Let it rain

Et klengt vläicht komesch, mee de Reen ass schonn iergendwéi eppes Cooles. Ech ka mech nach erënneren wéi ech fir d’alleréischte Kéier a mengem Liewen als Kand op der Bühn stoung an op „Raindrops keep fallin‘ on my head” vum B.J. Thomas mat mengem Prabbeli gedanzt hunn. Natierlech gouf et deemools an der Victor Hugo Hal kee richtege Reen a mir sinn och net wierklech naass ginn, mee awer. Déi dräi Minutten danzen am Stuerm hunn e bleiwenden Androck hannerlooss. Dat selwecht oder en ähnlecht Gefill muss wuel och den Gene Kelly gehat hunn, wéi hie viru bal 70 Joer déi ikonesch Szene vum Film „Singin‘ in the Rain“ opgeholl huet. Oder d’Schauspiller aus „Step Up 2 The Streets“ bei hirem leschten Danz virun der Disko. Wéi gesot, de Reen huet schonn eppes Spezielles un sech.

Wéi passend, dass et grad dobausse schifft wärend ech mäin Artikel hei schreiwen. Abee jo, kuerz virun Allerhellge kënnt een dem Wanter net méi aus de Féiss, zemools net zu Lëtzebuerg. Et kéint een sech elo natierlech traditionell à la luxembourgeoise (ech froe mech op mir eis dat vun de Londoner ofgekuckt hunn?) bis an d’Fréijoer eran iwwer dat eeklegt Wieder opreegen. Oder awer et gesäit een et vun der positiver Säit, „always look on the bright side” an esou. Mir vu MADI si bekanntlecherweis Vertrieder vum Frou-sinn a loossen eis dofir och vu groem Himmel net d‘Laun verdierwen.

Genau dowéinst kënnt hei elo ee vun de Grënn, firwat och naass Deeg eppes Flottes kënne sinn – Stéchwuert: Reenmoud. Well och wann ee säi schéint Gezei am Moment vläicht léiwer am Schaf hänke léisst, mat de richtege Kleeder kann esouguer de gréisste Pull laanscht d’Strooss engem näischt unhunn. De Klassiker kennt jiddereen, ech nennen en: de „Fisherman’s Friend“ Look. Laange giele Reemantel, déi passend knätschgiel Gummisstiwwel an am beschten nach e waasserfesten Hutt fir op de Kapp. Et voilà, prett fir an de Reen! Dobäi ass dëst Outfit scho laang net méi nëmmen eppes fir Fëscherbopien aus schnulzegen Nicolas Sparks Filmer. Dee richtege Schnëtt, e fancy Prabbeli dobäi an zack kann een de „Fisherman’s Friend“ och fir Sonndes an d’Staat undoen.

Look Nummer zwee fixéiert sech op d’Schong. Well si mir éierlech, naass Féiss ruinéieren net nëmmen e gutt puer Sneaker, mee kënnen engem effektiv de ganzen Dag versauen (oder d’Woch, jee nodeems wéi vill d’Nues duerno leeft…). Dofir gëllt am Wanter: net nëmme waarm mussen d’Schong sinn, mee am beschten och nach waasserfest! Wéi gutt, dass Gummisstiwwele mëttlerweil net méi optesch ausgesinn, wéi wann een se am Donkelen designt hätt. Wien an de Schonggeschäfter ë bëssen d’Aen ophält, dee fënnt ganz Regaler voll mat coole Musteren, ënnerschiddlechen Héichten a Stiwwele fir all Goût. Eise Favourite: héich Boots mat Blimmercher, well déi gesinn ëmmer gutt aus!

Eppes wat am Reen och net feelen dierf ass de Prabbeli. Kleng fir an d’Täsch, grouss mat schickem Design, déi vun der Schueberfouer mam Motiv no bannen – ech menge Schutz géint Naass-ginn huet doheem jidderee genuch (kee Wonner, si Prabbelien nieft Autosschlëssele wahrscheinlech déi meescht vergiessen Objete vun der Welt). Mega stylesch a virun allem super praktesch sinn duerchsichteg Prabbelien, virun allem déi, déi eng extra ronn Form hunn, fir dass een och sécher net geduscht gëtt. De Plus: a verschiddene Butteker fënnt een duerchsichteg Prabbelie mat klengen, witzege Motiver drop – coole Selfie vu bausse garantéiert!

Ma och fir reenereg Extremfäll gëtt et an der Tëschenzäit ganz Kollektioune vun Accessoiren, déi d’Wanderung duerch de Reen méi angenehm (a visuell uspriechend) maachen. Sief et e neon-faarwege Schutz fir iwwer de Rucksak, eng waasserfest Emhängetäsch oder Posch vu Kipling fir am Alldag, de K-Way fir d’Been, witzeg Houssë fir den Handy oder Fotoapparat oder eng ganz Gamme vu styleschen Hitt fir d’Frisur ze schützen – am Wanter fir d’éischt emol doheem d’Strëmp no der Schaff ausdréine, muss 2019 definitiv kee méi. A wann een dann nach richteg zackeg duerch de Reen spadséiere kann, da kéint ee jo scho bal Loscht op e klenge “Regentanz“ kréien. Avis aux amateurs!

Laura Tomassini

Fotoen: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply