Ho ho ho

Chrëschtdag steet virun der Dier an domat natierlech och seng Chrëschtmäert an de Kaddowahnsinn. De Chrëschtmaart an der Stad, deen op méi Platze verdeelt ass, gouf iwwregens vun dem bekannten amerikanesche Magazin Forbes ënnert déi dräi Schéinsten aus ganz Europa gewielt. Wann dat mol kee Grond ass en e bëssi méi genee ënnert d’Lupp ze huelen. Am Artikel geet riets, dass de Maart wéinst senger Traditioun an duerch seng kulinaresch Genësser iwwerzeegt.

De Maart op der Place d’Armes verwandelt sech all Owend an en Afterwork-Duerf mat Live-Musek. All kulinarescht Häerz fënnt hei eppes, vun den traditionelle Kniddelen a Gromperekichelcher bis hin zu asiatescher, italienescher a schwäizer Kichen. Eenzegen Nodeel ass kloer de Präis. Souwuel d’Gedrénks an och d’Iessen si gepeffert. Sechs Euro fir sechs Kniddelen ass einfach iwwerdriwwen. Hei bezilt een de Charme vun der Platz mat. Eppes bléift zu dësem Chrëschtmaart ewer nach ze soen: Néirens soss fënnt een esou gutt Gromperekichelcher!

Um Knuedler dréint sech alles dem de Knuedler on ice, eng Äispist mat Iess- an Drénkstänn, déi sech Owes an en Après-ski- Duerf entpuppen. Luuchten iwwert Luuchten, en richtegt Disneychristmasischglparadies. Dees Gudde vläicht en Tick zevill…

An déi, di éischter nom Gedrénks kucken, si wuel méi zefridden um Chrëschtmaart bei der gëlle Fra. Glühwäin am rouden, wäissen a souguer am rosé, Feuerzangenbowl, waarmen Hugo, fir just en puer Spezialitéiten opzezielen, alles dat verséisst engem déi schéi Vue op d’Stad, déi ee vun do huet. Dausende vu klenge Luuchten huelen ee mat an eng aner Welt. Passt just op, wann dir en Patt wëllt ausginn, sidd dir séier vill Sue lass, op den Tase sinn nämlech iwwerall 5 Euro Pfand drop, déi ee bei puer Pätt dono gär vergësst. Op dësem Maart fannt dir och flott handgemaachte Geschenker fir iech oder är léifsten.

Apropos Geschenker, leschte Weekend huet de Stijlmarkt en Stopp zu Lëtzebuerg an der Victor Hugo Hal gemaach. Dat ass en internationale Maart deen sou ze soen duerch Europa tourt mat festen Aussteller. An all Land sinn ewer och national Stänn dobäi. Leider hunn mir nik vill lëtzebuergesch Stänn entdeckt, ewer trotzdeem vill nei Entdeckunge gemaach. Eis Highlights vum Stijlmarkt hei fir iech:

Hey little baby

D’Pola Montbrun an säi Mann Rick Thill bedreiwen en online Site wou sech alles ronderëm Kanner dréint. Ob Dekoratioun oder Geschenker an praktesch Objeten, virun allem Mammenhäerzer loossen si méi héich schloen, mee och déi vun Tattaen a Monnien, déi verzweiwelt nach op der Sich sinn no Kaddoe fir hir Neveuen. www.heylittlebaby.com

The modus shop

Vasen aus Tyvek Pabeier hunn eis faszinéiert. De Pabeier gëtt einfach ronderëm eng Fläsch oder soss en Gefäss gezunn an zack gesäit et aus wéi eng nei Vase. An wann den Decoobjet engem nik méi gefält hëlt een de Pabeier einfach erëm fort. Eng top Iddi! www.themodushop.com

Wien seet, dass eng Méck ëmmer muss aus Stoff sinn? Bewooden, eng däitsch Mark mëscht Härenaccessoire haaptsächlech aus Holz. Dat gesäit top aus, ass nohalteg a mol eppes aneres. www.bewooden.de

Eng gutt Drëpp geet ëmmer, dat ass dat wat d’Sue vun O’Donnell eis sot. An originelle Glieser huet hat nëmmen Héichwäerteges verkaaft a wien wonnert et, zum Schluss war alles fort. Säin Geheimtipp ass “Harte Nuss”. Als Digestif bei de Feierdeeg anscheinend  ëmmer gutt ugesinn. www.odonnell.de

Bei enger Ëmfroe an der Madi-Community ass iwwregens erauskomm, dass déi meescht sech keng Kaddoe wënschen, mee einfach méi an intensiv Zäit mat der Famill a Frënn wëlle verbréngen. Domat ass wuel alles gesot!

Mady Lutgen

Fotograf: Anne Lommel, Mady Lutgen


Leave a Reply