Japan fir Ufänger

Wat sinn déi éischt Impressiounen als Tourist a Japan? Wat muss een dohanne maachen a wat léist ee besser sinn? Wat ass méi gäil, zu Okinawa am Pazifik schwammen oder zu Shinjuku an der Omoide Yokocho Strooss, dee leckerste Streetfood erafeieren? En kuerze Resumé vu Japan ze maachen ass onméiglech. Dofir sprange mir direkt dran ouni wierklech Aleedung.

ANA, déi gréisst japanesch Fluggesellschaft start ab Frankfurt, Bréissel mee am flottsten ass et vun Düsseldorf aus, well een do de StarwarsFliger huet. Sou zockerséiss an immens couragéiert sinn déi butzeg japanesch Kanner, déi do ganz eleng matfléien. Vun de Bomien an Däitschland bis un d’Gate begleet, ginn si brav an disziplinéiert op hir Plazen am Fliger a mucksen sech net méi. Et ass eng aner Kultur, Verschiddenes ass besser, villes awer och net. Mir géifen eis schwéier dinn, eis Puppelcher do an enger Crèche ofzeginn. Zu Akihabara, wat jo fréier mol d’Paradäis fir Nerds a Spillautomatenaddicts war, konnte mir Abléck an sou eng Dagesstruktur fir japanesch Kënnercher kréien. Mat Natur ass do näischt, par konter kréien si direkt aner Wäerter vermëttelt. Nëmmen net opfalen, sech upassen, roueg sinn. Dat sinn da Wiesenzich, déi se hiert ganzt Liewe bäibehalen. Den Individualismus ass net erwënscht. Et geet deene meeschten a Fleesch a Blutt iwwer a mir, als Europäer kënnen nëmme staunen, iwwert hir Héiflechkeet an Zréckhalung. Hiert Upassungsverméigen.

Dass si hir Ëmwelt respektéieren a fleegen, kéint ee just op den éischten Androck mengen. Alles ass immens propper, néierens trëllt Dreck. Awer Halt! Dat ass just déi éischt Impressioun.

Op de Stroossen herrscht strikt Fëmmverbuet an dofir fënnt een och keng Kippen op den Trottoiren. D’Japaner iessen an drénken ni am Goen. Dat maachen si aus Respekt virum Iesse just am Setzen oder Stoen. „Itadakimasu“. Da sinn si keng Fort-Gehei-Gesellschaft, oder? Leider dach! Extrem souguer! Si sinn obsedéiert vun der Hygiène a verfale bei ALLEM an ee reegelrechte Verpackungswahn. Souguer déi einfachst Géigestänn, wéi Liewensmëttel, gi super opwenneg verpaakt a gesi wéi Kaddoen aus. Du kanns kee Pak Kamellen am 7eleven kafen, ouni eng plastiks Tut derbäi ze kréien. Si kucken ee méi wéi verwonnert an der Keess, wann een de Kapp rëselt a „Iie, arigato gozaimasu!“ seet, andeems een hinnen d’Tut zeréckgëtt. „Die spinnen, die Europäer!“, denken si da sécherlech, loossen sech näischt dovun umierken.

Hir Zich sinn den absolute Glanz. No all Trajet ginn d’Sëtzer ëm déi eegen Achse gedréint. Sou ka besser propper gemaach ginn, ënnendrënner an dertëschent, mee och ass et esou méiglech, dass jiddereen ëmmer a „Fahrtrichtung“ sëtzt.

Mir recommandéieren a Japan vill mam Zuch ze fueren, awer och den Taxi onbedéngt ze probéieren.

Fir méi wäit Strecke lount et sech am Virfeld ee „Japan-Rail-Pass“ ze bestellen. Dat klappt wonnerbar. Op hirem Site, deen esou heescht wéi den Ticket, kann ee wiele wéi een Transportschäin ee brauch. Dat ass Zuch- a Sträckenofhängeg. Et geet mat Wochen an ass just fir bestëmmte Persounen definitiv gënschteg wéi sur place beim Automat. Et ginn nieft deene wonnerbare Shinkansen och nach déi ultra-séier Nozomi-Ween. Déi si natierlech méi deier mee esou spuert ee wäertvoll Zäit. Si fuere mat 300 km/h. Esou kënnt ee vun Tokyo op Osaka- Distanz: 515 km- an 2 Stonnen an 22 Minutten. Dëst a perfekter Zuchqualitéit, wou alles roueg ass, keen haart laacht oder telefonéiert an och den Zuch iwwerhaapt net ruckelt oder esou.

Dat bescht ass, dass da nach e puermol Personal mat engem Iess-Weenche laanscht kënnt, wou een déi leckerste Schmiere ka kafen, alles ouni Kuuscht: mat Eeër oder Schnitzel drop. Net gesond mee: „Kore wa oishii desu“… dat seet een op enger Japanrees ëmmer nees.

Wat si sech Méi ginn, mam Iessen, dat ass fir eis scho bal net virstellbar. Hir Bento-Boxe sinn esou schéin arrangéiert, esouvill kleng Detailer an dat alles trotz hirem ganze Stress.

D’Leit schaffen a Japan dacks d’office op mannst 10 Stonnen den Dag a wann si dann heemkommen, dann ass dat gemeinsamt Iessen als Famill dat Allerwichtegst. A Supermarchéen, déi esou grouss a luxuriéis sinn, dass ee sengen Ae kaum traut, gi reegelméisseg Kachcoursen organiséiert. D’Kanner sëtzen dann un Dëscher a mole ganz brav, wärend hir Mammen zesummen un Aarbechtsplacke stinn an do léieren, wéi se hire Kanner gesond Pausen-Iessen- fir déi laang Deeg- kënne wonnerschéi preparéieren. Wann een da bedenkt, dass mir eis dacks bekloen, wa mir just e pur Krellis-Schmiere musse maan…an da léiwer moies um Wee fir an d’Schoul beim Bäcker stoe bleiwen…aner Länner, aner Gebräich. Leider kënnt d’Familljeliewe bei ville Japaner awer massiv ze kuerz, besonnesch d’Pappe sinn doheem net dacks ze gesinn. Si hunn net seelen all Dag zwou Stonnen Trajet fir op hir Schaff an dann eben och nees fir heem -dat dann trotz méi laange Schaffdeeg, wéi bei eis. Vill stellen sech de Wecker am Zuch a profitéiere fir do ze näipen. Anerer, déi et owes net heem packen, iwwernuechten a sougenannte Kapsel-Hotels. Och eng Erfarung, déi ee sollt maachen, wann ee Japan besicht.

Vläicht hunn mir iech elo mam Japan-Féiwer ugestach an dir wëllt eng Vakanz dohi buchen. Passt just op, a Japan sinn Tattooen verpönt. Dofir wonnert iech net, wann dir an ärem Hotel guer net an d’Schwämm dierft, wëll e Schëld et verbitt. A mengt net, si wieren da kulant mat Touristen, well wat um Schëld steet, gëllt. Keng Diskussioun. Eng Rees dohi lount sech awer egal wéi, och ouni Sprong an de Pool vum Hotel.

 

 

Cathy Clement


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply