Iwwersënnlech: jo oder nee?

Wärend der Zäit vun Halloween dréint sech alles em Geeschter a Mysteriéises wat mir eis nik erkläre kënnen. Mee gëtt et wierklech eppes Iwwersënnleches, dat ass déi grouss Fro, déi mir eis dach all stellen, oder?

Dr Sarah Pohl , Diplom Pädagogin vun der Parapsychologesch Berodungsstell zu Freiburg ass der Meenung, dass mir all vun dem Iwwersënnlechem ugezu sinn, well mir doran eis perséinlech Dreem kënnen eranprojezéieren. Si beschäftegt sech mat dem wëssenschaftlechen an dem ausserwëssenschaftleche Beräich vun der Paranormalitéit. An hiren Ae gi Mënsche mat ville Problemer oder Mënschen an Trauer dacks de Wee bei en Wahrsager oder en Medium an der Hoffnung do Äntwerten ze fannen oder Kontakt mam Verstuerwene kënnen opzehuelen.

Dr Sarah Pohl an hiert Team analyséiere paranormal Fäll an zweiwelen nik un hirer Existenz:

„Mir kënnen dat Iwwersënnlecht wëssenschaftlech erklären, mee mir kënnen et nik beweisen, well sech déi Saachen nik provozéiere loossen, se geschéien ëmmer onerwaart“

Op der Sich no Äntwerte besichen ech eng Wahrsagerin an en Medium. Bei der Wahrsagerin ukomm, erstaunt et mech, dass et genau sou ausgesäit wéi a Filmer. Eng gedimmert Luucht a Räuchersteebecher suerge fir eng mystesch Ambiance. Ech sinn nervös well ech nik richteg weess wat op mech zoukënnt, et ass onheemlech. D’Madame Zula* seet mir direkt wéi ech zur Dier erakomm sinn, dass ech ee wichtege Mënsch verluer hunn, an direkt hannendrun seet si, dass et meng Mamm ass déi bei mir ass. Mir kommen Tréinen.

Dono leet si mir d’Kaarten a prophezeit mir Succès mat engem grousse Projet a reit mir nik jidderengem ze vertrauen. Si seet mir och nach Saachen iwwert meng Famill an iwwert d’Léift. Bei verschiddene Saachen huet si Recht an ech ka mir nik erkläre wéi si dat ka wëssen. Bei anere Saache leit si ewer falsch. Trotzdeem ass dat meescht richteg. D’Madamm Zula seet iwwert sech, dass si vu Geistesführer an Engele geleet gëtt an dass si hellgesäit, hellfillt an hellhéiert, dass si en aussergewéinlechen Don besetzt.

Komplett erstaunt iwwert déi Erfarung ginn ech weider bei en Medium. D’Maja* huet bei engem anere Medium geléiert wat um „The Arthur Findlay College“ zu Essex an England war. Do kritt ee bäibruecht wéi een intuitiv schafft, op säi Bauchgefill lauschtert. D’Maja ass der Meenung, dass jiddereen intuitiv ass an di Begabung huet, bei deenen engen ass et just méi ausgebreet. Hat kann intuitiv engem anere säi Gemittszoustand erëmginn. Mat Hëllefsmëttel wéi Karte kann hat méi genau dorop agoen. An engem Zoustand wéi Trance mëscht d’Maja en Kanal op a kann esou souguer Messagë vu Verstuerwenen  empfänken. Et kommen nik ëmmer déi Verstuerwen déi ee well kontaktéieren. Si schwätze mam Maja a Form vu Biller, Gedanken a souguer Gerösch. Fir dass ech erausfanne wien do ass, kritt d’Maja Saache vun der verstuerwener Persoun gesot déi nëmmen ech ka wëssen an d’Maja gëtt mir dat sou virun. Wann ech näischt doran erëmerkennen entsteet kee Kontakt.

Mee schonn direkt bei den éischte Messagen erkennen ech vill Wourechten iwwert meng Mamm a mäin Cousin. Ech ginn him den Accord fir weiderzefueren. Si seet mir weider Saachen déi mech beréieren a mech staune loossen. Ech gi lo hei nik drop a well et ze privat ass. Dat Ganzt dauert nik laang well et fir d’Maja ustrengend ass.

Béid Erfarungen hunn mech iwwerrascht. Ech ka mir nik alles erklären…

Et muss een ewer oppassen well an dëser Branche ginn oft Techniken an Tricke wéi de „Barnum Effekt“ oder de „Cold Reading“ genotzt. Bei dëse Methode fannen déi Persounen Saachen iwwert eis eraus, déi mir hinnen onbewosst matdeelen durch eis Kierperhaltung an och mat dem wat mir hinnen äntwerten. Wann et engem nik gutt geet, léist een sech och gär vu Saachen iwwerzeegen.

Ech si bei dës Damme gaange fir Äntwerten ze fannen, di ech deelweis och wierklech kritt hunn an doduerch hunn ech meng eege Wourecht fonnt an ech denken, déi sollt jidderee fir sech selwer fannen.

*Mir hunn d’Nimm geännert well béid Frae wëllen anonym bleiwen

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply