Fly high

Kennst du dat Gefill vun engem Moment op den aneren ze wëssen, dass du eppes esou nik méi wëlls? Däin Bauch seet dir kloer Stop. Ob dat lo am Beruf ass oder am privaten. Meeschtens trëtt an sou Momenter Angscht op, Zweifel an Aussiichtslosegkeet. Mee wat ass wann en schwierege Moment vläicht grad eng Chance ass ? Vläicht ass elo grad de Moment fir däin Dram ze realiséieren, de Schratt an d’Selbststännegkeet ze woen oder däi Partner ze verloossen an ze reesen.
Jidderee vun eis geet duerch schwiereg Phasen. Déi eng bléiwen an dëser Phase hänken a bedaueren sech a wëllen näischt änneren, fannen sech domat of dass d’Liewen einfach Schäiss ass. Anerer stellen dee Moment hiert Liewen a Fro a wëllen eppes änneren se wësse just nik direkt wat. Op alle Fall huet jidderee vun eis d’Méiglechkeet säi Liewen sou ze gestalte wéi en wëll.

Mir sinn de Regisseur vun eisem eegene Film mir spillen nik just eng Statistenroll.

Dat schéinst Symbol fir eng Entwécklung an eppes Schéines ass wuel de Päiperlek, de Millermoaler. Dofir hunn mir fir eist lëscht Event am Hôtel le Place d’Armes de Päiperlek als Thema erausgesicht mat 8 Expertinnen an hirem Beräich déi all ee Message haten.

Tessy de Nassau gesäit de Millermoaler och als Symbol dofir, dass een seng eege Schéinheet dacks nik gesäit, mee anerer se ewer gesinn. No senger Trennung vum Prënz Louis huet Tessy ee Burnout duerchlieft an huet sech psychologesch Hëllef gesicht. No dëser schwéierer Zäit start hat elo als Businessfra duerch a setzt sech a fir Fraen a Kanner an der ganzer Welt.

Och d’Jil Michels huet nodeems et sech u senger Hand verletzt huet missen duerch eng haart Phase goe wärend där hatt sech decidéiert huet sech selbstänneg ze maachen an säin eegene Centre de Beauté opzemaachen «Perfect beauty by Jil ». Hatt huet am Ufank missen a Bare kellnere fir iwwert d’Ronnen ze kommen. Haut iwwerleet hatt fir eng weider Estheticienne anzestellen a setzt sech an der Federatioun fir säi Beruff an.

Jennifer Carat huet sech och mam Krava Maga Center zu Bäreldeng mat sengem Partner Marc Stoltz an d’Selbststännegkeet gewot an huet no der Arméi a Polizei seng Sécherheet opginn an en grousse Challenge op sech geholl. D’Jenny huet sech getraut eppes Neies hei zu Lëtzebuerg auszeprobéieren a säin Dram nom Motto « Never give up » ze realiséieren. Haut leed hatt an säi Frënd zwee Krav Maga Centeren an hunn en ganze Coup Leit ënnert sech schaffen.

D’Carole Miltgen huet seng eege Firma Prisma, steet seng Fra an der Finanz-Branche déi vu Männer dominéiert gëtt. Fir hatt ass et wichteg säi Kënnen un seng Leit weiderginn an hatt wëll all Joer eppes Neies bailéieren. Stillstand bedeit ass fir hatt den Doud an sou durechliewt d’Carole eng Transformatioun no där anerer.

D’Christine Hansen war Engleschproff, huet sech dunn als Sleepingcoach selbststänneg gemaach. Fir d’Christine war et am Ufank nik einfach säin eege Wäert ze erkennen. Duerch d’Sammlen vu sengen Erfarunge seet hatt elo, dass een als éischt säin eege Wäert muss wëssen, sou och déi Präisser freet an een nik nëmme muss haart schaffe fir Geld ze verdéngen. De Succès kënnt wann een säin eegene Wäert erkannt huet, domat och dann d’Suen. An alles dat da mat vill Freed verbonnen ass.

Dr Denisa Rensen ass Expertin wat d’Altere vu bannen a baussen ugeet. Hatt reest duerch d’Welt a weess dass d’Fra sech an engem Wandel befënnt. D’Fra ewer eréischt richteg an hier Energie a Freet kënnt wann se och hier Sexualitéit lieft an hier Leidenschaft entdeckt. Dass dëst en ganz wichtege Faktor spillt bei der Entwécklung vum Millermoaler deen an engem stécht.

D’Irene Masiku schafft als Happinesscoach. Hatt seet, dass de Millermoaler mengt en géif stierwen éier en fléie kann. An dass mir all mussen duerch déi schwéier Zäite goe fir ze léieren a fir eis weiderentwéckelen, well mir just léiere wann et eis schlecht geet a mir éischt  dono fräi sinn a fléien.

D’Judith Teusch-Schmit huet en Kaiserschnitt erliewt wou d’Peridural nik gewierkt huet an ass duerch d’Hell gaangen. Duerch dës Horrorerfarung ass hatt op déi humanistesch Hypnose gestouss an kann haut mat dëser Method anere Mënsche mat Traumaen an anere Problemer hëllefen, dass se dono fräi vun all deem Misär sinn.

Een Owend voller staarke Momenter a Messagë wou jiddereen dono en bësse méi staark a méi frou heemgaangen ass. Dëst Event wier ouni déi super Organisatioun vum Feyrouz hannert de Kulissen nik méiglech gewiescht. En grousse Merci soe mir, dem Hôtel le Place d’Armes, dem Lynn vu Luxwedding fir d’Blummendekoratioun, Extact-Lasercut fir déi wonnerschéi Selfiewand, Bernard-Massard fir de Crémant, Leslie Schmit fir d’Fotoen, de Kënschtler Lisa Junius a Graffiti Sader fir hir Installatiounen.
Mir freeën eis schonn op dat nächst Event.

 

Mady Lutgen

Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

One comment

  1. Schéinen Artikel matt lauter Powerfraaen.

Leave a Reply