Klengt Gléck

Viru bal genau engem Joer krut ech e ganz besonnesche Kaddo fir mäi Gebuertsdag geschenkt: d’Buch vum klenge Gléck. E quadratescht, gréngt Buch wat op den éischte Bléck no net vill ausgesäit, vläicht wéi e léift Kannerbuch mat witzege Männercher vir drop. Mee d’Buch vum klenge Gléck huet et deck an sech! Et ass eng Erënnerung, an zwar net déi, wéi mir se aus dem Smartphone kennen, wann et drëms geet de Rendezvous vu muer mam Aarbechtskolleg net ze vergiessen. Nee, d’Buch vum klenge Gléck erënnert een drun, dass et unsech guer net esou schwéier ass, einfach glécklech ze sinn.

Jo, Glécklechsinn ass e spronghaft Gefill, oft nëmme kuerz wierklech bewosst wouergeholl, mee eigentlech ass Gléck dach iergendwéi ëmmer do. A wou dann, frot Dir Iech elo? Ma ganz einfach: an der roueger Minutt, dem waarme Sonnestral, dem klenge Kompliment oder awer ganz banal am Stéck Schockela, wat een sech owes beim Fernseh gënnt.

 

Nach viru Kuerzem hunn ech mat enger Frëndin doriwwer geschwat, wat et eigentlech bedeit, glécklech ze sinn. Mir souzen an der oppener Schwemm zu Uewerkuer an hunn einfach geschnabbelt. Wat e Gléck! Mee glécklech sinn ass net ëmmer esou evident, vill Leit vergiessen an der ganzer Hektik vum Alldag gäre mol, wouranner sech dat klengt Gléck verstoppt. Wann ee gefrot gëtt, wat Gléck fir ee bedeit, denkt een natierlech direkt u Reesen, Zäit mat senger grousser Léift verbréngen oder den Dramjob fannen. An jo, och dat ass Gléck. Mee vill méi wichteg ass awer dat méi klengt, subtilt Gléck, wat een net ëmmer direkt gesäit.

Meng Frëndin huet mir an der Schwemm eppes verzielt, wat mech einfach direkt glécklech gemaach huet. An hatt och, well moies ier mir eis getraff hunn, ass hatt duerch de Mettendall bei eis doheem gejoggt an huet eppes entdeckt, mat deem et net gerechent hat: e Feld voller Sonneblummen! An dat doheem, op engem Wee deen hatt scho säi Liewe laang kennt, dee fir hatt eppes ganz Normales ass. Mee genau do hat sech dat klengt Gléck verstoppt, am Mettendall, fënnef Minutte vu sengem Haus ewech. Hatt huet awer missen d’Aen opmaachen a bereet fir dëst klengt Gléck sinn, well soss hätt hatt et vläicht einfach iwwersinn.

 

Als Äntwert op d’Fro, wat mech da glécklech mëscht, misst ech direkt u meng kleng rosa Ziedelen denken. Well all Owend ier ech schlofe ginn, huelen ech mir zwou Minutten Zäit an iwwerleeë mir, wat mech am Dag frou gemaach huet. Net onbedéngt iwwerglécklech, mee einfach eppes, wat ech als positive Moment net vergiesse wëll. An däers gëtt et esou vill! Zum Beispill de Villchen hanne bei eis am Gaart, dee mäi Brudder „Alfredo“ gedeeft huet an deen eis all Dag Moie soe kënnt, oder wéi mäi Papp versicht huet, mat engem Lastik eng Méck ze geroden, dat war de Wahn!

An esouguer déi Deeg, déi ech am Léifsten erëm aus dem Kalenner sträiche géif, haten dach iergendwou iergendwéi e klenge Moment ze bidden, dee mech glécklech gemaach huet. Well dat klengt Gléck ass spronghaft a gëtt gäre mol iwwersinn, mee wann ee genau hikuckt, dann entdeckt een et an deene banaalste Situatiounen.

 

A wéi heescht et op de leschte Säite vu mengem léiwe grénge Buch dach esou schéin: „Und bittest du es erst einmal herein… Dann kommt das kleine Glück gewiss nicht allein!“

 

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply