Kapp reloaded

Ëmmer erëm liese mir dass mir eisen déifste Wënsch kënnen a solle nogoen, dass mir als Fra tëscht Familljeliewen a Carrière net méi mussen decidéieren, et muss een et nëmme staark genuch wëllen, seng Zäit optimiséieren, méi produktiv sinn, an engem gewielte Moment kennen ofschalte vir dono erëm 100% bei der Saach ze sin…

Ech weess net wéi et iech dobäi geet, mee ech fille mech Haut oft agëengt duerch dësen ëmmer méi schnelle Rhythmus vum Liewen an dem Drock vun der Gesellschaft. Ewéi esou oft hunn ech also am Internet no Hëllef gesicht, an no enger doze Meditatiounstechnike sinn ech op eng interessant Piste komm: d’Technik vum Reiki.

Kuerz drop hat ech och schonn e Rendezvous mam Jade, enger Reiki Meeschterin déi hire Cabinet zu Schuller huet. No engem kuerze Kenneléierungsgespréich an dem ech dem Jade erkläre wisou ech bei hat komm sinn, zielt hat mir da vun enger anerer Technik déi hat praktizéiert : dem Access Consciousness Bar®.

“Access Bars ® ass wéi wann een eng grouss Botzaktioun op sengem Computer virhëlt, well en iwwerlaascht ass. E Computer, dee mir eist ganzt Liewe gefëllt hunn an op deem eng jett onnéideg Saache gespäichert sinn. Access Bars ® erméiglecht et dës onnéideg Saachen ze läschen an eng Mise à jour vun eisem System ze maachen”

Dës Technik schwätzt mech direkt un an ech entscheede mech se auszeprobéieren. D’Jade erkläert mir awer dass hat als éischt emol mäi Kierper froe muss op en domat averstanen ass. Mäi skeptesche Bléck verréit mech an d’Jade erkläert, dass eise Kierper Entscheedungen treffe kann op déi mir, mat eisem Gewëssen, keen Afloss hunn. De Saz “Lauschter op däi Kierper” kënnt mir an dësem Ament an de Sënn an ech loossen d’Meeschterin gewäerden. D’Been Schëllerbreet auserneen a mat den Aen zou stinn ech virum Jade an hat stellt mir Froen. Bei all ” Jo” schwankt mäi Kierper vu selwem no fir, bei all “Nee” geet en no hannen. Faszinant!

Mäi Kierper ass averstanen eng Acces Bars® Séance ze maachen : mir leen also lass. Ganz ugedoe leeën ech mech op de Masseursdësch, a maache meng Aen zou. Mat senger doucer Stëmm erzielt d’Jade dass den Access Bars® eng relativ rezent Technik aus den USA ass, déi ëmmer méi praktizéiert gëtt.

Duerch d’Opleeë vun de Fangeren op verschidde Punkten um Kapp, ginn ënnerschiddlech Zone vun eisem Ënnerbewosstsinn beaflosst. Am ganze ginn et 32 “Baren” an se stellen Trauer, Kommunikatioun, Suen, Kreativitéit, asw duer. Hei gëtt nom perséinleche Besoin gekuckt. Wärend der Seance geet et ganz entspaant zou, an ech mengen iergendwann an en Trance-ähnleche Zoustand ze geroden.

Ech maachen eng ganz nei Erfarung vum  näischt denken, wat en agreabelt Gefill!

No enger Zäit informéiert d’Jade mech dass d’Seance dann eriwwer ass an ech  zeréck an d’Realitéit ka kommen. Hat freet mech wéi ech mech fillen : erliichtert. Mäi Grinse kréien ech net verstoppt. En Gefill vu Wuelfillen a Rou kënnt iwwert mech.

No engem leschte Bilan mam Jade froen ech wéi et dann elo weidergeet, ob dëst eng eemoleg Erfarung war oder ob ech soll oder däerf erëmkommen. D’Jade laacht a seet, dass bei all Persoun de Besoin an d’Frequenz, genau esou ewéi d’Reaktioun ënnerschiddlech ass. Esou ewéi déi éischte Kéier, wäert ech selwer spieren ob ech erëm komme soll a wéini.

Dës Äntwert gefält mir an zefridde paken ech meng Saachen.

10 Deeg no menger éischter Seance, spieren ech dass ech a verschiddene Momenter méi fräi a liicht sinn. Meng Gedanke belaaschte mech manner an ech ka mech endlech op déi wichteg Saache konzentréieren. Den Niwwel dee virdrun do war an duerch deen ech net méi kloer gesinn hunn, ass méi reng ginn an dëst war definitiv d’Resultat op dat ech gehofft hunn.

Wann dir iech och ebessi verluer fillt an dir mengt bei de Psycholog ze goe wier too much a mat de Frëndinne quaselen hëlleft net wierklech weider, da kann ech iech wärmstens eng Seance Reiki oder Access Bars® recommandéieren.

 

Maida Halilović


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply