oder et ginn der och déi sech just oflenken, fir nik no bannen ze kucken. Well wéi gesot, sech a sech selwer ze verléiwen ass Aarbescht, an nik jidderee wëll u sech schaffen an och nik jiddereen ass sech iwwerhaapt bewosst, dass en virun eppes fortleeft.

Zur “Selbstléiwt”, (ech froe mech ob et do iwwerhaapt en lëtzebuergescht Wuert gëtt ?!), gehéiert et ewer nik nëmmen dozou toxesche Relatiounen aus dem Wee ze goen. Wann ee frou mat sech ass, kuckt een och dass et sengem Kierper baussen a banne gutt geet. Et beweegt een sech fir sech eppes Guddes ze dinn an nik fir säi Kierper ze bestrofe, well en nik sou ass wéi een sech dat virgestallt huet oder just fir ofzehuelen. Wann ee frou mat sech ass ësst ee gesond, jo, a et gënnt een sech och mol eppes, well een sech jo nik bestrofe muss. Wann ee frou mat sech ass genéisst een an et verzeit een sech och mol wann een nik perfekt ass a Feeler mécht. Wann ee frou mat sech ass probéiert een och ze raschten, ze relaxéieren, eng Paus ze maache wann ee midd ass…

Wann ee frou mat sech ass, lauschtert een op sech selwer a kuckt och no senge Bedürfnisser.

Och hei wousst ech ni wat ech dann iwwerhaapt wéilt. A wann ech mol nik weess wat ech wëll, wien soll et da wëssen? Dofir hunn ech ugefaangen erauszefanne wat ech wëll. Berufflech wéi och privat. Natierlech klappt nik ëmmer alles sou wéi een dat wëll, mee wéinstens huet ee mol en Plang. Den Drampartner  kann een eben elo nik erbäizauberen. Ma et kann een ewer mol iwwerleeën ob a wéi en eng Famill iwwerhaapt wëll. Ech hunn och sexuell gesinn, oft Saachen einfach gemaach, fir mengem Partner eng Freet ze maachen. Sou no deem Motto “Haaptsaach hien huet säi Spaass”. An och hei geet et jo ewer och em ee selwer an op dat wat engem selwer gutt deet.

Ech schreiwen hei vu mir, ech deele meng Erfarungen a Gedanke mat dir. Dat do sinn alles Informatiounen déi ech vun etleche Workshops, Therapien a Bicher gesammelt hunn an ech wëll dat mat dir deelen. Vläicht sees du “dat ass alles Quatsch”, dat kanns du och roueg a vläicht sees du ewer och, “ah doriwwer denken ech no”, an da freet et mech.

Hei nach eng kleng Übung déi iwwerall ëmmer opgetaucht ass wann ech Bicher iwwert “Selflove” gelies hunn:
Ziel dir all Dag Saachen op déits du gär un dir hues a Saachen déits du gutt kanns. Du kanns dir se och opschreiwen an iergendwou hinpechen an dir se all Dag ukucken an haart opsoen. Du wäerts mierken, dass du doduerch all Dag en Stéck méi frou mat dir gëss. An denk ëmmer drun, du bass mega sou wéis du bass an du bass eenzegaarteg et gëtt keen sou wéis du op der ganzer Welt. Dofir sief frou doriwwer a virun allem mat dir.

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply