Hummus Dram

Mëttlerweil ass Hummus net nëmmen méi an den arabeschen Länner an an Israel beléift, mee och bei eis! Ech hat d’Chance an Israel ze gesinn, wei Hummus selwer gemaacht gëtt a zënterhier well ech en och just nach selwer maachen! Do kann een nämlech wonnerbar variéieren. Ech hunn schonn puer mol fäerdegen Hummus probéiert, ma deen schmaacht awer ni esou gutt, wei deen selwergemaachten. Mat engem einfachen Trick kritt een ee wonnerbar cremegen Hummus. An dat ass Tahini! Ech maachen mir mäin Tahini och am léifsten selwer, well ech dann geschielten Sesamkären benotzen kann. Dës sinn net esou batter, wei déi geröstet Kären. Als Ueleg benotzen ech am léifsten een doucen Olivenueleg, alt erëm datt den Hummus dono net batter schmaacht. Tahini ass net nëmmen fir den Goût wichteg, ma en mëscht dat ganzt och nach wonnerbar cremeg. 

Normalerweis gëtt Hummus an den arabeschen Länner gären mat Brout giess, virun allem als Moiesiessen, Aperitif oder als Snack tëschenduerch. Dobäi benotzen si awer nëmmen e bëssen Brout a ganz vill Hummus. Bei eis gëtt sech domat éischter eng Schmier geschmiert ;)!

Wei schonn erwäänt kann een Hummus wonnerbar variéieren. Mat Rouder Rommel dran, mat verschidden Kraider a Gewierzer kritt een fir jiddereen eppes wat schmaacht. Probéiert en och emol waarm, zB mat gebrodenen Champignone oder Tomaten. Ech zerwéieren mäin Hummus och immens gären mat Oliven, Knäckebrout, Feta a frëschen Geméis.

Virbereedungszäit: 15 Minutten

Dauer: 15 Minutten

Fir: ca 300g Hummus

 

Ingredienten fir Tahini

150g Sesamkären

75ml Olivenueleg

 

Ingredienten fir Hummus

250g Pois Chiches (gekacht)

Tahini

1 Knuewelekszéif

4 EL Zitrounejus

8 EL kaalt Waasser

Salz

Zoubereedung

1. Fir den Tahini d’Sesamkären an den Olivenueleg fein püréieren, bis eng cremeg Konsistenz entstanenen ass.

2. Dono d’Pois Chiches mam Knuewelek fein püréieren, dobäi Tahini, den Zitrounejus an dat kaalt Waasser lues a lues dobäi schëdden. Bei Bedarf nach bëssen Waasser dobäi ginn, bis en schéin cremeg ass.

3. Mat Salz ofschmaachen an no Loscht a Laun garnéieren.

 

Gudden Appetit!

Beim Jill gëtt leidenschaftlech gekacht. Dobäi steet besonnesch de Genoss am Virdergrond an hat leed grousse Wäert op gutt a saisonal Ingredienten. Hat ass „fleischlos glücklich“ a well senge Lieser dat gären duerch einfach a lecker Rezepter vermëttelen. Op senge Reese leiert hat gären déi landestypesch Gerichter kennen, besicht Kachcoursen a kacht mat Eenheemechen zesummen. Niewent dem Kache beschäftegt hat sech och scho säit puer Joer mam Akachen a Konservéiere vun de Liewensmëttel. Sengt Wësse gëtt hat a Form vu Rezepter weider. Mëttlerweil kann een op sengem Blog www.kleineskuliversum.com schonn eng grouss Unzuel un Rezepter entdecken.


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply