Glécksmoment

Sech en neien Auto ze kafe gehéiert ganz kloer zu eise Glécksmomenter vum Liewen dozou. Et ass opreegend sech säin Dramauto erauszesichen, op dësen da mat voller Freed ze waarden a schlussendlech ze fueren. Den Autosfestival steet virun der Dir, de perfekte Moment also fir un en neit Gefier ze denken.

Ma op wat muss ech dann oppasse wann ech mir lo en neien Auto wëll kafen? Mir hunn mam Caroline Diederich, Verkeeferin bei Seat an der Garage Losch vu Bäreldeng, geschwat. D’Garage Losch vu Bäreldeng féiert iwwregens dëst Joer hiren 20. Gebuertsdag a kënnen eis also beschtens beim Kaf beroden.

Wann een sech en neien Auto keeft, sollt een éiert een an d’Garage geet, schonn eng Virstellung dovun hunn ,wéi een Auto dass een ongeféier wëll.

„Mir kucken eis d’Liewe vum Client un, den Alldag, da fanne mir direkt eraus, ob et sech éischter em en Stad- en Sport- oder en Familljenauto handelt“, erkläert d’Caroline.

Haut des Daags kann een sech um Internet schonn säi Wonschauto vu bannen a baussen ukucken an sech souguer säin Auto zesummesetze mat all senge Wënsch.

„Et ass awer ganz wichteg sech nach enge Kéier an der Realitéit vun engem Verkeefer beroden ze loossen, well mir denken un Saachen, déi ee soss gär mol vergësst“, seet d’Caroline.

Natierlech sollt een sech och Gedanken iwwert de Budget maachen deen ee wëll ausginn an sech dann och Autoe raussichen déi an deem Beräich leien.

„Déi meescht Clients wësse ganz genee wat se ausgi kënnen, se kucken sech d’Präisser vun den Autoen an hir Packagen déi a Fro kommen um Internet un“, stellt d’Seat Verkeeferin fest.

Wann een dann um Internet sech schonn säin Auto rausgesicht huet, ass et wichteg den Auto eng Kéier ze testen:

„D’Gefill wann een am Auto sëtzt a wéi den Auto sech fiert ass ausschlaggebend, hei decidéiert sech ob een sech an den Auto verléift oder net“.

Ass een da mol verléift, ass d’Raussiche vum Motor un der Rei : en Diesel en Bensinner oder en Elektro.

„En Dieselmotor roden ech Leit un, déi all Dag eng weit Streck fueren, dëse Motor muss sech waarmlafen, en Bensinner ass gutt fir Leit déi all Dag kuerz Strecken zréckleeë“, erzielt d’Caroline.

Dono sicht en sech d’Faarf an den Interieur eraus.

„D’Faarf soll een onbedéngt am realen eng Kéier gesinn, well am Internet oder op Fotoe gesäit d’Faarf oft anescht aus. Wann ee Kanner huet, roden ech zu Liedersëtzer, well déi méi einfach si fir ofzemaachen. Mee de Choix ass ëmmer ganz individuell. Aus wéi engem Material ass är Couche”?

Dës Iwwerleeung hëlleft hei vill déi richteg Decisioun ze treffen. Beim Sportsauto spillen d’Felgen eng grouss Roll a beim Familljenauto natierlech éischter déi praktesch Gadgete vum Auto.

Zum Schluss muss een sech Gedanken iwwert de Finanzement maachen. Do gëtt et d’Méiglechkeet en Prêt bei der Bank ze maachen, oder en Prêt bei der Garage selwer oder et kann een och en Auto leasen.

„De Client muss sech iwwerleeën ob den Auto wëll besëtzen oder ob en en wëll léinen“.

Leasing kënnt ëmmer méi op. Heibäi kann een den Auto tëscht 2 a 5 Joer halen an en dono erëm zréck un d’Garage ginn. Et kann een all puer Joer sou mat engem neien Auto fueren. Den Auto gehéiert engem just nik.

Fir en Prêt oder Leasing Vertrag brauch d’Garage dräi Paiziedelen, eng Kopie vun der Carte d’idenitié oder en positive Bilan vum Business falls een als Independant schafft.

Mat all dësen Tipps wäert dir sécher dee richtegen Auto fannen. Iwwregens ass och d’Caroline dovun iwwerzeegt:

„Mir ginn esou gutt op de Client an, dass et nom Kaf nach ni zu Reklamatioune koum, dofir ass et sou wichteg, dass een sech vun engem Verkeefer sur Place gutt berode léist“!

 

 

Mady Lutgen

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply