Probéier eppes Neies

Mëttlerweil sinn mir een Joer zum Corona-Hausarrest verdonnert. Elo steet d’Ouschtervakanz virun der Dier, mir kënne net verreesen an doheem gëtt et soulues langweileg mat de Kanner. De richtege Moment also, fir erëm back to basics ze goen an Neies auszeprobéieren. Egal op kachen, baken, dekoréieren, bastelen oder mole- a wie weess, vläicht entdeckt een dobäi jo säi ganz perséinlecht verstopptent Talent. MADI huet iech e puer Saache rausgesicht, déi ee mat ganz wéineg Opwand kann ausprobéieren a mat deenen een sech a seng Matmënschen eng Freed mécht. Spaass inclus!

 

1. Gebeess kachen

Wat eis Bomen nach reegelméisseg selwer gemaach hunn, ass fir déi meescht vun eis iergendwéi Chinesesch. Ma amplaz elo nach e Rayon méi am Supermarché mussen ofzeklapperen, firwat net einfach mol profitéieren, a säin eegent Gebeess doheem maachen? De Virdeel: d’Zäit geet gutt em, d’Resultat kann een sech och no Méint nach schmaache loossen an dat Bescht ass, de Goût an d’Mëschung entscheet ganz eleng ee selwer. Avis aux amateurs! Eist perséinlecht Liblingsgebeess ass dat aus Zitrounen a Clementinen, ma wéi gesot kann hei jiddereen dat Uebst huelen, wat en am Léifsten huet. A lass et geet!

 

Wat ee brauch:                       700g Bio-Zitrounen

700g Bio-Clementinen

300 ml Zitrounejus

1,2kg Geléierzocker 1:1

 

Wéi laang ee brauch:             1,5 Stonnen Zoubereedung

1 Stonn Kachen

12 Stonnen Zéien

1 Joer genéissen

Fir d’éischt d’Zitrounen an d’Clementinne waarm ofwäschen an an e grousst Dëppe leeën. Waasser dobäi schëdden, bis d’Friichten esou just bedeckt sinn. Dat Ganzt opkachen a mam Deckel drop bei mëttlerer Hëtzt kache loossen. No 40 Minutte kann een d’Clementinnen eraushuelen a fir ofzekillen an eng Schossel leeën. D’Zitrounen nach eng 20 Minutte méi laang kache loossen, bis se mëll sinn.

Duerno d’Zitroune bei d’Clementinne leeën an ofkille loossen. De Jus deen hei erauskënnt halen. D’kal Zitrounen a Clementinnen a Véier Stécker schneiden a mat der Schuel no ënnen op e Briet leeën. Mat engem grousse Messer d’Fruuchtfleesch an dat Wäisst vun der Schuel lassschneiden an an e Sift leeën, de Jus heivun an enger Schossel opfänken.

D’Schuelen a schmuel Scheiwe schneiden. Vum gesammelte Jus 300ml ofmiessen a mat de Schuelen an dem Zitrounejus mëschen an ofweien. Et soll hei idealerweis 1kg entstane sinn, falls dat awer net de Fall ass, einfach mat Waasser opfëllen. De Geléierzocker elo ënnerréieren an d’Mëschung zoudecken an iwwer Nuecht zéie loossen. Fir d’Geléierprouf zum Schluss nach e klengen Teller an den Tiefkühler stellen.

De nächsten Dag dat Ganzt opkache loossen a wärend 5 Minutte bei mëttlerer Hëtzt spruddeleg kache loossen. D’Gebeess duerno ofschaimen an 1TL vum Gebeess op den Teller aus der Tiefkühltruh leeën. Wann d’Gebeess schnell haart gëtt, huet et déi richteg Konsistenz an ass prett, falls net, einfach e bëssen Zocker dobäi ginn an nach eng Kéier e puer Minutte kache loossen. Wann d’Gebeess dann ass wéi et soll sinn, alles an ongeféier  Glieser offëllen. Heibäi circa 1cm uewendrop Plaz loossen. D’Glieser direkt fest zoumaachen an op d’Kopp dréinen. No 5 Minutten ass d’Gebeess ofgekillt a ka gelagert ginn. Fir den extra Boma-Touch kann ee gär eng schéin Zerwéit mat enger Schnouer oder engem Lastik ronderëm den Deckel strécken. Et voilà, fäerdeg ass d’Eegekreatioun fir op d’Schmier.

 

 

2.E Puer Ouerréng aus Makramee maachen

Makramee ass de neien Trend an de Sozialen Netzwierker an eng perfekt Technik, fir säin Doheem mat Selwergemaachtem ze verschéineren. Wien kleng ufänke wëll, dee kann sech als éischt un engem Schlësselunhänger oder engem Puer Ouerréng versichen. D’Material fënnt een op ville Säiten am Internet, wien awer dem Motto „support your locals“ wëll trei bleiwen, dee ka ganz einfach déi passend Fiedem a verschiddenen Déckten a Faarwen am Onlineshop vun der Bastelkiste ënner www.wollzauber.com bestellen. Déi optimal Fuedemstäerkt fir kleng Aarbechte läit bei 4-5mm, fir Accessoirë brauch een donieft nach dënn metalle Reng, Kreepercher fir an d’Ouer oder Karabinerhoken. Erklärunge mat Step-by-Step-Tutorials fënnt een zum Beispill bei www.mrsgreenhouse.de oder op Youtube. En Tipp vun der Makramee-Expertin Julie Pauly ass heifir dëse Video vu Macrame Magic Knots: https://www.youtube.com/watch?v=9UHaVtLJIIs

 

 

3. Nei Muster fir de Wanterschal strécke léieren

Déi aktuell Temperaturen ruffen awer nach oft no Mutz a Schal. Ma Strecke kann och an de waarme Méint eng flott Beschäftegung sinn, fir den Owend amplaz virun der Télé mat de Nolen ze verbréngen. A lo mol ganz éierlech: jo, strécke gëtt oft als Bomen-Aktivitéit ugesinn, mee wéi cool ass w.e.g. e selwer kreéierte Plower unzedoen oder eng Mutz genau esou ze designen, wéi een se selwer wëll? Plus sinn d’Beweegunge mat den Hänn berouegend a fuerdere Konzentratioun – mee opgepasst, och Fangere kënne Muskelkater kréien! Wien absolutte Beginner ass, fir deen ass glat riets d’Stéchwuert, also ofwiesselend eng Rei riets an eng Rei lénks, ma wien awer Bock op en Ticke méi Kreativitéit huet, dee kann sech vun enger ganzer Rëtsch u beginner-friendly Musteren dat eraussichen, wat am beschte passt. Alles wat ee fir ze strécke brauch, kann een och ganz einfach via www.wollzauber.com bestellen. Hei eis Top-3 DIY-Mustere vu Youtube (vun einfach op ë bësse méi kniwweleg):

Karo-Muster: https://www.youtube.com/watch?v=W6UDpAsekD4

Bullen-Muster: https://www.youtube.com/watch?v=De6bIb91lY4

Trëtzen-Muster: https://www.youtube.com/watch?v=kdjW7pDlsWo

 

4.Origami-Deko fir Ouschteren

Den Ouschterhues wäert dëst Joer aus Sécherheetsgrënn zwar e grousse Bou em eis Haiser maachen, ma flott dekoréiere kann een awer trotzdeem. A wien d’Flemm huet mam éiwegen Eeërfierwen, dee kann sech ganz easy aus Pabeier e puer flott Hiesercher fir Doheem bastelen. Origami hu vill vun eis bestëmmt scho mol an der Schoul kennegeléiert, ma egal op mat de Kanner oder eleng als Erwuessenen, fale ka jiddereen an dofir brauch ee just eppes: Pabeier. Op www.creatipster.com fënnt een nieft villen Deko-Iddien aus Alldagsmaterialen och eng 10-Minutten-Uleedung fir cool Origami-Hiesercher: https://www.creatipster.com/origami-bastel-ideen-als-osterdeko/ . Einfach alen Diddle-Bréifpabeier vum Späicher erauskromen, faarweg Blieder online bestellen oder normal Bléck selwer bemolen a scho kann et lassgoe mam Gefals. Have fun!

5.Fäerdeg Kits fir DIY-Projeten

Wien léiwer virpreparéiert Sets huet fir sech d’Zäit ze verdreiwen, deen ass am Moment op Social Media och gutt zerwéiert. Eng ganz Rei vu Lëtzebuerger Kënschtler a Createure stelle komplett Kits bereet, déi een entweder gratis oder fir e klenge Präis downloaden oder bestellen an doheem ausprobéiere kann. Gratis Ausmoolbiller fir déi Kleng fënnt een de Moment zum Beispill op der Websäit vun der Illustratrice Lynn Cosyn. Heifir einfach d’Wieder „cosymore“ a „freebies“ op Google antippen a scho kënnt een op de Link zu senger speziell fir d’Covid-Situatioun kreéierter Säit. De Plus: d’Biller passen all zur aktueller Quarantän, esou kann een easypeasy och nach de richtege Message u seng Kiddies vermëttelen.

E coolt „Paint at Home“-Set gëtt et och vum Atelier Nordic Stella Ceramics am Onlineshop LetzShop. Fir net deier kritt een hei eng Box mat Keramik-Figur, Pinselen, Faarf an Uleedung, dat Ganzt fir doheem ze molen. Wann d’Konschtwierk vollbruecht ass kann een seng Kreatioun erëm zréck un den Atelier schécke fir et do glaséieren a baken ze loossen. Eng easy Manéier also, fir senge Kanner eppes anescht ewéi just Molbléck unzebidden an zum Schluss eng flott selwergemaachen Deko fir doheem ze hunn.

 

Laura Tomassini

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply