Haaptsaach gemittlech

Fir ganz vill Leit huet endlech d’Liiblingssaison vum Joer ugefaangen: den Hierscht. Wann Dobaussen d’Natur seng schéinste Faarwe weist, déi frësch Mueresloft een zwéngt sech an e kuschelege Schal anzewéckelen, wann de Sonnenënnergang am schéinsten ass… Ma dat ass och déi Zäit wou mir ufänken nees méi dacks Doheem ze bleiwen an eis gemittlech Owender ze maachen.

Vir dass är kal Owender méi gemittlech a virun allem dem leschten Trend entspriechen, weise mir iech wat Dekoméisseg op eis duerkënnt.

Ganz global gesinn heescht et minimaliste OUT, maximaliste IN ! Dir hutt et verstanen, dee skandinaveschen, epuréierte Style kënnt op en Enn zou a mir beweegen eis méi op en Mix aus 80er Joren an Art Deco zou. D’Objeten Doheem sollen e ganz neie Sënn kréien a méi op engem emotionalen Niveau Valeur hunn. Är perséinlech Virléifte kënnen endlech zum Ausdrock kommen.

Matière :

Mir hunn et schonn am Summer gesinn, ma och fir déi nächste Saison bleiwen natierlech Matièren immens in. Holz wäert ganz vill benotzt ginn egal ob fir d’Miwwelen ewéi Still an Dëscher, oder vir Dekoakzenter zum Beispill um Plafong ze setzen, hei sinn der Kreativitéit keng Grenze gesat. Aner Matièrë wieren Terracotta awer och Kotteng, Léngen a Woll. All déi natierlech a gesond Matièren déi ootmen an deenen d’Joren näischt dinn si wëllkomm.

Eng méi kal awer ëmmer méi Tendance Matière ass och Marmer. Egal ob ganz opfälleg a präsent oder éischter ganz dezent, dat ass iech iwwerlooss.

Déi eenzeg Matière déi hei awer hei eng Ausnam ass, ass Lieder. Richtegt Lieder gëtt ëmmer manner benotzt an d’Tendenz ass et méi mat Lieder-ähnleche Matière ze schaffen.

Natur

De Lien zur Natur steet am Virdergrond an et probéiert ee méi Ëmweltbewosst an ökologesch ze liewen. Dësen Trend ass dann och am Interieur erëmzefannen. Wéi schonns gesot sinn natierlech Matièren ëmmer méi beléift ma et geet awer och op Deko Objeten ewéi zum Beispill Vasen iwwer. Handgemaachten Elementer ob elo aus Steen oder Keramik fannen ëmmer méi hir Platz am Doheem. Wann een da vu Vasen an Natur schwätzt, däerf een d’Planzen net vergiessen. Dës fëllen ëmmer méi Raim am Haus a breeden sech vun der Stuff, der Kiche bis an d’Buedzëmmer an d’Schlofkummer aus. Déi gëlle Reegel hei ass definitiv “bigger is better” an et kuckt een dass ee richteg Oase crééiert.

Faarf a Muster

Ewéi gesot kennt d’Zäit vum Minimalisteschen Design op en Enn zou a mir kommen erëm méi op e maximalistescht Faarwespill duer : Indigo Blo, Smaragdgréng, Terracotta, awer och intensiv Musteren ewéi Palmenmuster an traditionell Musteren op Këssen an Tapéite sinn elo Tendenz. Egal ob an der Stuff, der Schlofkummer oder der Salle à manger, hei kennt dir ganz gären déi sougenannten “layering” Technik uwenden a ganz einfach vill Musteren a Faarwen op verschiddenen Niveaue mateneen accordéieren: Tapéit, Teppecher, Decken, Kësse sollen esou “Drama” crééieren.

Form

Mat dem ganze maximalistesche Style däerf een d’Form vun de Miwwelen net vergiessen. Et gëtt ganz kuriéis, asymmetresch a ronn. Ofgerënnte Canapéen a Fautele mat Faarfakzenter sinn hei ganz in. De skandinaveschen, steiwe Style gëtt ersat duerch déi sougenannten “Statement Furniture” déi opfält, gemittlech ass an eppes ausseet. De Canapé gëtt eng Platz vir Echangen, wou een zu vill ka setzen, austauschen a jiddereen awer nach Platz huet.

An elo…maacht iech et gemittlech!

PS: Dës Miwwelen an Dekoartikelen fannt dir bei Boconcept!

 

Maida Halilović


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply