Gebuertsheldin

1985 huet d’Martine Welter ugefaangen als infirmière graduée am Gesondheetssecteur ze schaffen. Als jonkt Meedchen aus enger medezinesch gepräägter Famill huet déi haut 57-Järeg scho fréi en Interessi fir de weibleche Kierper entwéckelt a konnt sech fir all dat begeeschteren, wat eis Fraen ausmëscht. E gewëssenen „Emanzipatiounswëllen“ nennt d’Hiewamm et, deen si zu hirem Dramberuff gefouert huet. Ma et sollt fir d’Martine Welter awer net bei der klassescher Karriere vun enger “accoucheuse” bleiwen an 1999 koum de Schratt an d’Selbststännegkeet. Haut ass d’Independante vu Miersch zwar net méi bei Accouchementer an der Maternité mat dobäi, mee déi eenzeg Hiewamm am Land, déi Cliente bei enger Hausgebuert doheem betreit, an dat sinn der an der Moyenne siwe pro Joer.

Ma net nëmmen dann ass d’Expertise vun der Hiewamm gefrot. „Zu menger Aarbecht gehéiert esouwuel d’Schwangerschafts-, ewéi och déi ganz Wochebettbegleedung. Dat heescht ech gi bei all Fra tëscht dräi a sechs Mol, gréisstendeels awer eréischt no der Gebuert, well zu Lëtzebuerg gëtt d’Betreiung wärend der Schwangerschaft quasi just vum Fraendokter gemaach“, esou déi 57-Järeg. Bei 296 betreite Fraen am leschte Joer gëtt et fir d’Martine e Feierowend wéi en am Buch steet also eigentlech bal ni,  an och wärend eisem Interview schellt den Telefon zwee mol, well frësch gebaakten Elteren der Hiewamm hire Rot brauchen. En Job, deen definitiv net eppes fir jiddereen ass – “hefteg” ass d’Wuert, wat déi 57-Järeg dofir benotzt: “Et muss ee schnell Decisioune kënnen treffen a flexibel vun den Horairë sinn, mee virun allem brauch een awer och de néidege Feeling fir dat Ganzt eriwwer an dat Soft ze bréngen.” Tëschent dräi an aacht Visitte stinn all Dag um Programm vun der Hiewamm, dozou nach d’Stonnen am Auto gerechent, ergëtt sech schnell d’Erkenntnis, dass et sech net em en klasseschen 8.00-17.00 Job handelt.

“Et ass net ëmmer einfach, wann een am Spidol schafft da kann een no senger Schicht d’Maternitésdir zoumaachen an d’Aarbecht do loossen. Dat geet als Independante net”

Et ass dann och eng vun den Haaptschwieregkeete vum Metier, fir dat geléiert medezinescht Backgroundwësse mam Mënschlechen ze verbannen, ouni dobäi déi eege Professionalitéit ze vergiessen.

“Et muss een e Koffer hanne stoen hunn, wou alles dran ass. Eng Gebuert ass am Prinzip eppes Normales a Schéines, mee et ass keen Zockerschlecken an heiansdo ass ee frou, wann een op en Dokter oder eng Cesarienne zeréckgräife kann. Dofir ass eng Hausgebuert och net eppes, wat ech jidderengem géing uroden“

E bësse wéi Klotere beschreift si de Prozess, bei dem et virun allem drëms geet, sech selwer a säi Vis-à-vis aschätzen ze kënnen: „Eng gutt Hiewamm mëscht amfong guer näischt. Ech sinn einfach do mat menger Rou a menger Geloossenheet a lauschtere wéi d’Fra otemt, op se schonn dréckt, awer ouni dass si sech beobacht fillt.“ Eng zeréckhalend Haltung also, déi weder dem Papp seng Plaz ewechhuele soll, nach den zukünftegen Elteren hir Erfarung op iergendeng Manéier beaflossen dierf. „All Gebuert ass eenzegaarteg, mee et geet net am mäin Erliefnis, mee em der Koppel hiert“, esou d’Martine.

Ma wat muss een dann iwwerhaapt maachen, fir dësen All-Around-Job ze léieren? D’Formatioun fir Hiewamm ze ginn ass den Ament op dräi Joer à entrée directe no engem Bac technique oder classique festgeluecht, spréch wéi en hierkëmmleche BTS. D’Bestriewe vum Hiewammeverband ass et allerdéngs, d’Ausbildung mat engem Bachelor gläichsetzen ze loossen (esou wei et a quasi all anerem europäesche Land de Fall ass), well vun de Studente gëtt mindestens genau esou vill ofverlaangt. „Elo ass et sou, dass all Joer eng 20 Jonker d’Ausbildung ufänken, an hannen awer nëmme fënnef Stéck erauskommen“, erkläert d’Martine. Dëst kéint dann och eng vun den Erklärunge sinn, firwat dass no der Hiewamm vu Miersch kee méi kënnt, deen hir Plaz am Secteur iwwerhëlt. Zwar ginn et nach zwou aner Sage-femmes, déi deelweis och bei Hausgebuerte mat dobäi sinn, ma esou wierklech dorop spezialiséiert ass den Ament awer keen.

Generell hapert et awer virun allem bei der néideger Unerkennung vum Hiewammsmetier hei am Land, seet déi 57-Järeg.

“Eise Problem ass, dass de Beruff geschichtlech gesi schonn ëmmer e Fraeberuff war, vun deem d’Leit ugeholl hunn, dass dat einfach esou ass an näischt kascht. E bësse wéi eng Hausfra. Dat ass och de Grond, firwat mir eis statutméisseg immens schwéier dinn”

Eng Tatsaach, mat der d’Associatioun vun de Hiewamme säit hirer 100-järeger Existenz staark ze kämpfen huet. Ma eigentlech misst et awer guer net esou sinn, well et ginn och Länner, déi heiran anescht funktionéieren. “Ech hu wärend menge Studie geléiert, wat eng Hiewamm dierf maachen a wat net, mee bei menger éischter Beruffserfarung hunn ech dat awer dunn guer net esou erlieft. Et huet ee missen oppassen, dass een den Dokter net ze fréi rifft, awer och net ze spéit, an einfach dat ganzt selbststännegt Schaffe war net do”, esou d’Martine. An engem Observatiounsstage an Holland huet si dunn eng ganz nei Perspektiv ze gesi kritt.

 “Do war ech déi éischte Kéier bei enger Hausgebuert dobäi. Et gouf kee Stress a keen Agrëff, d’Hiewamm deemools huet kee brauchen ze ruffen, well si war jo sur place. Déi Confiance huet mech einfach impressionnéiert”, erënnert si sech.  Erëm manner Gebuertsmedezin a méi Gebuertshëllef – dat ass et, wat d’Hiewamm sech wënscht, well “eng Schwangerschaft ass jo schliisslech keng Krankheet”

Fir si ass e Changement am Secteur dringend néideg, och wann dat net automatesch bedeit, dass elo all Fra hire Puppelche soll doheem op d’Welt setzen.

“Et ginn natierlech och immens schéi Gebuerten an der Maternité, mee haut ass alles kontrolléiert, standardiséiert a protokolléiert. Et ass immens vill Drock do, d’Zëmmer gi gebraucht, et si Schichtwiesselen an et ginn ëmmer méi oft Leit scho vill ze fréi erëm heemgeschéckt. ‘Time is money’ seet ee jo esou schéin an dat ass am Gesondheetssecteur net anescht”

Eng Handhabung, déi fir schwanger Fraen awer net funktionéiert, seet d’Hiewamm.

“Eng Gebuert brauch Zäit, do kanns de net einfach dru rësele goen. An an der Klinik ass et fir d’Fraen oft schwéier lasszeloosse mat deem ganze Getuuts a Gepiips vun den Apparaten.Et gëtt an d’Accouchement agegraff, ageleet, d’Fruchtblos opgepickt oder e Baxter mat Wéiheflëssegkeet gesat – wéi soll eng Fra do entspanen?”

Ma trotz de reegelméissege Beméiunge vum Hiewammeverband, gereegelt Tariffer fir de Service vun enger Sage-femme ze fixéieren a virun allem, dësen och vun der Krankekeess iwwerhuelen ze loossen, gestallt sech de Prozess als schwiereg. “Mir gi politesch net serieux geholl, obwuel et genuch Studie ginn déi beweisen, dass et net just wichteg ass, dass een op d’Welt kennt, ma och wéi”, seet d’Martine.

An hirem Schaffalldag begéint si ëmmer erëm Mammen, déi net mat Freed un d’Gebuert vun hirem Kand zeréckdenke kënnen – ganz einfach, well dat ronderëm net gestëmmt huet. Traureg, wann ee bedenkt, dass déi éischt Minutte mam frësch gebuerene Bébé dach eigentlech déi allerschéinste fir eng Mamm sollte sinn.

Ma bis d’Konditiounen heifir an de Spideeler awer kënnen erfëllt ginn, ass et nach e laange Wee an Alternative ginn et der bis ewell leider net wierklech vill. “De Beruff vun der Hiewamm gëtt net voll ausgenotzt an dat ass einfach immens schued”, mengt d’Martine. Fir déi 57-Järeg bleift just ze hoffen, dass bis zu hirer Pensioun vläicht déi eng oder aner jonk Sage-femme noréckelt, déi an hir Foussstapfen trëppelt a fir all déi Mammen do wäert sinn, déi de groussen Dag nach virun sech hunn.

Laure Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Comments (3)

  1. D’Martine Welter ass firun 17 Joër bei mech heem komm no der Gebuert (wéi dat esou üblech ass fir d’Kand ze weihen an ze moossen an ze kucken wéi et mir geet etc.) A mir goung et nëtt gudd a déi Fra huet mir all Courage ginn, se wor iwwermënschlech an deem wat si mir gi huet u Versteesdemech a Gedold a Frëndlechkeet. Eng Fachkraaft mat Léift zur Arbecht an enger staarker Austrahlung vu Sympathie. Ech si frou op dësem Wee nees vun hier ze héieren a wënschen hier all erdenklech Guddes!

  2. Wéi schéin ze héieren ❤️

  3. Eng grouss Hellef a Staip fir de Start als Mama an als Famill Doheem. Sie huet en immens grousst Wessen, kennt déi ganz Theorie, mee vergesst net mat Gefill an Respekt zum Instinkt an zur menschlecher Natur ze handelen. Sie fennt de richtege Wee, déi richteg Wierder an de richtege Feeling!
    Et wor ee schéint Zesummenschaffen an zesummen haalen, fir eisem Bébé alles ze ginn fir dass en alles kritt waat e braucht! Mee mat Gedold a Feingefill, vun hirer wéi och vu menger Sait!
    Mir vermessen se schon!

Leave a Reply