Kaddo fir mech

Kennt dir de Wanterblues oder d’Wanterdepressioun och? Et ass ee midd, keng Loscht eppes ze ënnerhuelen, schlapp an och nik gutt drop. Tjo…dat sinn alles Unzeeche fir en Mangel un Luucht. Am Wanter kréie mir nik genuch Dagesluucht of. Wéi och wann et ëmmer donkel ass?

Mir hunn iech en puer Tipps zesummegestallt fir aus dem Lach erauszekommen:

  1. Vitamin D, Vitamin D, Vitamin D !!!! Ganz wichteg am Wanter, well fir dees genuch ze hunn misste mir mindestens 20 Minutten all Dag an der Sonn sinn an och nach plakeg, well de Vitamin D iwwert d’Haut opgeholl gëtt. Well d’Sonn am Moment ewer eng Raritéit ass a kee bei dësen Temperature plakeg ronderëm leeft, sinn hei Vitamin D Ampulle wichteg. Dës kritt een an der Apdikt a soll een am beschte mat enger fetteger Moolzecht anhuelen.
  2. Kënschtlech Luucht. Et gi speziell Luuchten, déi eis déi feelend Luucht soll ersetzen. All Dag en puer Minutte vun dëser Luucht soll hëllefen sech nik méi sou schlapp ze fillen. Fir dass dës Therapie eng Wierkung weist, soll een se am beschten all Dag benotzen.
  3. Frësch Loft a gesond Iessen. All Dag en klenge Spadséiergang bréngt de Kreeslaf op Trapp a Kombinatioun mat vill Geméis ass de Kierper och vu banne gestäerkt.
  4. Sauna deet dem Kierper an der Séil gutt a stäerkt d’Immunsystem am Wanter.                                                

Well mir nik wëllen, dass dir an eng Wanterdepressioun faalt, verspille mir en Weekend am Parc Hotel Alvisse. Hei kann een eng wonnerbar Auszäit genéissen. An der bloer Oase kann ee vum Alldag ofschalten. Eng Sauna mat Hammam, eng Schwemm an en Rouhraum suerge fir Äert Wuelbefannen. Donieft kënnt dir vun enger Massage oder engem Soin de Beauté an engem renovéierte Beautyberaich profitéieren oder eech am Fitness auspoweren.

 

De Parc Hotel Alivisse läit einfach perfekt. No bei der Stad an trotzdeem roueg. De Spaberaich an de Pool sinn all Dag fir jidderee géint Bezuelung op vu 7.00-21.30.

Mady Lutgen

 

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply