Match me

Alles dréint sech dorëms, ëmmer an iwwerall. Mir verbrénge vill Zäit domat de richtege Partner fir d’Liewen oder fir en Liewensofschnëtt ze fannen. Well eis Gesellschaft eis jo och ëmmer virun d’Nues hält, dass een ouni ee Partner keen ass a mir sichen oft d’Gléck bei engem Partner an nik bei eis selwer…

 

 

Fréier war dat mat der Partnersich nach vill méi einfach. Op engem Bal ass ee gefrot ginn fir ze danzen a scho war alles kloer. Haut mat de soziale Medie freet kee méi fir ze danzen, haut gëtt gematcht. Eng ganz bekannten Dating App ass zum Beispill Tinder. Virun en puer Joer war se nach interessant fir säin Dram-Prënz oder Prinzessin kennenzeléieren, haut geet et bei dëser App virun allem em eppes: déi schnell Nummer.

Et gëtt Koppelen déi sech tatsächlech iwwert des App kennegeléiert hunn ewer och där, déi sech wéinst dëser App getrennt hunn. Bei Tinder kritt ee Partnervirschléi, Fotoe vu potentielle Partner ugewisen, deenen een dann en Häerz ka gi wann engem déi Foto gefält. Wann dës Persoun engem och een Häerz gëtt, huet een ee Match. Dat heescht et kann ee matenee schreiwen. Den éischten Androck ass just d’Ausgesin an eng kleng Beschreiwung iwwert d’Persoun. Wann engem de Virschlag nik gefällt swipt een déi Persoun einfach ewech.

 

 

Dat kléngt jo elo alles easy. Gematcht gëtt séier. Et ginn och Leit bei Tinder déi just op Tinder sinn aus Zäitverdreif fir ze matchen. An da gëtt et déi, déi an enger Partnerschaft sinn a wëlle kucken, wat soss nach sou um Marché ass. An natierlech déi, déi schnelle Sex sichen. Et ass en bësse wéi bei engem online Shop wou ee kann eraussiche wat een undeet, wou ee bestëmmt wat engem gefält, séier an onkomplizéiert.

Déi mannst sinn op der Sich no Léift…wat och logesch kléngt well een sech jo och nik an eng Foto verléiwe kann oder vläicht dach? Tinder spigelt eis Gesellschaft erëm, wou alles sech just em d’Ausgesinn dréint, een sech nik wierklech op een aléist aus Angscht eppes Besseres ze verpassen. Dann bleiwe mir léiwer beim Spaass ouni Verpflichtung, well Spaass ass jo dat Wichtegst oder? Jidderengem säint. Et gi bestëmmt Mënschen deenen des Spaassmomenter duerginn. Fir all déi aner, déi di wierklech no méi sichen ass et vläicht ewer besser een an der Realitéit kennenzeléieren an do ze kucken ob ee matcht a wann nik, dann trotzdeem vläicht einfach en Kaffi zesummen drénkt am Platz een direkt ewechzeswipen, vläicht entpuppt sech jo aus engem Fräsch en “partner in crime”, wien wees…

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Comments (2)

  1. Deen Artikel gefällt mäer apart gutt well ech aus der Generatioun ‘Danzen op engem Bal’ stamen. Ech weess awer datt esou Dating Apps ginn an dozou hunn ech eng Kéier en intressanten Artikel geliest, op Englesch ech denken datt et an der ‘Marie-Claire UK’ war. Do goung et drëm datt et bal nëmme nach em de schnelle Sex ‘to go’ geet a matgemat gëtt fir net als spiesseg ze gëllen an dat esou munech Leit bal an d’Depressioun falen duerch e Systeem dee näischt fir sie ass. Datt ass elo doiwwer op der Insel a net hei.
    Btw Mäi Mann an ech hunn eis op engem Busausflug kennegeléiert. Ech war an der JS an heen an der LAJ. Dat war 1967.
    ?

  2. Op de Punkt bruecht! Ee gudden Artikel dee weist, wéi et an eiser heiteger Gesellschaft leeft. Fir Leit, déi wierkleg eppes fir d’Häerz sichen, gëtt et ëmmer méi schwéier an eiser anonymer, iwwerflächlecher Medienwelt.

Leave a Reply