Mamm gesicht

„Mamma, wou kommen ech eigentlech hir?“ Eng Fro, déi eigentlech relativ einfach ze beäntwerten ass. Fir déi eng ass et d’Geschicht vum Storch, anerer goufen ënnert dem Kabes fonnt. An iergendwann, wann ee méi grouss ass, da weess een och, wéi et dann elo wierklech war. Méi schwiereg gëtt d’Erklärung awer, wann d’Kand unsech guer net dat eegent ass, mee adoptéiert gouf. Hautdesdaags sinn Adoptioune keen Eenzelfall méi. Vill Famillen hunn e klenge Butz aus Korea, dem Cap Vert, Indien oder awer aus Lëtzebuerg bei sech opgeholl an him e neit Doheem ginn. D’Dina Werner ass ee vun de Puppelcher, déi net bei de leiflechen Elteren opgewuess sinn, mee no der Gebuert eng nei Mamm an e neie Papp kruten. De 16. November 1995 ass d’Dina zu Diddeleng am Spidol op d’Welt komm, kuerz drop duerft hatt bei de Gast an d’Marleen op Furen plënneren. U seng Kandheet huet dat jonkt Meedche flott Erënnerungen, d‘Liewe mat de Kollegen um Land war fir hatt déi schéinsten Zäit.

Ma eppes feelt awer am Dina senger Geschicht, well mat 23 weess hatt nach ëmmer net, wien seng biologesch Mamm ass. En „Accouchement sous X“, op Lëtzebuergesch eng anonym Gebuert, verhënnert, dass hatt Informatiounen iwwer seng Originne kréien dierf. Nëmme wéineg gouf d’Dina iwwert d’Joren vun den zoustännegen Ulafstelle gewuer: dass seng leiflech Mamm bei der Schwangerschaft eréischt 14 Joer al war an de Bébé wahrscheinlech vun der Famill net gewollt war. Et c’est tout. Als Teenager huet d’Dina dëst ni gestéiert, ma elo wou hatt selwer erwuessen ass, gëtt de Virwëtz awer ëmmer méi grouss.

„Ech mengen dat ass eppes, wat jidderee wësse wëll. Einfach wou een hirkënnt“

De 4. Abrëll huet hatt dowéinst eng Entscheedung getraff, déi him bei der Sich no sengen Originnen hëllefe soll. Mat de Wieder „Haut ass den Dag komm!“ huet d‘Dina seng Geschicht via Facebook mat der Welt gedeelt, an eppes an d’Rulle bruet, wat hatt esou net erwaart hätt. „Wéi ech owes de Post geschriwwen hat, hunn ech d’Tastensperre ugemaach a mäin Handy op d’Säit geluet a geschlof. Moies hunn ech mech emol net getraut, direkt ze kucken. Do war mäi Post schonn iwwer dausend Mol gedeelt ginn”, esou d’Dina.

Insgesamt 3.495 Leit hunn dem Dina säi Message an de Sozialen Netzwierker verbreet a seng Sich no senger leiflecher Mamm esou public gemaach.

„Ech sinn nach ëmmer krass erstaunt iwwer all déi Mathëllef, déi ech vu komplett Frieme krut“, seet d’Dina knapp dräi Méint duerno.

Fir hatt war seng Adoptioun ni e Problem, scho ganz kleng hunn seng Elteren him erkläert, wéi d’Situatioun bei de Werneren ass.

„Si hu mir direkt gesot, dass ech adoptéiert sinn. Ech mengen, dat huet ee jo och gesinn, wann ee mech mat menger Mamm iergendwou begéint huet”, esou d’Dina, wat am Géigendeel zu sengen Adoptivelteren eng méi donkel Haut huet.

Wahrscheinlech sinn et kapverdianesch Genen, déi him säin Ausgesi ginn hunn. Ma sécher weess d’Dina dat awer net. Fir dat erauszefannen, huet dat 23-Järegt schonn op ville Plazen nogefrot: beim Ombudscomité fir d’Rechter vum Kand, bei der Croix Rouge, am Spidol. Eng richteg Äntwert konnt him awer bis elo nach kee ginn. „Ech hunn an der Klinik mäin Dossier ugefrot, mee do steet just dat dran, wat ech scho weess. Vun enger anerer Fra krut ech gesot, dass den Dokter, deen deemools fir d’anonym Gebuerten zu Diddeleng zoustänneg war, anscheinend all d’Dossiere verbrannt huet, esou dass een do näischt méi zrécksiche kann”, esou d’Dina. Eng Schocknoriicht. Och un d’Hiewamm, déi him deemools virun 23 Joer de Numm Aimée Claude ginn huet, kënnt d’Dina haut net méi.

Eng Méiglechkeet bleift him awer nach, mee déi gestallt sech als relativ kniffleg. „Lëtzebuerg, Italien a Frankräich sinn déi eenzeg Länner, an deenen anonym Gebuerten erlaabt sinn. Op der enger Säit stinn hei d’Rechter vun der Mamm, des Entscheedung ze treffen an op der anerer Säit d’Recht vum Kand, ze wësse wien seng Eltere sinn. D’Fro ass also, wiem säi Recht dann elo méi Gewiicht huet“, esou d’Dina. Effektiv gëtt zanter 2013 un engem Gesetzestext geschafft, deen des Situatioun besser reegele soll. Ma den Ament ass d’Reglementatioun awer nach op der Säit vun der Mamm. Den eenzegen, deen am Dina sengem Fall heiru vläicht eppes fréckele kéint, ass de Minister Braz, un deen d’Dina en oppene Bréif geschriwwen huet fir kënnen a säin Aschreiwungsdossier ze kucken. Bis ewell waart hatt hei awer nach op eng Äntwert.

Ma d’Dina gëtt seng Sich awer net op, zemools well hatt gesinn huet, wéi vill säi Courage och aner Leit beweegt:

„Et hunn sech eng ganz Partie Leit bei mir gemellt, déi och adoptéiert sinn a mir gratuléiere wollten, dass ech mech dat getraut hunn. Zwee, dräi Stéck hunn ech mat mengem Opruff motivéiert, och no hire leiflechen Elteren ze sichen.“

Sollt de Versuch iwwer Facebook fir d’Dina awer weiderhin ouni Resultat bleiwen, gëtt et nach eng lescht Persoun, déi dat jonkt Meedchen em Hëllef froe wëll: d’Moderatorin Julia Leischick vun der däitscher Fernsehsendung „Vermisst“. Mee bis dohi wëll d’Dina mol nach ofwaarden, schliisslech geet et him jo gutt:

„Ech si glécklech do wou ech sinn. Fir mech si meng Eltere meng Elteren an dat wäert och ëmmer esou bleiwen.“

Ma trotzdeem ass de Wonsch, ze wësse wien seng leiflech Mamm ass, grouss. „Ech géif si gär froe wéi et hir geet, wou si am Liewen drun ass an op ech nach Famill hunn“, esou d’Dina. Eppes, wat och seng Adoptivelteren verstinn an d’Dina dowéinst zu honnert Prozent bei senger Sich ënnerstëtzen. A wien weess, vläicht geet dem jonke Meedchen säin Dram jo an Erfëllung an iergendwann deelt hatt e Post, net mat enger Foto vu sech selwer als Kand, mee eng zesumme mat sengen zwou Mammen, déi gemeinsam stolz sinn op déi jonk Fra, déi haut aus dem Dina ginn ass.

 

Laura Tomassini

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply