Kommt laanscht a gewannt!

Dikkrich, dës kleng Stad am Norde vum Land ass wuel all Lëtzebuerger bekannt. Net just de gudde Béier oder d‘”Volleksfest Al Dikkrich”, mee och d‘Foussgängerzone zitt ëmmer rëm d‘Leit an hire Bann vun der Stad, déi sech den Iesel als Maskottchen ugëeegent huet.

D‘Foussgängerzone, déi iwwregens déi eelste vu Lëtzebuerg ass, huet sech nieft de ville Caféen a Restaurant an de lëschte Joer och als flott Akafsstad entwéckelt. Hei fannt dir fir alles wat dir braucht, vu frësche Liewensmëttel, iwwert all Zort vu Bekleedung hin zu flotte Cadeausartikelen oder einfach Artikele fir Iech selwer eng Freed ze maachen. D‘Foussgängerzone huet fir all Goût an all Alter eppes ze bidden an d‘Geschäftsléit freeën sech Iech perséinlech a mat Häerzen ze beroden.

Ënnert dem Slogan “Summer an der Ieselsstad” huet Union Commerciale a Gemeng vun Dikkrich, sech fir dëse Summer e ganze Programm ausgeduecht. Nieft Geschichte vum Potty Lotty an Ausstellungen an de Vitrinne vun de Geschäftsleit, huet d‘UCD och eng grouss Tombola organiséiert wou een ënner anerem ee City Bike (3000€), ee Reesbong (1500€) oder ee Fläschenfrigo (700€) gewanne kann.

Ma och déi aner Geschäfter hunn sech fläisseg bedeelegt an sou Tombola richteg gutt gefëllt mat lauter flotte Kaddoen a Bongen. Ee Besuch zu Dikkrich dëse Summer lount sech also ëmsou méi an d‘Geschäftsléit freeën sech well op äre Besuch. Infoen an de Programme fannt dir op der Facebooksäit vun der Union Commerciale Diekirch. Tombola leeft iwwregens nach bis den 19.09.2020!

Fotoen: Nordstad

Text: MADI zesummen mat der Union Commerciale Diekirch


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply