Me time

Mir léiere leider néierens, dass dat Allerwichtegst ass, frou mat sech selwer ze sinn an Zäit fir sech selwer ze huelen. Me Time dierf am Alldag op kee Fall feelen.

Ech loosse mir et Sonndes ëmmer sou richteg gutt goen a probéiere mir en schéinen Dag ze maachen, well ech déi wichtegst Persoun a mengem Liewe sinn. An dat fänkt mat en puer Beautytipps un. Ech verroden iech puer vu menge Geheimnisser.

All Moies wann ech opsti pressen ech mir eng hallef Zitroun aus an drénken de Jus op de reie Mo. Zanter ech dëst maachen ass meng Haut am Allgemenge vill besser an ech si vill manner erkaalt wéi soss. Fir fit an den Dag ze starte reiwen ech mir nach eng Drëps Zitrounenueleg op meng Hänn. Egal wéi midd ech sinn, dëse Geroch mécht dech direkt waakreg.

Dono maachen ech mäin Gesiicht propper mat dem “Lumispa” vun Nuskin. Dësen Apparat ass immens praktesch. Ech ginn en bëssi vum “LumiSpa Activating Cleanser” op d’Biischt a beweegen den Apparat iwwert mäin Gesiicht an Hals. An ech muss soen, dass meng kleng Falen a meng midd Aen zanter ech dës Wonnermaschinn benotzen, manner gi sinn. D’Biischt hält automatesch op mat dréinen, wann Zäit vum Soin eriwwer ass. Sou weess ech och ëmmer wéi laang ech d’Maschinn benotze soll.

Meng Ae si meng Problemzone well se gär schwëllen an ech midd ausgesinn. Well ech kleng Aen hunn, gesäit een dat dann nach méi. Ech hunn tonne Crèmen ausprobéiert an hunn lo endlech eng fonnt déi wierklech hëlleft : den “Serum 4 Eyes” vu Juchheim. Dëse Serum calméiert meng geschwollen Aen, en wierkt entschwëllend. An wat nach ganz wichteg ass, meng Schlupflieder si nik méi sou schlupfeg. Ech hunn nik vill Falen, mee Schlupflieder a meng Ae wierken zanter ech de Serum benotze méi grouss a mäin Bléck ass méi oppen.

Well et moies ëmmer séier bei mir goe muss, brauch ech eng Crème fir d’Gesiicht déi alles kann. Well ech keng Loscht hunn mir 10 Crèmen a Serumen an d’Gesiicht ze schmieren. Ech benotzen dofir “skin regimen/ tripetide cream” vu Comfort Zone. Dës Crème gëtt menger Haut dat wat se brauch. Vill Fiichtegkeet an se schützt se zousätzlech. Ech hunn bal keng Pickle méi, meng Fale si manner ginn. Ech brauch keng zousätzlech Fleeg. D’sensibel rout Platze sinn och besser gi mam  “tulsi booster” Ueleg vu skin regimen, deen ech mir ab und zu op dës sensibel Platzen amasséieren.

Well ech eng Zäit vu mengem Doppelkinn genervt war, hunn ech mir wärend dräi Méint moies an owes d’Crème “ByeBye Cellulite” vu Juchheim op déi betreffend Platz opgedroen. Ech war ganz skeptesch an hunn et dofir selwer getest. Mee dëst Wonnermëttel huet mech iwwerrascht. Ech hunn schonn no en puer Wochen eng Verbesserung gesinn. Ech hunn och ugefaange méi Sport ze maachen, d’Kombinatioun huet op alle Fall gewierkt.

U mäin restleche Kierper loossen ech just Kokosnossueleg a meng Haut ass domat douce a gesond. De roude Lëppestëft dierf natierlech och nik feelen. Mäin Favorit ass do ganz kloer den “PowerLips Roar” vun Nuskin. D’Faarf ass intensiv rout an en ass richteg matt an hält éiweg.

Sou dat war et fir meng perséinlech Tipps. Ech wënschen iech all eng schéin nei Woch an denkt drun iech selwer eng Freed ze maachen.

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply