#madewithlovefromlux

Den Titel seet et schonn: an der neier MADI-Serie geet et em Saachen, déi mat vill Léift fir den Detail vu jonke Lëtzebuerger Creatricë selwer hiergestallt ginn. Sief et Keramik, Bijouen, Illustratiounen oder soss eppes, wat Freed mécht – Lëtzebuerg huet Talent, an dëst trauen sech ëmmer méi Kënschtler och ze weisen. Ma et muss net ëmmer direkt de grousse Business sinn, esou munch vun eisen Interviewees schaffen am ganz Klengen, vläicht einfach doheem an engem kuschelegen Eck vun der Kummer, oder bei der Bom um Kichendësch. Wat awer dobäi erauskënnt si Kreatiounen, déi eenzegaarteg sinn an déi virun allem beweisen, dass och aus engem Hobby eppes ka ginn, wat Succès huet.

Beim Daniela huet alles ugefaangen, wéi hatt nach an der Primärschoul war: “Mat siwe krut ech vun enger Frëndin vu menger Mamm eng Këscht geschenkt, fir Bijoue selwer ze maan. Ech hunn hir dunn e puer Ouerréng gebastelt an dat war amfong de Start.” Ma iergendwann war déi kleng Këscht eidel, d’Daniela ass méi al ginn an d’Bijousmaache war vergiess. Op der Uni dunn huet déi jonk Studentin missen en obligatorescht Auslandssemester maachen – den Albdram vun all “Mama-Kand”, wéi hatt sech selwer mat engem Laachen nennt: “Fir mech war et immens schwéier, vu menger Mamm getrennt ze sinn, dofir wollt ech net wäit fort.” Gelant ass d’Studentin zu Köln, also wäit genuch, dass et fir den Erasmus gegëllt huet, ma gläichzäiteg esou no, dass doheem ni ausser Reechwäit war. Trotzdeem huet d’Daniela eppes gesicht fir sech ze beschäftegen a vum Heemwéi ofzelenken:

“Meng Mamm huet zu deem Zäitpunkt erëm ugefaangen an enger Crèche ze schaffen an do hir Frëndin erëmbegéint. Wéi si dunn eng Kéier bei eis iesse komm ass, hat si meng Ouerréng un. Se ware fuerchtbar moche a faarweg, mee se hu mech erëm drun erënnert, wéi gär ech dat als Kand gemaach hunn.”

Et war geschitt: d’Daniela hat seng Leidenschaft fonnt. Op Instagram huet hatt ugefaangen, Leit ze followen, déi via PopUps hir selwergemaache Produite verkaf an domat den Trend vum Lokalen nei ugedriwwen hunn. E Konzept, wat hatt inspiréiert huet. D’Suite dovu war eng Bestellung mat allem wat ee fir Bijouen esou brauch. “Fir d’éischt hunn ech d’Saachen einfach mol fir mech gemaach, mee meng Frëndinne waren esou begeeschtert, dass mäi Frënd mech dozou encouragéiert huet, eng Insta-Säit ze erstellen”, esou dat 25-Järegt. Vu Februar bis Juni sinn dem Daniela seng Kreatiounen bei senge Follower dunn esou gutt ukomm, dass hatt decidéiert huet, sech bei der Chambre des métiers unzemellen an en offiziellen Online-Shop ze installéieren. Madewithlovefromlux war gebuer.

No knapps engem hallwe Joer hunn net nëmmen dem Daniela seng Bijouen de Wow-Effekt erreecht, mee och d’Zuele vu sengem Site: 1.767 verkafe Bijouen, eng rammelvoll Mailbox, Collaboratioune mat anere Kreativen aus dem Land. “Heiansdo kréien ech Tréinen an d’Aen a si richteg overwhelmed, wann ech de Leit hir Message liesen a si mir soen, dass ech fir si eng Inspiratioun sinn”, esou dat 25-Järegt. Ma der jonker Assistane-sociale-to-be seng Saachen treffe genau de Goût vun der Zäit a si virun allem eppes, wat jiddereen sech leeschte kann: “Dat ass mir immens wichteg, dofir leie meng Präisser och ni iwwer 20 Euro. Ech wëll, dass och Jugendlecher kënne bei mir akafen.” Selwer fënnt d’Daniela seng Key Pieces um Internet – Etsy a Perlen-Großhandel sinn hei d’Stéchwuert. “Ech hunn amfong ni e wierklecht Thema fir meng Kollektiounen. Am Summer probéieren ech natierlech Saache wéi Muschele mat anzebauen an am Wanter zum Beispill Stären, mee alles ëmmer Motiver déi een och de Rescht vum Joer undoe kann.”

Dat Wichtegst heibäi: d’Charms mussen dem Daniela gefalen, well wat net vun Häerz kënnt, gëtt net produzéiert. Huet d’Studentin eppes entdeckt, wat him gefält, gëtt dëst 10 bis 15 mol bestallt a vum Daniela individuell zesummegesat. Aus villen Eenzelstécker entstinn esou Bijouen, déi simpel mee chic sinn, a genau dat schéngt unzekommen. Eenzeg Konditioun: déi Piècen, déi direkt un der Haut leien, solle wa méiglech aus Edelstahl sinn, esou d’Daniela: “Dat ass einfach méi laanglieweg wéi aner Materialien a verfierft sech net mam Waasser.” Fir senge Clienten awer eng optimal Qualitéit ze garantéieren, leet d’Creatrice an all Päckelchen dräi kleng Ziedelcher dobäi: ee mat enger kuerzer Intro zu senger Mark, ee fir Merci ze soen, an ee mat den Uweisungen, wéi een de Bijou traitéiere soll, fir dass en esou laang wéi méiglech schéi bleift. Alles selwergemaach natierlech.

“Dat schéinste Gefill ass awer, wann e Päckelchen ukënnt mat dausend Saachen dran, dat ass wéi Chrëschtdag. Da sëtzen ech mech a meng Kummer, maache Musek un a kucken, wat bei wat passt.”

Passe maachen d’Saache vu madewithlovefromlux och an d’Konzept vu villen anere Kreativen aus dem Land, esou dass ëmmer mol erëm déi eng oder aner flott Collaboratioun entsteet: “Mat FleuRebelle hunn ech schonn zesummegeschafft an de Magazin Janette huet mech gefrot, op si meng Ouerréng dierfen an hir Poschetten maachen. Immens frou sinn ech och iwwer d’Kooperatioun mat der Bijouterie Hoffmann vu Gréiwemaacher. Dat ass eng vun den eelste Bijouterien hei am Land an den 22. Februar wäert bei hinne meng nei Fréijoerskollektioun erauskommen, déi si duerno dann och an hirem Buttek ausstellen.”

Ma virun allem d’Networken mat anere Jonken ass eppes, wat d’Daniela och an Zukunft nach pushe wëll:

“Ech hat am Wanter e klenge Fotoshooting mat e puer Meedercher, déi mir einfach op mäin Insta-Opruff geäntwert haten an dat war eng mega cool Aktioun. Ech fannen et wichteg, dass een sech géigesäiteg ënnerstëtzt. Et ginn ëmmer Leit déi ee wäerte schlecht maachen, mee da sinn dausend anerer déi deng Aarbecht gutt fannen, dofir soll een sech einfach trauen dat ze maan, wat ee wierklech gär mécht.” 

Nieft dem Booste vun der lokaler Createurszeen huet d’Daniela dann awer nach ee groussen Dram, wéi hatt eis verréit:

“Ech géif immens gär iergendwann e Shop opmaachen. Meng Iddi ass et, vläicht en Trailer an de Gaart hannert mäin Haus – wann ech bis eent hunn –  ze stellen an do meng Saachen ze verkafen, mee dat ass nach eng affaire à voir.”

Elo gëllt et fir déi jonk Studentin emol fir d’éischt seng nei Kollektioun prett ze maache fir d’Release an ze hoffen, dass och des en Erfolleg gëtt. Ma eigentlech brauch d’Daniela sech do keng wierklech Gedanken ze maan, well seng Bijouen hunn deelweis de Wee scho bis iwwer den Ozean fonnt: “Eng Kéier krut ech eng Bestellung aus Kanada, dat war meng alleréischt  ausserhalb vun Europa an do hunn ech e little dance a menger Kummer gemaach vu Freed!” A genau des Begeeschterung fir dat wat hatt mécht ass et, déi dem Daniela säi klenge Business nieft der Uni esou beléift maachen. Freed ass eben ustiechend a wien net vun de filigranen Charms selwer iwwerzeegt ass, dee gëtt spéitstens Fan wann e bis dem Daniela seng Storye gesäit, an deenen hatt senge Cliente reegelméisseg mat groussem Smile Merci seet. Sharing ass ebe Caring an dat weess och d’Grënnerin vu madewithlovefromlux an deelt dofir mat senge Follower déi eng Saach, déi all Fra schwaach gi léisst: shiny selfmade Bijouen.

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply