Hello Jetti

Et war Léift op den éischte Bléck. Ufank Dezember hunn ech eng Foto vun engem klenge schwaarze Welpen op Facebook gesi mam Numm “Jetti”. Ech duecht “Jetti” wat fir en coolen Numm fir en Mupp a wat fir en léiwe Welpen. Ech liesen den Text dobäi a si schockéiert. Déi kleng Maus ass mat sengem Brudder an enger Poubelle a Spuenien fonnt ginn.

Ech denken direkt, wéi kann ech dem Mupp do hëllefen? Soll ech en adoptéieren?

En Mupp ze halen, war fir mech ni eng Optioun, well ech ëmmer Bürosstonne geschafft hunn an ech mir keen Hond wollt zouleeën, deen dann de ganzen Dag eleng doheem ass. Mee lo schaffen ech vill vun doheem, also firwat keen Hond huelen. Firwat nik sou engem léiwe Wiesen en bessert Liewe schenken?

Wéi ech verstinn, ass d’Jetti nach a Spuenien bei enger Fleegefamill. De Post deen ech gesinn hunn, ass vu Pets Angels, eng Associatioun déi sech ëm ausgesaten Hënn a Spuenien këmmert. Ech schreiwen hinne mol. Et dauert nik laang, schonn äntweren si mir, dass si mir all Infoe mailen.

D’Pierrette vu Pets Angels schreift mir, dass si sech mäin Doheem wéilten ukucke kommen an sech gär mat mir treffe géingen, fir Froen ze stellen. Mir maachen en Rv aus fir eng Taass Kaffi.

Ech fille mech en bëssi wéi virun engem Virstellungsgespréich, éier ech d’Damme vu Pets Angels treffen.

Wärend dem Kaffisklaatsch ginn ech vum Pierrette gewuer, wéi si schaffen. Dass d’Hënn a Spuenien nik kastréiert ginn an dofir vill Welpen einfach ëmbruecht oder ausgesat ginn.

Pets Angels schafft mat Fleegefamillen dohannen. Dës huelen d’Hënn op, peppelen se op, gi mat en bei den Dokter a këmmeren sech och em d’Sozialiséierung vun de Muppen. Finanzéiert ginn dës Aktioune vu Spenden un Pets Angels vu Bénévolen. Och all déi Leit vu Pets Angels si lauter Bénévolen. Nom Treffen iwwerleeën ech mir gutt, ob ech déi Verantwortung vun engem eegene Mupp wierklech wëll iwwerhuelen. Well en Mupp bedeit nik nëmme Schmusen ouni Enn, mee och vill Zäit a Gedold fir en opbréngen an natierlech och finanziell Ausgaben. Vill Frënn rode mir dovun of. Mat engem Mupp wier ech och nik méi sou fräi wéi virdrun…

Fir mech steet Decisioun ewer fest, dass d’Jetti bei d’Mady gehéiert an ech schreiwen dem Pierrette, dass ech mir alles gutt iwwerluecht hunn a prett fir de Welpen sinn. Déi vu Pets Angels sinn och där Meenung, dass d’Jetti gutt bei mech passt  a mir ënnerschreiwen en Kontrakt.

Lo heescht et en Flugpaten fannen. En Flugpaten begleet d’Muppe mam Fliger vu Spuenien op Lëtzebuerg. Pets Angels këmmeren sech em alles, dohannen um Flughafen an och zu Lëtzebuerg um Findel. De Flugpaten brauch d’Muppe just anzechecken an ofzehuelen a mécht domat Familljen an Hënn immens frou.

Op Facebook gëtt en Flugpaten fir d’Jetti gesicht, ma et dauert an dauert an nach ëmmer mellt kee sech. Bis den 1. Januar dann endlech de Message vu Pets Angels kënnt, dass d’Jetti en Flugpaten huet an de 7. Januar um Findel landt.

Lo gëtt et also eescht: ech kréien ee Mupp!!! D’Nervositéit klëmmt all Dag an ech muss onbedéngt akafe goen. Wat brauch sou ee Welpen iwwerhaapt?

Ech huelen eng Frëndin wat selwer en Welpen huet mat op Shoppingtour. Dës Kéier kafe mir ewer keng Kleeder oder Schong, nee mir kafen Hondsfudder, en Hondsbett, Hondsgeschier a Spillsaachen. D’Jetti ka kommen.

Den Dag ass endlech do. Ech hunn bal näischt geschlof. Ass et wierklech déi richteg Decisioun? Well sou ee Mupp kann een nik einfach rëm zréckginn. Ech fueren op de Findel. De Fliiger huet Verspéidung. Bei den Arrivées wäert d’Sandra vu Pets Angels op mech. Ech froen him Lächer an de Bauch well ech opgereegt sinn. Et ass souwäit. D’Famill kënnt mat den Hondsboxen unn. Ech gesi just dem Jetti seng Aen a si scho verkaaft. Hatt traut sech nik aus der Box an ziddert just. D’Sandra erkläert mir wéi ech et am beschten aus der Box lackelen. Mir näheren eis un a schlussendlech landt et endlech a mengen Ärem. D’Sandra gëtt mir nach seng Pabeiere mat.

D’Jetti kann nach nik un der Léngt goen, dofir huelen ech hatt op den Aarm. Am Auto kräischt et an doheem ukomm ziddert hatt ouni opzehalen. Lues a lues geet et ewer besser an hatt kënnt schmusen.

Dat alles ass lo eng Woch hier. Wat huet sech an dëser Woch lo verännert ?

Et ass eng riseg Ëmstellung wann een nik méi iwwerall hingoe kann ouni sech Gedanken em de Mupp ze maachen. An der leschter Woch huet sech bal alles just em d’Jetti gedréint. Mir hunn alles zesumme gemaach, hatt ass mat bei Clientë gaangen, souz nieft mir wann ech Artikele geschriwwen hunn, ass mat an de Resto gaangen an huet d’Stad schonn en bëssi kennegeléiert. Hatt fäert nach vill. Vun der Pampa an den Zentrum mat vill Kaméidi ass eng grouss Verännerung.

Mir hunn en ganze Coup Leit begéint, déi hatt ugeschwat hunn. Mat engem Welpen léiert ee bemol nei Leit kennen. Hatt huet einfach souvill Léift ze ginn. Dat ass dat Allerschéinst an ech freeë mech op alles dat wat lo nach kënnt.

Merci Pets Angels fir déi super Aarbecht déi dir maacht.

 

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply