Himalaya Push

Fills du dech heinsdo schlapp, verspaant an ouni Energie? Mir hunn en Traitement fonnt, wat deng Energie erëm waakreg mécht an deng Muskelen entspaant.

Alles dat, wat een no vill Stress brauch, kritt ee beim Martine an der Maison de Beauté zu Ettlbréck a just engem Traitement. Et ass eng Kombinatioun aus Peeling a Salzmassage. Ideal och virun enger Detox Cours well een nëmmen mat enger gerengegter Haut en optimalt Ergebnis erzielt. D’Haut ass jo eist gréisstent Organ. Wanns Du grad an enger stresseger Phase bass oder grad eng hannert dir hues, kann ech dir dëst nëmme wärmstens empfeelen.

Fir unzefänken, masséiert d‘Martine mäin ganze Kierper mat waarme Salzsteng aus dem Himalaya.

Ech mierke wéi meng Muskele vun all Kierperdeel sech entspanen an ech fänken un mat relaxen. Mäi Réck ass total verspaant an no puer Minutte spieren ech do schonn eng Besserung.

Fir meng Haut op de kommende Salzpeeling virzebereede ginn ech no der Massage an en Salzwrap agewéckelt an eng kleng Zäitchen sou raschte gelooss.

Dem Martine seng Musek am Hannergrond léist meng Gedanke schwäifen. D’Musek ass entspanend mee nik nerveg, keen Delphinengesang wéi een e meeschtens bei Massagen héiert.

Lo gëtt d’Salz a meng Haut amasséiert. Et fillt sech op der Haut ganz prickelend un, wéi wann meng Haut géing stimuléiert ginn. De Peeling als richteg erfrëschend. Ech ginn d’Salz ofduschen a sinn dono wéi een neie Mënsch.

D’Martine masséiert elo nach eng Crème a meng Haut an.

Dat do ass Balsam fir mäi Kierper a meng Séil. Endlech kann ech sou richteg entspane mat engem Energiepush fir baussen a bannen. Genau dat, wat ech lo brauch.

Ech ginn dono voller Energie rëm heem, ech muss soen, dass dësen Traitement mir wierklech immens gehollef huet. Wanns Du och en Push brauchs, oder verspaant bass oder wëlls ofhuelen, da probéier onbedéngt dësen Traitement an der Maison de Beauté zu Ettelbréck aus.

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply