Kult-Drink

Et ass dat neit Trendgedrénks an ëmmer méi Leit schwieren op seng positiv Wierkung. D’Ried ass vu Kombucha, dem Kult-Drink aus Ostasien, deen no an no och säi Wee iwwer d’Kalifornesch Küst bis an Europa fonnt huet. Scho säit 2.000 Joer gëllt d’Gebrei, wat aus gréngem oder schwaarzem Téi gewonne gëtt, als klengt Wonnermëttel fir doheem a suergt mëttlerweil och online fir eng Heedebegeeschterung. Ma wat huet et op sech mam zimlech saueren, liicht spruddelege Gedrénks, wat op den éischte Goût ferm un Cidre erënnert?

Fir d’éischt zu de Fakten: Kombucha ass e Gäergedrénks, wëll heeschen et gëtt duerch Fermentéierung hiergestallt. Gebraucht gëtt heifir Téi – am beschte staarke gréngen oder schwaarzen – , Waasser a virun allem vill Zocker. Kléngt net wierklech no eppes Extraem, ma wat Kombucha ausmëscht ass de sougenannte SCOBY. De wat?! SCOBY, kuerz fir “symbiotic culture of bacteria and yeast”. Iwwersat bedeit dëst eng Kombi aus Hefen a verschiddene Bakterien, déi zesummen eng Aart quallefërmege, schwabbelege Champignon bilden. Wien des Beschreiwung elo éischter eekleg wéi lecker fënnt, dee kann ech berouegen: de SCOBY ass nawell zimlech faszinant. Well eng Saach kann de wäissleche Champignon zimlech gutt, an zwar Saachen ëmwandelen. Konkret bedeit dëst, dass de SCOBY aus dem him zerwéierten Zocker Kuelestoffdioxid an Ethanol mëscht, dat Ganzt duerch eng chemesch Reaktioun wéi een se och bei alkoholeschem Gedrénks erëmfënnt. Liicht sëffeg ass Kombucha dann och effektiv, an zwar mat Alkoholwäerter tëscht 0,5 an 2 Prozent. Ma geduet ass den Drink awer net, fir sech Freidegowes ewechzegeheien (dofir misst ee scho Literweis vun der sauerer Flëssegkeet drénken, wann ee bedenkt, dass 0,5 de Volume vun alkoholfräiem Béier ass), mee fir seng Gesondheet ze ënnerstëtzen. Seet zumindest d’Alternativmedezin.

Laut Kombucha-Experte sinn am Wonnergedrénks nämlech net nëmme verschidde Vitaminnenn an Zénk enthal, ma virun allem probiotesch soll Kombucha et deck an sech hunn. Op als natierlecht Mëttel géint Cholesterol, gesonde Push fir d’Immunsystem oder Entgëftungstherapie fir d’Liewer – Kombucha schéngt fir (bal) alles d’Léisung ze sinn! Ma opgepasst, well trotz Dausende vun Testberichter am Internet gëtt et bis ewell keng medezinesch Studien, déi des Effeten och effektiv noweist. Getest gouf d’Gedrénks aus Asien bis ewell just un Déieren, ma op d’Wierkung beim Mënsch déi selwecht ass, steet de Moment nach an de Stären.

An nawell schwieren ëmmer méi Leit op déi positiv Eegenschafte vum klenge Champignon an de Marché mat Kombucha boomt. Egal op Ebay, Amazon oder am Supermarché –  de SCOBY kritt ee mëttlerweil bal iwwerall ze kafen an och bei sech doheem kann een dat glibberecht Gedéngens ganz liicht selwer ziichten. Ma och hei ass Virsiicht gebueden, well fir Kombucha hierzestelle gëlle verschidde Reegelen. Op der Plaz Nummer 1 heivu steet d’Hygiène, well wien net op eemol nach anert Gedéiesch a senger Kombucha-Brutstätt erëmfanne wëll, dee soll sech d’Hänn léiwer eng Kéier ze vill wäschen, ier en mam SCOBY hantéiert.

Ganz esou schlecht, wéi dat elo uewe kléngt ass Kombucha dann awer net, a verschidde positiv Wierkunge goufen effektiv scho bestätegt. Obwuel d’Gedrénks schwangere Fraen, Kanner, Diabetiker an dréchenen Alkoholiker zwar ofgerode gëtt, kann et vum Rescht vun der Populatioun ouni Bedenke consomméiert ginn, well vill anescht wéi soss en Erfrëschungsgedrénks ass Kombucha definitiv net. Am Summer mat Friichten oder Gewürzer verfeinert schmaacht den Trenddrink duerch säi liicht sauere Goût dräi mol besser wéi Cola a Co., an och fir Leit mat Verdauungsproblemer ka Kombucha e gutt Zousazmëttel sinn. Dëst duerch d’Saieren, déi ähnlech wéi bei Bottermëllech oder Kefir entstinn an e positiven Effekt op d’Daarmflora kënnen hunn. An och d’Tatsaach, dass Kombucha op Basis vun Téi hiergestallt gëtt, mëscht d’Gedrénks interessant.

Et ass also zwar nach laang kee kriibsheelend Wonnermëttel, ma schuede mëscht Kombucha awer definitiv och net – virausgesat, et drénkt een et a Moossen. A wien hat net schonn ëmmer eng Kéier Loscht, bei sech doheem am Schaf e klengen Alien ze ziichten?

 

Laura Tomassini

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply