Flower of communication

Déi eng tätowéiren sech well et hinnen eppes bedeid anerer fannen et einfach just schéin. Zanter éiweg tätowéieren d’Mënschen sech. Freier hunn d’Urvëlker sech tätowéiert fir ze weisen zu wéi engem Stamm si gehéieren oder och aus reliéise Grënn. An elo am Fréijoer wou erëm méi Haut gewise gëtt, gesäit een dann och nees vill Hautaccessoiren op der Strooss.

Fir de Projet MADI wollt ech mir och en Tattoo stieche loossen, als Symbol fir en neien Ufank. Ech wousst just nik richteg wat. Wouhin en sollt kommen, wousst ech scho méi laang: uewen an d’Mëtt vum Réck. Op Facebook sinn ech op d’Manuela Ruas opmierksam ginn. Hatt mëscht Ritual Tattoos, dat heescht, dass virum Tätowéieren en Ritual ofgehale gëtt. Dat huet mech virwëtzeg gemaach a mäin Bauch sot mir, dass ech mir en Tattoo vum Manuela maache loosse soll.

Vun enger Frëndin kréien ech d’Nummer vum Manuela a mir maache via WhatsApp en Rendezvous aus. Hatt freet mech firwat ech mir wëll en Tattoo maache loossen a wéi eng Emotiounen ech domat verbannen.

D’Manuela Ruas kënnt aus Brasilien a war schonn als Kand vun der Spiritualitéit faszinéiert, seng Mamm huet hatt op dëse Wee bruecht. Zanter dësem Moment sammelt hatt seng Erfarunge bei verschiddene Stämm oder Frënn. Op den “Handpoke-Tattoo” ass hatt duerch eng Bekannte gestouss. Hatt selwer seet dass déi Zort vun Tattoo einfach en méi schéint Resultat opweist. Beim Handpoke gëtt Tënt mat der Hand an enger Nol ënnert d’Haut gedréckt an nik wéi bei engem normalen Tattoo mat enger Maschinn.

Wärend dem Gespréich freet hatt mech wat mir am Liewe wichteg ass a firwat ech mir den Tattoo maache well. Och freet et mech en bëssen iwwert meng Famill aus. An engem Buch weisen ech him wei eng Motiver ech gutt fannen. Dono zeechent d’Manuela intuitiv meng Tätowéierung. Hatt erkläert mir wat hatt mat allem soe well, an et schwätzt mir aus dem Häerz. Dobäi erauskomm ass eng “Flower of communication”, woumat ee mäin neie Start och nik besser kënnt beschreiwen. Éier et un Tätowéiere geet, muss ech nach zwee Kristallen eraussichen, och hei lauschteren ech op mäin Bauchgefill. D’Kristaller sollen hir Energie duerch d’Nol weider ginn.

Elo ass et um Ritual. D’Manuela séngt a biet zum Universum. Duerno meditéiere mir. Ech hunn keng Erfarung domat, mee et ass schéin. No dem Ritual geet et un d’Tätowéieren. Néng Stonne probéiert déi Nol “best friends” mat mengem Réck ze sinn an zum Schluss kréien déi zwee ewer Sträit. Et deet wéi an den Tattoo war deier, well d’Manuela ebe mat den Hänn schafft, geet et just lues virun an hatt freet 80 Euro d’Stonn. Mee ech sinn immens zefridde mam Resultat.

Ech hunn elo eppes Eemoleges op mengem Réck an hunn vill positiv Energie matgeholl.

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply