Message aus dem Himmel

Zanter meng Mamm no enger Häerzoperatioun virun dräi Joer ganz plëtzlech gestuerwen ass, hunn ech mech dacks gefrot ob et ee Liewen nom Doud gëtt. Dës Fro stellt een sech wuel eréischt méi intensiv wann een e léiwe Mënsch verluer huet…

Et ass dat Schlëmmst wat ech bis elo erlieft hunn. Meng Mamm an ech ware bescht Frëndinnen. Si war de wichtegste Mënsch a mengem Liewen a vun engem Moment op deen anere war si bemol einfach nik méi do. Zanter deem Moment ass einfach näischt méi wéi et war. Ech verlaangeren all Dag no hir, ech géif si sou gär erëmgesinn.

Ech hunn mech zanter hier immens vill mam Doud befaasst, Bicher gelies, recherchéiert a sinn och op verschiddene Mediume gestouss, déi behaapt hunn, dass si mat Doudege kommunizéiere kënnen. Virun zwou Woche freet eng Frëndin mech, ob ech mat bei de Pascal Voggenhuber géif goen, deen op Munneref kéim. Ech duecht et wier en Concert. Googlen den Numm a gesinn, dass hien ee bekannte Medium ass, dee mat Doudege kommunizéiere kann. Bei all Virtrag demonstréiert de Pascal och, dass en eben sou en Kontakt aus dem Jenseits kann hierstelle mat engem aus dem Publikum. Ech soe menger Frëndin „Jo komm mir ginn dohin“.

Moies virun dësem Event, schwätzen ech mat menger Mamm, sou wéi ech et dacks maachen. Ech soen hir, dass si owes komme soll:

„Mamm wann s du et fäerdeg kriss dech den Owend do ze weisen, bezweifelen ech ni méi dass et eppes gëtt. Ech verspriechen dir dat“

Et ass schwaarz vu Leit an et mengt een en Superstar géing optrieden. Ech wousst nik, dass dee Pascal sou bekannt wier a sinn erstaunt, dass souvill Leit sech fir dat Thema interesséieren. Am Publikum erkennen ech Kënneger wou ech weess, dass se och ee verluer hunn. Iwwert 300 Leit an engem Raum an all wënschen se sech, dass hir Verstuerwen sech dono mellen.

De Pascal Voggenhuber kënnt op d’Bühn a mëscht seng Show wéi en professionelle Showmaster mat engem Touch vun engem Comedian. En bréngt säi Public vill un d’Laachen. Hien erkläert wéi en säin Talent entdeckt huet, wéi en mat de Verstuerwene kommunizéiere kann. Weider erzielt hien, dass et scho längst wëssenschaftlech bewisen ass, dass mir all just aus Energie bestinn an een Energie guer nik zerstéieren, just ëmwandele kann an dass genau dat mat eis geschitt wann mir stierwen. Eng Stonn schwätzt de Pascal iwwert alles dat a jidderee lauschtert interesséiert no.

An elo kënnt dee Moment wou jiddereen drop gewaart huet. De Pascal seet et wier elo un der Zäit fir seng Demonstratioun. Ech denken: „Wann ech elo hei misst opstoe virun 300 Leit gëtt et mir schlecht…“

„Ich habe eine Mutter hier, die an einer Krankheit gestorben ist, sie war mittleren Alters, also nicht über 70“ héiren ech hie soen an ech denke just: „Ok dat do passt jo bestëmmt bei nach vill Leit“. De Pascal weist, dass et een aus mengem Eck muss sinn a fuerdert de Public op, dass déi ausstrecke wou d’Beschreiwung passe kinnt. Ech strecken aus…an soss keen. Ech kucke ronderëm mech an der Hoffnung, dass do vläicht ewer nach een anere betraff kinnt sinn, well ech Angscht hunn, well et einfach ze vill wier wann ech elo tatsächlech dat wier wat gemengt ass.

Ma ech si gemengt…

Déi Verstuerwe kommunizéieren anscheinend a Biller, Gedanken a Geroch. De Pascal schwätzt mech elo konkret un. Hien seet dass meng Mamm an ech enk waren, dass si am grénge gelieft huet, dass si krank war mee si ganz iwwerraschend gestuerwen ass. Ech ziddere just, kann nik gleewe wat grad do geschitt a soe bei allem jo wat en seet well et stëmmt. Ech fänken un mat kräischen, vu Freed an Iwwerwältegendes an et deet ewer och wéi, all déi Erënnerunge kommen op. Bei all deem kucken dir och nach 300 Leit no.

Andauernd stellen ech mir d’Fro ob hie wierklech richteg leit, ob et nik Wonschdenken ass. De Journalist a mir hannerfreet alles an ech denken och bei Verschiddenem:

„Mee dat trëfft bei ville Leit zou, een Deel stëmmt mee ewer nik alles zu 100 Prozent“

Bei eppes wat en seet huet en mech dunn ewer zu 100 Prozent kritt. En seet: „Sie zeigt mir andaurernd den Namen Maria, was hat es mit einer Maria auf sich“? Meng Mamm war en risege Fan an Unhängerin vun der Muttergottes, fir si war de Pilgerdag zu Wooltz immens wichteg genau sou wéi d’Oktave. Si huet 100 Bicher iwwert d’Maria gelies.

Wéi kann hien dat wëssen?

De Pascal seet mir och nach dass si mir ëmmer Zeeche schéckt duerch d’Musek an och dat stëmmt. Eng Kéier an engem Restaurant wou keng Musek gelaf ass geet bemol d’Anlag un mat mengem Liiblingslidd. Deemools duecht ech mir nach wéi komesch dat war, d’ganz Personal konnt sech nik erkläre firwat d’Anlag bemol sou haart war. Si seet dem Pascal si géif mir souvill Zeeche schécken, se weist nik wat se nach alles soll maachen. Ech muss laachen.

Si seet och nach ech soll ophale mech ze entschëllege well ech deen Dag wou si gestuerwen ass am Ausland war. Eppes woufir ech schrecklech Scholdgefiller hat.

Zum Schluss seet si se wier komm fir mir Mutt ze maachen, fir mir ze soen dass si hannert mir steet. Ech hunn mech nämlech ëmmer gefrot, wat si vu mengem Projet MADI iwwerhaapt hält. No dëser Erfarung fillen ech mech gestäerkt a fir mech ass et elo kloer dass et do eppes gëtt. Mee do ka jiddereen denke wat en wëll. Vläicht mëscht de Pascal och “Cold Readings” an alles war just en Bluff. Mee a mengen Ae wousst hie Saachen déi kee Mënsch soss wësse kann.

Ech wollt dës emotional Geschicht mat dir deelen, well ech fannen dass et eng wonnerschéin Erfarung war an ech dat vläicht grad erliewe konnt, fir dir dovu kënnen ze erzielen.

 

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Comments (10)

  1. Sou schein dass de dad gedeelt hues MADI ! <3

  2. Deng Geschicht huet mech immens bereihert, mein Papp ass och virun Joer onerwaart no enger Operation gestuerwen. Denken all Daag un hien an hien fehlt iwerall. Ass Schein vun denger Erfahrung ze heieren, ech gleewen och dorun dass et eppes get…..an eis Leiw op eis erof kucken an op eis oppassen. Sin frou fir dech dass du dat konnst erliewen.
    Ganz leif Greiss

  3. Ech hu virun ongeféier 6 Joer och esou eppes erlieft. Et ass schonn e ganzt komescht Gefill, wann een an engem volle Sall plëtzlech de Mëttelpunkt ass an ee mat Saache confrontéiert gëtt, déi laang zréck leien
    Bei mir war et mäi Papp, deen 1988 plëtzlech gestuerwen ass, wéi ech am Maroc an der Vakanz war, mat deem ech awer net dat beschte Verhältnis hat a mat verschiddene Saachen guer d’accord war, deen op emol do war a mir matdeelen wollt, dass him villes leed doe géif an sech entschëllegt huet bei mir…Mee hien hätt missten sou handelen… Dat geet mir haut nach no…Déi Leit, déi mech “matgeschleeft” haten, ware mat opgereegt a soten, ech wir ganz bleech ginn…Ech mengen, ech war nach Deeg laang bleech…

  4. ech wëllt evh kinnt och matt menger Mamm an Kontakt kommen déi den 21.4.eli een Jôer dozd ass ?

  5. Heiert sech flott un ! war emol zu Bastnach bei enger Fra dei Medium soll sin , Mee ech wees emmer mach net waat ech davun haalen soll!!
    Ob allefall glewen ech mei dodrun ! wei un den Kirschen , well daat sin alles Blouffen 😉

  6. Et sinn secher och vill Scharlataner ënnert deenen “Mediumen”!

  7. Sou geet et mir och nach emmer…ech realiséiren et réischt no an no…;-)

  8. Heinsdo muss een och mol perséinlech Geschichten veröffentlechen…fannen ech mol. Merci Jana sinn frou wann et dech beréiert huet <3!

Leave a Reply