Henna Power

Henna gëtt an islamesche Länner benotzt fir Hänn a Féiss ze fierwen. Bei eis ass dës Planz a Puderform virun allem bekannt als natierlech Hoerfaarf. Bei spezialiséierte Coiffere kann eleng d’Fierwe mat Henna schnell emol 100 Euro kaschten. Dofir hu mir fir dech den Test doheem gemaach.

 

Virdeeler vun Hennafaarf

Henna ass en Naturprodukt, 100% bio an och fir Allergiker eng flott Alternativ. De Polver kann een en plus immens gënschteg am Internet kafen. Dës hautfrëndlech Hoerfaarf fleegt d’Hoer an d’Kapphaut. D’Hoer glänze méi, an doduerch dass den Henna sech wei eng Schutzschicht ëm d’Hoer leet, wierkt et och méi déck an huet méi Volumen. En plus ass Henna eng ëmweltfrëndlech Alternativ fir Mann a Fra ; souguer fir schwanger Fraen.

Déi richteg Mëschung

De klasseschen Henna ergëtt en Routtoun, dee bei blonden Hoer Orange a bei méi donkelen en Donkelrout ergëtt. Mam natierleche Faarfstoff Indigo kanns Du blo bäimëschen a jee no Mëschverhältnis en Toun tëscht mëttelbrong a schwaarz erreechen. Well awer all Hoer anescht reagéiert, einfach mat enger klenger Hoersträhn teste bis Du däi Favorit fonnt hues

Grondsätzlech hänkt d’Quantitéit vun denger Hoerlängt of an du muss dech eruntaaschten. Fir déi éischte Kéier kanns Du dech u folgende Riichtwerter orientéieren:

  • Kuerz Hoer: 50 – 100 Gramm
  • Mëttellaang Hoer: 100 – 150 Gramm
  • Laang Hoer : 150 – 200 Gramm

Schrëtt fir Schrëtt selwer fierwen

  • Waasser opkache loossen an den Hennapolver domat verréieren (circa 200 ml pro 100 gr.) D’Mëschung 2-3 Stonne mat Klarsichtfolie op d’Säit stellen, waarm halen an zéie loossen. Jee längers Du et zéie léisst, desto intensiver gëtt de Faarftoun spéider.
  • Fir dass déi Mass schéi geschmeideg bleift an net bréckeleg gëtt e bësse Xanthan dobäiginn a waarde bis eng Aart Jelli draus gëtt.
  • Dann kann et och scho lassgoen : Händchen undoen a mat engem Faarfpinsel fir d’éischt un der Hoerwuerzel ufänken an duerno d’Längte fierwen. Duerno d’Hoer an e waarmt a fiicht Handduch oder Frischhaltefolio wéckelen. Wann alles gutt verdeelt ass, mindestens 90-120 min awierke loossen. D’Wäermt verstäerkt d’Faarfresultat.
  • Zum Schluss deng Hoer mat Waasser auswäsche bis d’Waasser kloer ass. Keen Shampoing benotzen !
  • Denk drun di nächst Deeg en donkelt Handduch ze benotze well den Henna nach e puer Deeg noofierwe wäert.

An zum Schluss nach e puer praktesch Tipps :

  • Déi lescht chemesch Hoerfaarf muss méi wéi 6 Wochen al sinn.
  • Onbedingt Schampoing a Konditioner ouni Silikon benotzen. Silikon leet sech wéi en Film ronderëm d’Hoer an esou gëtt d’Hennafaarf net richteg vum Hoer ugeholl.
  • Falls dech den Hennageroch stéiert kanns du beim Umëschen e puer Drëpse vun engem äthereschen Ueleg, wéi zum Beispill Orange oder Lemongras dobäiginn.

 

An elo vill Spaass beim selwer Testen !

Sarah Melcher


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply