Kniddel Madiness

Jidderee mécht Kniddelen anescht, mee mir all hunn se gär oder? Well der vill ewer d’original Rezept nik kennen, hunn mir et fir iech aus dem Tirang vun der Bomi gekroomt.

 

Zutaten fir 4 Persounen als Haaptplat:

  • 800 g Miel
  • 8 Eeër
  • 1 Iessläffel grafft Miersalz
  • +/- 440ml Mëllech
  • +/- 60ml Spruddelwaasser
  • E gudde Schotz Ram jee no gusto
  • 8 déck Scheiwen (2-3 mm) duerchwuessene Speck
  • 2 Iessläffele Botterschmalz
  • 8 Äppel
  • 1 Zitroun
  • 4 Iessläffel Rohrzocker

An esou geet et:

Fir d’éischt maache mer eis un d’Zoubereedung vum Äppelkompott. D’Äppel gi geschielt, a kleng Stecker geschnidden a mam Zitrounejus, Zocker an e bësse Waasser bei mëttlerer Hëtzt mëll gekacht. Heiansdo dra réieren a falls néideg, Waasser dobäi ginn. Wa gewënscht, kann een se zum Schluss nach püréieren. Duerno de Kompott kal gi loossen.

An elo geet et un d’Virbereedung vum Deeg. D’Miel, d’Eeër an d’Salz zesumme mat der Mëllech an dem Spruddelwaasser mat der Kichenmaschinn knieden. Dobäi souvill Mëllech a Waasser dobäi ginn bis den Deeg sech vum Buedem vun der Schossel hiewe léisst an zéiflësseg ass.

E grousst Dëppe mat Waasser opsetzen, d’Salz bäiginn a waarde bis et kacht. Parallel d’Schwaacht vum Speck erofschneiden, a kleng Sträife schneiden an an enger Pan cross ubroden.

Nom Opkachen, d’Salzwaasser bei mëttlerer Hëtzt halen ouni dass et kacht. Mat 2 Iessläffel ëmmer en hallwe Läffel Deeg an d’Waasser ginn a waarde bis d’Kniddelen eropzéien. Mat engem Schaumläffel d’Kniddelen erausfëschen a bei de Gréiwen an der Pan nach eng Kéier ganz liicht ubroden. Di fäerdeg gebrode Kniddelen an enger opgewiermter feierfester Schossel am Uewe bei zirka 100 Grad (Umluft) waarm halen. Bei der leschter Portioun Kniddele kann ee jee no gusto nach e gudde Schotz Ram mat an d’Pan ginn an duerno alles zesummen an der feierfester Schossel zesumme mam Äppelkompott als Bäilag zerwéieren.

E kléngen Tipp: Kniddele schmaachen och immens gutt mat e bësse gerapptem Ementaler.

Gudden Appetit!

 

Sarah Melcher

Fotoen: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply