Grill Pepp

Elo am Summer gëtt gären gegrillt. Do kommen dann vill Wirschtercher a Fleesch op de Grill. Ma och Geméis kann een grillen a schmaacht net nëmmen den Vegetarier.

Séissgromper eegent sech ganz gutt dofir. Doduerch datt d’Gromper ageschnidden gëtt ass se éischtens méi séier fäerdeg an zweetens kann den Chimichurri doduerch schéin eralafen an der Gromper hiren ganzen Goût ginn.

Chimichurri ass eng aromatesch Zooss aus Kreider a Knuewelek, déi an Argentinien bei Steak vum Grill zerwéiert gëtt. Ma och bei der Séissgromper schmaacht se ganz gutt!

Virbereedungszäit: 10 Minutten

Kachzäit: 45 Minutten

Fir: 4 Persounen als Bäilag

Ingredienten:

4 Séissgromperen

2 EL Ueleg

1 Bond glat Péiterséileg, ouni Still

2 Knuewelekszéiwen

2 EL Esseg

1/2 TL Salz

1/2 TL Chiliflacken

2 TL Oregano, ouni Still

50ml Olivenueleg

 

Zoubereedung

Séissgromper längs an der Mëtt opschneiden. Mat der Schuel no ënnen op ee Brietchen leen a mat engem schaarfen Messer bis just bei d’Schuel aschneiden, datt ee Karosmuster entsteet.

Séissgromper vun béiden Säiten mat bëssen Ueleg areiwen an fir 45 Minutten op de Grill leen, tëschenduerch eng kéier ëmdréinen.

Wärenddeem den Chimichurri virbereeden. Dofir all d’Ingredienten bis op den Olivenueleg püréieren. Wann alles fein püréiert ass mam Olivenueleg vermëschen.

Séissgromper mam Chimichurri zerwéieren.

Beim Jill gëtt leidenschaftlech gekacht. Dobäi steet besonnesch de Genoss am Virdergrond an hat leed grousse Wäert op gutt a saisonal Ingredienten. Hat ass „fleischlos glücklich“ a well senge Lieser dat gären duerch einfach a lecker Rezepter vermëttelen. Op senge Reese léiert hat gären déi landestypesch Gerichter kennen, besicht Kachcoursen a kacht mat Eenheemechen zesummen. Niewent dem Kache beschäftegt hat sech och scho säit puer Joer mam Akachen a Konservéiere vun de Liewensmëttel. Sengt Wësse gëtt hat a Form vu Rezepter weider. 

Mëttlerweil kann een op sengem Blog www.kleineskuliversum.com schonn eng grouss Unzuel un Rezepter entdecken.


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply