Gudde Start

Fir dat neit Joer unzefänke wënscht ganzt d’Madi-Team iech all Guddes a Léiwes am neie Joer!

En Joreswiessel ass meeschtens en Grond fir ze féieren, fir eng gutt Zäit mat der Famill a Frënn ze verbréngen, an ewer och fir dat aalt Joer Revue passéieren ze loossen an doriwwer nozedenke wat schlecht gelaf ass a wat ee steiert.
An engem Joer kann sech nämlech sou munches veränneren, et ka villes geschéien, Guddes a Schlechtes. Mam Proste kommen dofir fir vill Leit Neijoersvirsätz op Tapéit. Am Ufank vum Joer ass een nach ganz optimistesch mee oft sinn des Virsätz da leider séier nees vergiess éier een se iwwerhaapt richteg ugaangen ass. Neijoersvirsätz si meeschtens dofir do fir schlecht Ugewunnechte lass ze ginn. Puer Ëmfroen am Netz hunn eis gewisen dat ongeféier d’Halschent vun den Erwuessenen sech all Joer Virsätz huelen. Leider packen et ewer just 10 % dovun dës Virsätz méi wéi puer Méint anzehalen.

 

 

Fir dass dir, falls dir iech Virsätz fir 2019 geholl huet, se besser packt anzehalen, hunn mir iech en puer Tipps zesummegestallt.

1. Bléift realistesch
Wann dir vu vir era schonns wësst, dass et onméiglech ass fir keen Alkohol méi ze drénken, dann huelt iech vir just ee Glas am Platz 3 ze drénken. Besser ass et step by step un déi Saach erun ze goe wéi direkt an d’kaalt Waasser ze sprangen.

An sou komme mir och schonns bei den nächste Punkt.

2. Eent nom aneren
Et huet kee wäert alles beieneen ze wëllen. Roum gouf och nik an engem Dag gebaut. Wann dir wëllt méi gesond iessen, méi Sport maachen, keen Alkohol a keng Zigarette méi wëllt konsuméieren, dann ass et besser fir d’éischt mol eng vun deene Saachen ënner Kontroll ze kréien éier dir iech un deen nächste Schratt eruwot.

3. Erzielt et weider
Erzielt roueg ärer Famill a Frënn vun äre Virsätz. Si kënnen iech derbäi hëllefen d’Virsätz anzehalen an iech motivéiere weider ze maachen.

 

Dem Mady seng Remark:
Ech halen am grousse ganzen nik vill vu Virsätz fir en neit Joer, well en neit Joer an sech jo och guer näischt verännert. Wann een eppes ännere wëll, kann een dat all Dag vum Joer maachen. Fir mech ass all Moies en neit Joer. An ech huele mir all Moies eppes fir wat ech deen Dag wëll erreechen oder maachen. Meeschtens sinn et Klengegkeeten. Ech probéieren déi schéi Saachen am Alldag ze gesinn. Ech probéiere frou an dankbar ze si mat deem wat ech hunn. Ech probéieren en gudde Mënsch ze sinn an sou vill wéi méiglech ze laachen. Alles dat si Saachen déi een all Dag ka maachen. Et geléngt mir nik all Dag, mee ech huele mir et vir. Besser et hëlt een sech kleng Saache vir, déi een dann och duerchzitt, wéi groussaarteg Virsätz wou een sech dono just selwer schlecht fillt wann een se nik erreecht.

 

 

Mady Lutgen an Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply