Léift Luxiland

Mir kennen eis elo schonn 38 Joer. Ech muss soen, dass ech mech ëmmer gutt bei dir gefillt hunn an nach ëmmer fillen. Du bass oppen, multikulti, villfälteg. Dat alles mécht dech sou eenzegaarteg. Ech kann dir meng Meenung soen, ouni dass du rose gëss. Du gëss mir Fräiheet, Fräiheet déi dir schonn ëmmer immens wichteg war.

Du bass zwar kleng mee oho. Deng schwéier Geschicht huet dech zu dem gemaach wats Du haut bass. Du bass bekannt op der ganzer Welt an deng Fans sinn iwwerall. Et begéint een där op deenen onméiglechste Plazen.

Du stéchs eraus mat denger Schéinheet, ob et déi wonnerschéin Natur ass, déits du ze bidden hues oder déi geschichtlech oder kulturell Highlights. Ech entdecken ëmmer erëm Neies un dir an du faszinéiers mech ëmmer erëm.

Mee et ass nik nëmmen dat Äussert wat mech bei dir unzitt. Et ass och däi Charakter, däi Charme an deng Wäermt. Heiansdo kriss du gesot, dass du arrogant wiers, ma du weess wats du wëlls a kanns dech duerchsetzen. Däi Kär ass geformt aus Zesummenhalt a Stäerkt. Ab und zu hues du just Tendenz ze meckeren, ze jéimeren an dech ze bekloen. Ech géing mir wënschen, du géifs dech da méi op deng Positiv Säit fokusséieren, well du hues wierklech immens vill ze bidden an du kanns houfreg dorop sinn.

Meng Léift zu dir geet och duerch de Mo. Du verwinns mech mat Kulinaresche Leckereien a mat dengem Crémant verdréis du mir de Kapp. Däi Sënn fir Entertainment zitt mech ëmmer op een Neits an däi Bann.

Bei dir kann ech si wéi ech sinn an du akzeptéiers jiddereen. Ech war frou dech wärend der Coronazäit u menger Säit gehat ze hunn, well deng Noperen hunn nik all sou en gudde Job gemaach wéis du. Du hues gewisen, dass du och a schlechten Zäiten do bass an dass näischt dech sou séier aus der Bunn geheit. Bei dir fillen ech mech sécher.

Ech wollt dir einfach eng Kéier soen, dass ech hoffen dass mir nach ganz vill Joer kënnen zesumme verbréngen, well néierens hunn ech dat Gefill sou wéi bei dir.

Dat Gefill doheem ze sinn.

Merci fir alles. Haut feiere mir dech. Prost!

 

 

Mady Lutgen

Illustratioun: Amarylis Hibon


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply