Läinzeechen

Du hues haut bestëmmt schonn iwwert iergendeppes gemeckert? Iwwert de Stau an deems du de Moie stoungs? Oder doriwwer dass et bei dir doheem ausgesäit wéi eng Sau, oder iwwert eng Frëndin déi dir op eng Sms nik geäntwert huet? Jo mir reegen eis all Dag iwwert sou Klengegkeeten op. Ech och. Mee zanter dass ech an de leschten zwee Deeg op der Konferenz „Stand Speak Rise Up“ vun der Grande-Duchesse war -an där et iwwert Vergewaltegung vu Fraen a Krichsgebidder goung-, hunn ech opgehale mat meckeren, wéinstens mol fir haut.

Ech hunn do vum Leed vu Fraen héieren, dee mir eis guer nik virstelle kënnen. Bébéën a kleng Meedercher déi vun Zaldote vergewaltegt goufen, Fraen déi entfouert goufen, vu Gruppe vu Männer vergewaltegt, versklavt a gefoltert goufen a nokucke musste wéi Membere vun hirer Famill ëmbruecht gi sinn. D’Frae gi ganz gezielt vergewaltegt fir e Vollék ze schwächen, well nik nëmmen si leiden, mee och hire ganzen Entourage. Des Vergewaltegunge ginn als Waff benotzt fir Mënschen op eng bëlleg Aart a Weis futti ze maachen. Ma um Forum hu verschidden Affer geschwat, haten de Courage hir Geschicht ze erzielen an den Tabu domat ze briechen.

Alleguerten hunn se gesot, dass d’Vergewaltegung wuel dat Schlëmmst ass, wat een enger Fra kann undoen. Si kruten hir Würd geholl. An hiren Ae wier et a verschiddene Momenter méi einfach gewiescht ze stierwe wéi mat deene Läinzeechen um Kierper an op der Séil weiderzeliewen. Mee déi betraffe Fraen déi op der Konferenz dobäi waren, hunn decidéiert weiderzeliewen a géint d’Vergewaltegung a Krichsgebidder ze kämpfen. Ee couragéierte Wee…well vill vun den Affer entscheeden sech géint sou ee Liewen, souguer fir den Doud. De Forum huet zwee Deeg gedauert a kloer gewisen, dass méi muss iwwert déi Thematik geschwat ginn a mir eis Aen nik kënnen zoumaachen an eppes mussen ënnerhuele fir deene Mënschen ze hëllefen!

Ma och hei a Lëtzebuerg fanne Vergewaltegunge statt, keng sou eng grausam wéi an de Krichsgebidder an et sinn och ganz aner Ëmstänn. Mee och hei droe Fraen an och Männer Traumae mat sech, déi op eng schlëmm sexuell Erfarung zréckzeféieren sinn.

Awer och scho méi harmlos Situatioune kënne sech op eis Psyche negativ oder souguer traumatesch auswierken. Momenter déi mir am Alldag erliewen, vläicht och schonn puermol erlieft hunn an déi dann dono eréischt wéi dinn.

Ech hunn scho vu Leit erzielt kritt, dass se zum Beispill Sex mat Leit haten mat deenen se am Fong guer kee wollten hunn an sech dono schlecht gefillt hunn. „En huet mir leed gedinn“, „Bemol ware mir am Gang an dunn war et ze spéit eppes ze soen“, „Ech duecht en géing sech a mech verléiwe wann mir Sex hätten“, „Ech wollt em ee Gefale maachen och wann ech guer keng Loscht hat“. Alles dat si Sätz déi ech scho mol héieren hunn. Dir huet där bestëmmt och schonn héieren oder ähnlech Situatiounen erlieft?

Lauschter op dech a maach nëmmen dat wats Du och wierklech wëlls. Wanns Du eppes nik wëlls da soe dat och kloer! An wann een dir seet, dass en eppes nik wëll, lauschter drop!

Ech selwer hunn et erlieft, dass ee kloren „Nee“ nik respektéiert gouf an ech mech nik wieren konnt. Ech hunn dono d’Hell matgemaach well ech mir d’Schold ginn a mat kengem geschwat hunn. Wéi ech dunn driwwer geschwat hunn, gouf driwwer gelaacht a gesot: „Dir hat bestëmmt eppes gedronk“! Wéi wann dat en Grond wier fir en „Nee“ nik ze respektéieren? Ech hunn mat kengem méi geschwat, bis ech guer nik méi konnt schlofen a mir Hëllef gesicht hunn.

Nodeems ech Jore kee Mann méi un mech rugeloos hunn, mat Panikattacken an Insomnia ze kämpfen hat, hunn ech verschidden Therapien ausprobéiert an eng fonnt déi mir wierklech gehollef huet. Nach haut hunn ech et schwéier engem ze vertrauen. Eppes hunn ech op dem Forum geléiert: Schwätz driwwer egal wéi schwéier et ass a sich dir Hëllef.

A wanns Du dech nik traus mat engem ze schwätzen oder nik weess wous Du Hëllef kriss, da schreif mir.

Och hei am Land musse mir deen Tabu briechen, méi driwwer schwätzen a Solidaritéit géigeniwwer den iwwerliewende Vergewaltegungsaffer an de Krichsgebidder weisen, bei deenen d’Ëmstänn wierklech ganz anescht sinn. Mee mir kämpfen all zesumme géint eng Saach: d’Vergewaltegungen!

De Friddensnobelpräisdréier Dr Denis Mukwege huet iwwregens a senger Ried op der Konferenz vu „Stand Speak Rise Up“ eppes ugeschwat, wat besonnesch hänke bliwwen ass. An zwar sot hien, dass een deene Jonken e gutt Bild vun engem Mann muss mat op de Wee ginn. Ee Mann deen d’Frae respektéiert, ee Mann dee gesäit, dass Fraen anescht si wéi Männer an dat schätzt a sech nik iwwert se stellt, mee niewendrun. Vläicht musse mir eis seng Wierder all zu Häerz huelen, Männer wéi och Fraen.

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply