Häerz Geschenker

Mam éischten Advent ass d’Chrëschtdagszäit elo sou richteg lancéiert. Nieft de Chrëschtmäert, de Chrëschtfeieren an dem Glühwäin, steet och erëm d’Sich no de perfekte Kaddoe fir eis Léif am Mëttelpunkt.

Déi eng sinn dofir sech op Chrëschtdag Kaddoen ze maachen, anerer schenken sech näischt. Do huet all Famill hier Traditioun. Mir vu MADI sinn éischter dofir, sech Zäit ze schenke wéi deier Kaddoen. Well lo ganz éierlech, jidderee vun eis huet dach dat wat en wierklech brauch? Mee en Kaddo dee vun Häerz kënnt, kann och en schéine Geste sinn a Freed maachen. Dofir hunn mir fir iech en puer Kaddosiddien erausgesicht, déi ee frou maachen.

Eppes Selwergebasteltes oder Gebakenes

Kichelcher, Schockela an aner séiss Leckereie kommen einfach ni aus der Moud, zemools wann se selwer zoubereet goufen. Alles wat selwer gemaach ass, schmaacht dach em sou besser oder?

Dekoratioun

Dekoartikele kann een ëmmer gebrauchen. Zemools Engelen an aner symbolesch Saache loossen eis un déi Persoun denken, déi eis dat geschenkt huet an dat ëmmer an ëmmer erëm.

Seefen a Saachen déi gutt richen

Mir sinn dach all süchteg no Saachen, déi gutt riche well eis dat en Gefill vu Gebuergenheet gëtt. Ob eng Seef, eng Crème oder eng Käerz. Et deet eiser Séil gutt an alles dat wat eiser Séil gutt deet, ass ëmmer ee gudde Kaddo.

Mir recommandéieren iech de Weekend vum 13ten a 14ten Dezember en Tour bis op Betzder ze maachen an de Buttek vun der Coopérative Yolande Coop. Do fannt dir sécher äre perfekte Kaddo mat vill Häerz op hirem Pop up Christmas Market.

Mir wënschen iech all eng ganz schéi Chrëschtdagszäit.

Wat ass d’Yolande Coop iwwerhaapt? Dës Coopérative geréiert 7 Ateliers d’inclusion professionnelle op 3 Sitten: Betzder, Maacher a Munneref. Si beschäftege Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung. Dës hu bei hinnen eng fest Ustellung a schaffen eigentlech esou wéi all aneren och. Si ginn ebe just begleet bei hirer Aarbecht an d’Aarbecht gëtt hire Fäegkeeten ugepasst. Alles wat si produzéieren, gëtt och vun hinne gemaach. Yolande Coop hu vill verschidden Aktivitéiten, ënner anerem: De Seefen Atelier, de Kichen Atelier: Traiteur Service, d‘Klouschterbrout: Bäckerei a Pâtisserie, de Mailing & Services: Sous-traitance Aarbechten an de Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher: eng beléiften Touristenattraktioun mat Shop a Brasserie. Alles wat si verdénge fléisst direkt rëm zréck fir hir Aktivitéiten ze finanzéieren.

D’Yolande Coop verkeeft hir eege Produiten zu Betzder am Buttek an zu Maacher am Shop vum Päiperleksgaart. Zousätzlech hunn si och nach aner flott Produiten, der Saison ugepasst, déi si akafe ginn an dann an hire Butteker verkafen.

 

 

Mady Lutgen

Fotoen: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply