Form your Body

Et gëtt esou lues méi waarm dobaussen an d’Wandverkleedung gëtt Stepp by Stepp wechgeraumt. Jo mir weisen och méi Haut a wëllen dann natierlech sou gutt wéi méiglech ausgesinn…

Nik jiddereen ass mat der Form vu sengem Kierper zefridden. Ech och nik. Och wann ech mech sou akzeptéiere wéi ech sinn, ginn et u mengem Kierper Platzen déi ech manner schéi fannen. Mäin Bauch a meng Been kinnten zum Beispill eng kleng Straffung verdroen.

Huet dir schonn emol vu formender Ënnerwäsch héieren? Ech duecht, dat wier just eppes fir méi eeler Dammen. Ma ech hunn viru Joren zu Berlin formend Ënnerwäsch fir mech entdeckt an dinn zanter hier där Wäsch all Dag un. Ech hunn zum Beispill en Rack vu Spanx deen ech ënnert all anere Rack kann drënner undinn. Dëse formende Rack gesäit een nik. En ass och lo nik sou formend dass een sech muss ranpressen a wann ech en unhu gesinn ech och nik aus wéi sou eng gepresste Wurscht.

Ma ech fille mech einfach méi gehalen, meng Broscht, mäin Réck an eben och mäin Bauch a meng Been. An d’Kleeder doriwwer fale besser.

Ech hunn elo viru kuerzem formend Ënnerwäsch vu Juchheim op Facebook gesinn, déi niewen der formender Wierkung och nach soll Cellulite a Fettpölstercher wärend dem Droe soll bekämpfen. Bal ze schéi fir wouer ze sinn oder?

Fir d’éischt soll d’Panty d’Figur modeléieren, virun allem de Bauch, den Hënner an d’Been. D’Kierperwäermt gëtt dank innovativer Textilien an d’Gewebe reflektéiert wat fir en nohaltege Slimeffekt wierke soll. Wann een dann och nach zousätzlech d’Crème ByeBye Cellulite, Lipo Sculp oder 3D Bodylift benotzt, soll dës Kombinatioun richteg Wonner vollbréngen.

Juchheim versprécht dass d’Been méi liicht ginn. D’Hautbild soll sech verbessere méi glat a manner Falen opweisen an den Ëmfang soll och manner ginn.

Ech hunn d’Panty lo eng Woch laang getest. Se sëtzt perfekt an ass ganz angeneem ze droen. De Formingeffekt ass real do.

Effektiv hunn ech och un Empfang verluer, ma ech ginn zanter der Quarantän och all Dag 7-8km ze Fouss. Dofir wees ech nik ob dat lo un der Panty oder um Zefoussgoe leit. Vläicht ass et d’Kombinatioun vu béidem.

D’Panty soll een sech eng Nummer méi kleng bestelle wéi normalerweis fir dass se richteg sëtzt. Den Effekt soll een och gesinn wann een sech am Alldag ganz normal beweegt. Juchheim bitt nieft der Panty och nach Leggings an aner formend Ënnerwäsch un am nude Toun oder am schwaarzen. D’Leggings kann een souguer als normal Leggins undoen. Ech droen d’Panty op alle Fall immens gären, well se ganz angenehm ass. Et spiirt een se nik a mam Effekt sinn ech och ganz zefridden a wäert se weider undoen.

Bei formender Ënnerwäsch muss een allerdings op puer Saachen obpassen. Ënnert engem Rack dréit een am beschten och en formende Rack drënner an ënnert eng Box eng Box.

Well wann een ënnert engem Rack eng Box undeed, kann een mol den Iwergang vun der Panty op d’Haut vun den Been gesinn an dat gesäit een dann och um Rack.

Test einfach en bëssi aus wat fir iech am beschten passt.

An dës Ënnerwäsch ass nik nëmmen eppes fir mei ronn Fraen, och dënn Fraen benotzen formend Ënnerwäsch, einfach well verschidde Kleedunsgstécker domat besser ausgesinn.

An deem Sënn vill Spaass beim Testen. Bestellen kënnt dir se iwwrigens hei. Beim Kaaf vun 119 Euro kritt dir de Versand gratis a souguer Kaddoen am Wert vun 40 Euro dobäi, en Lipliner an e Lëppestëft. Einfach just den Code Ostern2020 an der Kees aginn. Wann dat kee flotten Ouschterkaddo ass.

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply